Forum vum Mélissa Antunes de Magalhaes a Yolande Koster-Kaiser

Zukunft vun der Aarbecht: Technologesche Fortschrëtt a mënschlech Sécherheet

D’Digitalisatioun verännert d’Aarbechtswelt haut schonn déifgräifend, an dëse Wandel wäert an de kommende Joren nach méi séier virugoen. Kënschtlech Intelligenz, automatiséiert Prozesser an digital Tools iwwerhuelen ëmmer méi Aufgaben, déi virdrun ausschliisslech vu Mënsche getätegt gi sinn. Kee Wonner also, datt vill Leit sech froen, ob de Mënsch an Zukunft nach gebraucht gëtt oder ob Maschinnen eis lues a lues ersetzen. Entscheedend wäert sinn, wéi Gesellschaft, Politik an Entreprisen dëse Wandel gestalten.

Zukunft vun der Aarbecht: Technologesche Fortschrëtt a mënschlech Sécherheet

Foto: dpa/Andrej Sokolow

Trotz dëse Suergen däerf een d’Chance vun der Digitalisatioun awer net aus den Ae verléieren. Schonn haut erliichteren digital Technologien den Aarbechtsalldag a ville Beräicher. Programmer analyséieren a Sekonnen eng Onmass un Daten. Roboter iwwerhuele kierperbelaschtent Aarbechten a KI-Systemer ënnerstëtze bei Iwwersetzungen, Diagnosen oder der Organisatioun vun Aarbechtsprozesser. Doduerch kann de Mënsch vill méi effizient schaffen a vill Zäit aspueren – Zäit, déi ee kann op anere Plazen asetzen. Besonnesch bei monotonen oder geféierlechen Aufgaben dréit d’Automatiséierung dozou bäi, d’Liewensqualitéit, d’Sécherheet an d’Gesondheet vun den Aarbechter ze verbesseren.

D’Autorinnen

Zukunft vun der Aarbecht: Technologesche Fortschrëtt a mënschlech Sécherheet

Foto: privat

D’Yolande Koster-Kaiser ass Member vun der LSAP-Parteileedung a Presidentin vun de Stater Sozialisten.

Ma domat verännert sech och d’Bedeitung vun der Aarbecht. De klassesche Beruff fir d’Liewe gëtt ëmmer méi rar. An Zukunft gëtt et normal, sech reegelméisseg weiderzebilden an nei Fäegkeeten ze entwéckelen. Digital Kompetenze ginn dobäi zu enger Grondviraussetzung a bal all Beruff. Weiderbildung, Ëmschoulung an eng berufflech Neiorientéierung ginn zu engem feste Bestanddeel vun der moderner Aarbechtswelt.

Ma d’Gefor besteet, datt net all Mënsche gläichermoosse vun dësem Wandel profitéiere kënnen. Leit ouni Zougang zu Bildung oder Weiderbildung riskéieren, den Uschloss ze verléieren an an e soziaalt Isolement ze falen.

Dobäi däerf awer net vergiess ginn, datt de Mënsch selwer weiderhin eng zentral Roll spillt a spille muss. Eegenschafte wéi Kreativitéit, Empathie, kritescht Denken an tëschemënschlech Kommunikatioun si schwéier duerch Maschinnen ze ersetzen. Beruffer wéi zum Beispill d’Fleeg, d’Bildung oder an der kreativer Branche wäerte weiderhi staark un dës mënschlech Kompetenzen ugewise sinn. Trotz dem digitale Wandel, deen dacks staark vum wirtschaftleche Gedanke gepräägt ass, bleift de Besoin u Mënschen an dëse Beräicher héich. Dës Beruffer dierfen dofir net a Vergiessenheet geroden a solle méi staark unerkannt ginn.

Vun der Digitaliséierung profitéiere virun allem Entreprisen, déi doduerch méi effikass a méi séier schaffe kennen. Mir als Verbraucher profitéieren natierlech och dovunner, zum Beispill duerch e séieren Zougang zu Informatiounen an neien technologesche Méiglechkeeten. Fir qualifizéiert Fachkräfte entstinn nei Beruffsfelder, zum Beispill am Beräich vun der Datenanalyse, der KI-Entwécklung oder der Cybersécherheet. Ma d’Gefor besteet, datt net all Mënsche gläichermoosse vun dësem Wandel profitéiere kënnen. Leit ouni Zougang zu Bildung oder Weiderbildung riskéieren, den Uschloss ze verléieren an an e soziaalt Isolement ze falen. Datt dës Entwécklung net nëmmen theoretesch ass, weist e rezent Beispill vun engem groussen Onlinehändler, deen ugekënnegt huet, weltwäit ronn 16.000 Aarbechtsplazen ofzebauen, ënner anerem am Kontext vum verstäerkten Asaz vu kënschtlecher Intelligenz. Betraff sinn haaptsächlech administrativ Beräicher wéi d’Cloud-Sparte oder de Retail. Dat weist, datt Digitaliséierung net nëmmen nei Méiglechkeete schaaft, mee och konkret Konsequenze fir den Aarbechtsmarché huet.

Fir dësen Entwécklungen entgéintzewierken, spillt d’Bildung eng wichteg Roll. Schoulen, Unien an Entreprisë mussen d’Mënschen optimal op déi digital Zukunft virbereeden. De Staat an d’Entreprisë musse Programmer fërderen, déi et all Salariéen erméiglechen, nei Kompetenzen ze erléieren. Weiderbildung dierf dobäi net e Privileeg fir e puer Wéineg sinn. Digitalisatioun dierf net zu déifgräifenden Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft féieren. Do muss d’Politik hir Verantwortung iwwerhuelen an dem entgéingtwierken.

Eng weider Méiglechkeet ass eng nei Verdeelung vun der Aarbechtszäit. Wa Maschinnen en Deel vun der Aarbecht iwwerhuelen, kéinten d’Mënschen zum Beispill manner Stonne schaffen, ouni grouss Akommesverloschter. Modeller wéi „4-Deeg-Woch“ oder „38-Stonne-Woch“ weisen haut schonn, datt Produktivitéit net onbedéngt vu méiglechst laangen Aarbechtszäiten ofhänkt. Natierlech léisst sech dat net an alle Beräicher ëmsetzen an et brauch grëndlech Analysen, fir erauszefannen, wat funktionéiert a wat net. Trotzdeem komme mir net laanscht en neit an innovatiivt Denken, wann et ëm d’Zukunft vun der Aarbecht an d’Gestaltung vun der Aarbechtszäit geet. Nëmmen esou kann d’Beschäftegung stabil bleiwen, d’Work-Life-Balance verbessert ginn an och de Benevolat an domat eist soziaalt Zesummeliewe gestäerkt ginn.

Ob Digitaliséierung elo éischter gutt oder éischter schlecht ass, sief dohigestallt. Et ass en Tool, deem seng Auswierkungen dovun ofhänken, wéi de Mënsch domat ëmgeet.

De Staat kënnt dofir net derlaanscht, d’Digitalisatioun, och an der Aarbechtswelt, kloer ze regulariséieren. An dësem Kontext kann een zum Beispill vun enger sougenannter Robotersteier schwätzen. D’Iddi dohannert ass, Entreprisen ze besteieren, déi mënschlech Aarbechtskräften duerch Maschinnen oder KI ersetzen. Dës Recettë kéinte genotzt ginn, fir Weiderbildung, sozial Versécherungen, Pensiounen oder nei Aarbechtsplazen ze finanzéieren. Sou kann den technologesche Fortschrëtt vill méi gerecht gestalt a gehandhaabt ginn, ouni awer d’Innovatioun auszebremsen.

Doriwwer eraus kann Digitaliséierung nei Forme vun Aarbecht schafen, déi mir haut nach guer net kennen. Historesch gesinn hunn technologesch Revolutiounen ëmmer rëm verschidde Beruffer verdrängt, ma gläichzäiteg awer och nei Tätegkeeten geschafen. Och haut entstinn esou nei Forme vun Aarbecht, déi mir virun e puer Joer nach net kannt hunn, zum Beispill am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz, der Plattformwirtschaft oder der digitaler Sécherheet. Déi gréisst Erausfuerderung bleift also, dësen Iwwergang sozial gerecht ze gestalten.

Ob Digitaliséierung elo éischter gutt oder éischter schlecht ass, sief dohigestallt. Et ass en Tool, deem seng Auswierkungen dovun ofhänken, wéi de Mënsch domat ëmgeet. Wann de wirtschaftleche Gewënn eleng am Mëttelpunkt steet, huele sozial Problemer an Ongerechtegkeete sécher zou. Ginn déi nei Technologien awer genëtzt, fir d’Aarbecht méi mënschlesch, méi flexibel a méi gerecht ze maachen, kann dat fir ganz vill Léit néi Opportunitéite bréngen.

D’Zukunft vun der Aarbechtswelt gëtt dofir net nëmme vu Maschinne bestëmmt, mee virun allem vun den Entscheedunge vun der Gesellschaft. Digitaliséierung heescht net, de Mënsch ze ersetzen, mee hien ze ënnerstëtzen. A fir datt dat geléngt, brauch et Verantwortung vun Entreprisen, politesch Reegelen a Gesetzer an eng Gesellschaft, déi bereet ass, nei Weeër ze denken. Just esou kann eng Aarbechtswelt entstoen, déi den technologesche Fortschrëtt an de Mënsch matenee vereenen.

Anmerkung

Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Forum

Hommage à Edgar Morin: un penseur dans le siècle