D’Buslinn 7 Esch/Gare - Maartplaz - Bibliothéik war jorelaang topp, bis et der Direktioun vum TICE, oder wéi béis Zonge behaapten, op Drock vun engem vun der Escher Gemeng (honi soit qui mal y pense!), am Januar 2026 agefall ass, hei eppes dorunner ze änneren! An dat zum Nodeel vun de Lallenger Leit, besonnesch den eelere Leit oder deenen, déi an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn.