Wéi all Joer ginn am Wanter d’Fuerpläng vun Zuch, Tram a Bus geännert. Meeschtens sinn et néideg Upassungen. Mee et gëtt awer och „Upassungen“, déi kee Mënsch versteet, wéi zu Esch/Uelzecht de changéierten Horaire vun der TICE-Linn 7 (Esch/Gare - Belval). Net nëmme sinn d’Stroossesäiten, wou d’Busser fortfueren, changéiert ginn, mee och de Verlaf.
11.02.2026