LeserbriefLéiwer e Clown sinn, Här Grethen

Leserbrief / Léiwer e Clown sinn, Här Grethen
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

No där äusserst penibeler Pressekonferenz vum Här Schiltz wëll ech awer op dëser Plaz och nach mäin Degoût ausdrécken iwwert dem Här Grethen seng Aussoe am Tageblatt, ob et méi wichteg war, de Clown ze spillen oder Präsident vun den „Hospices civils“ ze sinn!

Majo, Här Grethen, ech well lech soen, datt mäi Bouf am Alter vu 15 Joer un engem béisaartege Knachekriibs, engem sougenannten Ewing-Sarkom, deen sech un senger Wirbelsail festgesat hat, erkrankt ass a bal zwee Joer an zwou verschidden Unisklinicken an Däitschland verbruecht huet.

Hien huet misse vill Bestralungen, Chemotherapien an Operatiounen iwwert sech ergoe loossen. Ech vergiessen dee Moment ni, wou ech bei him am Spidol am Zëmmer war, an et war erëm wierklech schlecht, well e grad erëm eng Chemo hannerun sech hat, wéi op eemol zwee Clownen an säin Zëmmer komm sinn, fir hien erëm bësschen opzemonteren, ech vergiessen ni säi Laachen an sengem Gesiicht, obwuel et him net gutt war. Fir ee Moment hat de Bouf seng schlëmm Krankheet vergiess. Bei deenen zwee Clownen huet et sech ëm eng pensionéiert Koppel gehandelt, déi dat benevole gemaach huet, fir de Kanner op der Kriibsstatioun e bëssche Liicht an hirem schwéieren Alldag ze bréngen, an ech hunn déiwe Respekt virun esou Leit wéi „Ile aux clowns“, déi dat maachen am Déngscht vu kranke Kanner oder och Erwuessenen.

Heimat wëll ech och nach dem Här Norbert Campagna Merci soe fir säi gudden a woueren Artikel „Chefclown in Sachen Argumentation“ am Tageblatt, dem Här Sven Clement, deen déi Impfdrängler beim Parquet denunzéiert huet, an dem Här Jeannot Waringo, deen och op dat Thema agaangen ass um RTL Radio a ganz gutt geschwat huet. Merci!

REDAKTIONELLER HINWEIS: In einem Interview mit Tom Haas hat sich Henri Grethen inzwischen für seine „flapsige Aussage“ entschuldigt: „Ich erkenne die Arbeit dieser Leute an, auch wenn ich mich nicht in diese Lage hineinversetzen kann.“

Aloyse
22. März 2021 - 21.31

Denn Hier Gretchen hued einfach vunn eisem Systeme profitiert,nett nee an nett manner.

jean-pierre goelff
20. März 2021 - 13.39

Huëlt den Mr.Grethen mat op den Mound an loosst hiën einfach do!

de spëtzbouf
19. März 2021 - 10.12

Die Clowns sorgen für Heiterkeit und bringen die Menschen zum lachen. Und lachen ist eine gute Medizin. Wir sollten froh und dankbar sein, dass es humorvolle Menschen gibt, die Fröhlichkeit in unseren allzu oft tristen Alltag bringen. Besonders in diesen Zeiten in denen es nur von unerträglichen Nachrichten und negativen Schlagzeilen so wimmelt. Die Humoristen bringen etwas Licht in die Finsternis.

Fern
19. März 2021 - 9.50

Just dei dei sollen ee Virbild fir d'Gesellachaft sinn hun Klaeglech bewissen dass sie just (z.b. duerch virdrecken bei der Impfung) un sech. Ass dat dat neit sozial verhaalen an dei nei Ethik vun persounen aus dem oeffentlechen Liewen? Duerch dei Aussoen dei sie dann nach machen beweisen sie jo nach dass sie emol keng schiimt hun an nach emmer iwert dem normalen Vollek stin.

de spëtzbouf
16. März 2021 - 18.29

Dass hien an traurege Clown ass, huet den Här Grethen bis ewell nach nët gemierkt. Dofir hölt hien sech vill ze eescht. A well hi sech fir sou wichtech hölt, huet hi sech och impfe gelooss ier ët u sengem Tour war. E Clown bréngt een zum laachen, den Här Grethen zum kräischen.

Spiggel
16. März 2021 - 9.31

Här Jung gleeft mer, dat gett leider och ennert den Desch gekiert bei all dei aaner Saachen dei onbequem sin. Dir wellt net wessen wat ennert deem Teppech leit. An klengen Frechdachs, dir hut vollkommen Recht. Mee ech well guer net dat en bei Kanner gelooss get, soss kreien dei nach Angscht virun den Clownen.

De klenge Frechdachs
16. März 2021 - 8.27

Di Ausso vum Grethen war einfach degueulasse a respektlos. Di Persoun (a vill anerer) mengen si wieren onersetzlech. Se fillen sech wichteg a mat esou Aktioune probéieren se hier lamentabel Existenz ze bestätegen. Se däerfen op kee Fall realiséiere wéi onwichteg se sinn, soss wäert eng Welt fir si zesummebriechen. Dee Moment wou se net méi do sinn, wäert kee se vermëssen, brauch ee just bei anere Politiker ze kucken. Dee Mann huet warscheinlech seelen e Laachen an d'Gesiicht vun engem Kand gezaubert. A si mir mol éierlech, de Kanner (sief et krank oder gesond) e bëssi Freed ze schenken an dësen Zäiten ass  méi wäert wéi mat der Panz sech an e Verwaltungsrot ze setzen a Chef ze spillen. 

jung luc
16. März 2021 - 8.13

Bravo fir dese Breif. Bravo Haer Campagna, bravo Haer Clement, bravo Tageblatt. Dir all hat de Courage fir d'Öffentlech ze informeieren. Ech hoffen dat vill Lëtzebuerger gesinn wei a wat hei zu Lëtzebuerg leeft.