Forum vum Sophie Mangen a Georges Engel

De Wäert vun der Aarbecht: méi wéi nëmmen eng Fro vum Marché

An eiser moderner Gesellschaft gëtt d’Aarbecht virun allem duerch eng wirtschaftlech Lëns gekuckt. Kapitalistesch Krittäre wéi Produktivitéit, Rentabilitéit a Konkurrenzfäegkeet dominéieren d’Debatten. De Wäert vun der Aarbecht op déi finanziell Leeschtung ze reduzéieren, ass awer ze enk geduecht. Nieft dem wirtschaftleche Wäert gëtt et nämlech och e gesellschaftlechen an en individuelle Wäert vun der Aarbecht, an et ass un der Zäit, dës dräi Dimensiounen erëm an en Equiliber ze bréngen.

Fleegeberuffer als wirtschaftlich unterbewertete Beispiele, die Grundlage unseres Zusammenlebens bilden

Fleegeberuffer si Beispiller, déi wirtschaftlech ënnerbewäert sinn, an awer sinn se d’Fundament vun eisem Zesummeliewen Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

De wirtschaftleche Wäert vun der Aarbecht ass evident. Ouni Produktivitéit gëtt et keng wirtschaftlech Entwécklung, keng Innovatioun an och keng Aarbechtsplazen. Mee dës Logik stéisst un hir Grenze, wann et ëm Beruffer geet, déi zwar essentiel fir d’Gesellschaft, awer nëmme schwéier oder guer net profitabel kënne sinn. Fleeg, Erzéiung, kulturell oder sozial Aarbecht sinn esou Beispiller, déi wirtschaftlech ënnerbewäert sinn, an awer sinn se d’Fundament vun eisem Zesummeliewen. Hire gesellschaftleche Wäert ass enorm, well dës Aarbechte garantéieren, datt eis Gesellschaft funktionéiert. Si schafen Zesummenhalt, Solidaritéit a Stabilitéit.

Besser schaffen ass besser liewen

Zu den Auteuren

De Wäert vun der Aarbecht: méi wéi nëmmen eng Fro vum Marché
  • D’Sophie Mangen ass Vizepresidentin vun de Jonk Sozialisten a Co-Presidentin vun de Jonk Sozialisten Süden.
  • De Georges Engel ass Co-President vun der LSAP, Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister.

Initiativen an der Economie sociale et solidaire, déi Economie, déi net reng op de Profit ausgeriicht ass, an den Ateliers protégés an anere sozial Initiativen erlaben et doriwwer eraus, Mënschen, déi am regulären Aarbechtsmodell keng oder wéineg Chancen hunn, sech awer an d’Aarbechtswelt anzebréngen an hire Bäitrag zur Gesellschaft ze leeschten.

Dësen individuelle Wäert vun der Aarbecht, als Mëttel zur Selbstverwierklechung, als Méiglechkeet, seng Kompetenzen anzebréngen an en Impakt op d’Welt ronderëm sech ze hunn, muss onbedéngt gefërdert ginn. Well Aarbecht gëtt Sënn, Identitéit an Unerkennung, am Sënn vun der sozialistescher Iddi, datt de Mënsch sech duerch seng Aktivitéit kann emanzipéieren!

Wann d’Aarbecht esou zentral fir eist Liewen ass, da muss si och esou organiséiert ginn, datt si e gutt Liewen erméiglecht. Dobäi mussen d’Aarbechtsbedéngungen esou sinn, datt si der Stabilitéit vun de Betriber an dem Wuel vun de Mataarbechter gläichzäiteg déngt.

E besseren Equiliber tëscht dem Aarbechts- an dem private Liewen ass dofir essentiel. Mee et ass alles anescht ewéi einfach, Verbesserunge fir déi Leit, déi schaffen, ze erreechen. Besser Aarbechtskonditioune waren nach ëmmer d’Resultat vun enger gesellschaftlecher a politescher Ausernanersetzung. Historesch gesi sinn et riets a liberal Deputéiert, déi zënter jeehir probéieren, d’gesetzlech Reduktioun vun der Aarbechtszäit ze verhënneren, well se riskéiert, zu engem „Produktiounsréckgang, enger Verlängerung vun de Liwwerdelaien an zu méi Schwaarzaarbecht ze féieren“ (Romain Hilgert, d’Lëtzebuerger Land vom 24.7.2015, www.land.lu/page/article/416/8416/FRE/index.html).

Zënter jeehir sinn et duerfir déi lénks Kräften, mat virop Gewerkschaften an sozialistesch Parteien, déi sech fir d’Aarbechter asetzen. Well si kruten a kréien näischt geschenkt! Déi lescht gesetzlech Aarbechtszäitreduktiounen si 56 respektiv 51 Joer hir: 1970 ass déi gesetzlech 44-Stonnewoch an 1975 dunn déi gesetzlech 40-Stonnewoch agefouert ginn. An dat trotz der rasanter industrieller an digitaler Entwécklung a bal alle Beräicher, déi d’Produktivitéit an also de Benefiss vun der Aarbecht massiv an d’Luucht gedriwwen hunn a weider dreiwen.

Moossname wéi eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit op 38 Stonnen, eng sechst Woch Congé, den Ausbau vum Télétravail an e kloert Recht op d’Deconnexioun sinn duerfir batter néideg, fir sécherzestellen, datt d’Mënsche méi Zäit fir sech selwer, hir Famill an hir Fräizäit hunn.

Prekaritéit a Realitéit vun de Jonken um Aarbechtsmarché

Déi ëmmer méi grouss Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, net nëmmen an de Betriber, mee ënner anerem och wann et ëm Sonndesaarbecht an Ëffnungszäite geet, ass och eng Gefor fir de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Well ee gemeinsame fräien Dag an der Woch ass wichteg, fir d’Familljeliewen, fir de Benevolat, fir sozial Aktivitéite wéi Ekippesport, bei Kanner wéi bei Erwuessenen. Mir dierfen eist soziaalt Liewen, eise sozialen Zesummenhalt net um Altor vun der Liberaliséierung vun den Aarbechtskonditiounen afferen!

Besonnesch fir Jonker ass den aktuellen Aarbechtsmarché komplizéiert. Wou eng éischt Aarbecht fréier Synonym war fir Fräiheet an Onofhängegkeet, als Garantie fir eng sécher Zukunft gegollt huet, sinn et haut Onsécherheet a prekär Aarbechtskonditiounen, déi di Jonk belaaschten.

Dës Onsécherheet mécht et ze ville Jonken haut onméiglech, finanziell onofhängeg ze ginn, eng Wunneng ze fannen, mat anere Wierder: laangfristeg Liewenspläng ze maachen. An des Ängscht belaaschten déi Jonk och net eréischt bei der Aarbechtssich, mee schonns an hirer Schoulzäit oder wärend hirer Léier. Dobäi ass et esou wichteg, deene Jonken Zukunftsperspektiven ze bidden. Well och fir si ass Aarbecht net nëmmen e Mëttel, fir Suen ze verdéngen, mee e fundamentaalt Recht an eng Méiglechkeet, sech an der Gesellschaft erëmzefannen. Jidderee soll d’Chance hunn, eng Aarbecht ze maachen, déi Sënn mécht, déi et erlaabt, en Impakt ze hunn an Unerkennung ze kréien.

All Aarbecht huet hire Wäert

All Aarbecht huet hire Wäert, an duerfir gëllt et, och déi Aarbecht unzeerkennen, déi ze dacks onsichtbar bleift an net bezuelt gëtt: d’Care-Aarbecht. D’Plangen an d’Organiséiere vum Familljeliewen, d’Aarbecht am Stot, d’Erzéiung vun de Kanner oder nach d’Fleeg vu Familljemembere sinn e puer Beispiller vun der Care-Aarbecht, déi essentiel fir d’Gesellschaft ass a bal exklusiv vu Frae geleescht gëtt. Dës Aarbecht muss unerkannt ginn a méi gerecht verdeelt ginn!

Fir méi Gerechtegkeet an der Koppel kann een zum Beispill de Congé parental upassen. Wa béid Eltere verflicht sinn, e Mindestdeel vum Congé ze huelen, mat engem sozialen Ausgläich, féiert dat zu enger besserer Verdeelung vun der Care-Aarbecht an zu enger méi staarker Gläichstellung an der Koppel, doheem an op der Aarbecht.

Eng modern Aarbechtspolitik muss all dës Dimensioune berücksichtegen an dofir suergen, datt Aarbecht net nëmmen effizient, mee och gerecht a mënschlech organiséiert ass an Zukunftsperspektive bitt. An datt de Standuert Lëtzebuerg och weiderhin attraktiv bleift. Nëmmen esou kënne mir eng Gesellschaft schafen, an där net nëmme geschafft gëtt, fir ze liewen, mee och gelieft gëtt duerch d’Aarbecht.

Anmerkung

Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Forum von Guy Wagner

Das Verhältnis zwischen Wirtschaft und Börse ändert sich zunehmend

Forum de Jules Barthel

Cisjordanie et Jérusalem-Est – le front oublié de l’avenir palestinien

Forum von Gusty Graas

Welche Perspektiven für den Libanon?