Leserbrief

Léiwer e Clown sinn, Här Grethen

Léiwer e Clown sinn, Här Grethen

Foto: Pixabay

No där äusserst penibeler Pressekonferenz vum Här Schiltz wëll ech awer op dëser Plaz och nach mäin Degoût ausdrécken iwwert dem Här Grethen seng Aussoe am Tageblatt, ob et méi wichteg war, de Clown ze spillen oder Präsident vun den „Hospices civils“ ze sinn!

Majo, Här Grethen, ech well lech soen, datt mäi Bouf am Alter vu 15 Joer un engem béisaartege Knachekriibs, engem sougenannten Ewing-Sarkom, deen sech un senger Wirbelsail festgesat hat, erkrankt ass a bal zwee Joer an zwou verschidden Unisklinicken an Däitschland verbruecht huet.

Hien huet misse vill Bestralungen, Chemotherapien an Operatiounen iwwert sech ergoe loossen. Ech vergiessen dee Moment ni, wou ech bei him am Spidol am Zëmmer war, an et war erëm wierklech schlecht, well e grad erëm eng Chemo hannerun sech hat, wéi op eemol zwee Clownen an säin Zëmmer komm sinn, fir hien erëm bësschen opzemonteren, ech vergiessen ni säi Laachen an sengem Gesiicht, obwuel et him net gutt war. Fir ee Moment hat de Bouf seng schlëmm Krankheet vergiess. Bei deenen zwee Clownen huet et sech ëm eng pensionéiert Koppel gehandelt, déi dat benevole gemaach huet, fir de Kanner op der Kriibsstatioun e bëssche Liicht an hirem schwéieren Alldag ze bréngen, an ech hunn déiwe Respekt virun esou Leit wéi „Ile aux clowns“, déi dat maachen am Déngscht vu kranke Kanner oder och Erwuessenen.

Heimat wëll ech och nach dem Här Norbert Campagna Merci soe fir säi gudden a woueren Artikel „Chefclown in Sachen Argumentation“ am Tageblatt, dem Här Sven Clement, deen déi Impfdrängler beim Parquet denunzéiert huet, an dem Här Jeannot Waringo, deen och op dat Thema agaangen ass um RTL Radio a ganz gutt geschwat huet. Merci!

REDAKTIONELLER HINWEIS: In einem Interview mit Tom Haas hat sich Henri Grethen inzwischen für seine „flapsige Aussage“ entschuldigt: „Ich erkenne die Arbeit dieser Leute an, auch wenn ich mich nicht in diese Lage hineinversetzen kann.“

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Wer die Wahrheit fürchtet, verbietet Memorial

Leserforum

Galgenberg-Esch: öffentlicher Raum – unter Vorbehalt!

;