Leserforum
TICE Linn 7 Esch/Gare-Lalleng, fréier an haut
Foto: Editpress/Alain Rischard
D’Buslinn 7 Esch/Gare - Maartplaz - Bibliothéik war jorelaang topp, bis et der Direktioun vum TICE, oder wéi béis Zonge behaapten, op Drock vun engem vun der Escher Gemeng (honi soit qui mal y pense!), am Januar 2026 agefall ass, hei eppes dorunner ze änneren! An dat zum Nodeel vun de Lallenger Leit, besonnesch den eelere Leit oder deenen, déi an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn. Konnt ee bis elo vun dem nächsten Arrêt aus innerhalb vu knapp zéng Minutte bequeem virun dem CHEM erausklammen (an dat war bis elo fir vill Leit de Fall!), mussen all déi Leit, déi ëstlech vun der Monnerecher Strooss wunnen, elo bis op de boulevard Hubert Clément trëppelen oder esouguer mat der Linn 7 fueren, fir do dee Bus ze huelen, dee vu Monnerech kënnt an en Arrêt beim CHEM huet.
D’Linn 7 zirkuléiert am 15-Minutten-Takt, de Monnerecher Bus kënnt awer nëmmen all hallef Stonn. Mat e wéineg Pech heescht dat fir déi Persoun, déi an d’Spidol fir eng Consultatioun muss, datt si am schlëmmste Fall maximal 30 Minutten op hire Bus waarde muss!
Fir al an/oder behënnert Leit ass dat eng Zoumuddung! Wat kënne si maachen, fir an de CHEM ze kommen? Et gi véier Méiglechkeeten: 1) Si huelen déi Plo mat dem Bus op sech a mussen ënnerwee ëmsteigen; 2) si ruffen en Taxi, dee si bei hirer Hausdier ofhëlt an da virum CHEM erausléisst (selbstverständlech ass dat alles anescht wéi gratis); 3) si ruffen eng gutt 30 Minutte virdrun de Flexibus vun der Stad Esch; 4) si loossen sech mat der Ambulanz dohinner féieren. Dat si jo genuch Méiglechkeeten, mee et muss een och bedenken, datt dës Problemer och fir den Heemwee nach eng Kéier optrieden!
Déi Leit, déi am Spidol schaffen an hiren Auto op dem Parking niewent dem ale Cactus parken, hunn déiselwecht Problemer, mat der Ausnam, datt si besser zu Fouss sinn ewéi al a behënnert Leit.
Dat weist ganz kloer, datt déi Ännerunge vun der Linn 7 méi Nodeeler wéi Virdeeler hunn!! Weem notzen se dann eppes? Vläicht bestëmmte Leit, déi an der Géigend vum CHEM wunnen a sech duerch de Busverkéier an hirer Strooss gestéiert gefillt hunn?
Dat hei ass jo net den éischte Bréif, deen un den TICE an un déi Escher Gemengeverantwortlech geriicht ass an ech géing mat all de Lallenger, déi sech déi al Linn 7 erëmwënschen (an dat ass déi ganz grouss Majoritéit!!!), déi Responsabel bieden, hir Decisioun nach eng Kéier ze iwwerdenken an de Leit entgéintzekommen. Eng falsch Decisioun ze huelen, ka jidderengem geschéien, dat zouzeginn an zréckzehuelen, brauch Courage an ass ee kloert Zeeche vu Gréisst!
Ech schreiwen net nëmmen a mengem eegenen Numm, mee am Numm vun all den Awunner, déi mat der aler Streckeféierung zefridde waren a sech froen, firwat de Lallenger Interesseveräin (sollt et en nach ginn!?) an dëser Saach näischt ënnerholl huet.