Anouschka Steioff, Assistante sociale vun der Fondation Autisme Luxembourg: „Soulaang déi betraffe Persoun sech selwer esou akzeptéiert, wéi si ass, kënne mir de ganze Recht ronderëm upassen.“ Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Heifir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.
15.04.2021