Leserforum
Quo vadis 2026
Aus England kommen eis d’Nouvellen, datt d’Bank Barclay’s plangt, bis Enn Joer 5.000 Aarbechtsplaze KI-bedéngt ze sträichen. Dëst ass just ee Beispill vu villen, a warscheinlech nëmmen den Ufank vun enger ganz grousser Automatiséirungswell, vun där besonnesch Lëtzebuerg net verschount bleiwe wäert. Dëst stellt souwuel ethesch wéi och sozioekonomesch Froen. Well do, wou d’generativ KI grousse Wuesstum versprécht, wäert deen héchstwarscheinlech sech net um Aarbechtsmarché mee un de Bourse ausdrécken. An dat ass héichproblematesch, well am Kapitalismus war de gréisste Redistributiounsmechanismus net de Sozialstaat, mee den Emploi. An deen ass grad drun, dropzegoen.
Lo hunn „si“ eis ëmmer verzielt, bei der Croissance géing et drëm goen, fir eis nei Jobs ze verschafen. Dobäi goung et nëmmen niewesächlech dorëms: An engem kapitalistesche System geet et un éischter Stell drëm, „Fric ze maachen“. A fir däers e bëssi méi ze maachen, hunn si eis all mat Scholden ofhängeg gemaach an eis d’Mär vun der Croissance verkaf. Si hunn sech e Boot kaf, eis all dra gesat a sinn du lassgefuer. Och wa mer iergendwann aus dem Maschinneraum an d’Touristenkabinn komm sinn, krute mer dat just fir datt mer net d’Boot enteren an zréck an den Hafe fueren (i.e. fir der Aarbechterschaft d’Loft aus hire kommunistesche Gespenster rauszehuelen).
Den Trump versprécht lo all Amerikaner 5.000 €, wann si d’Republikaner lo an de Midterms wielen. Dat ass bal pervers – net well en d’Wieler ze bestieche versprécht. Mee well fir hien op senge Milliarden dat Peanuts sinn an en all Kéiers, wou en dat seet, sech als Humanist duerstellt, mee a Wierklechkeet d’Leit rabaisséiert: Well si sech fir eppes begeeschtere kënnen, wat fir hie knapps Grimmele sinn. An all Mënsch, deen sech fir déi Ziffer begeeschtere kann, fir hien net méi wäert wéi di Grimmel ass.
An all dat, wat se eis verspriechen: eng Croissance ouni Enn, d’Heelung vu Kriibs, nei Jobben, eng Léisung vum Klimawandel. Hypotheetesch iergendwann. De Witz dobäi ass, datt mer Léisunge géint de Klimawandel kennen, woubäi di radikaalsten a warscheinlech effektiivsten d’Decroissance mat enger reeller Redistributioun vun de Richesse wär. An och wann di versprache Léisung vum Klimawandel potentiell vläit iergendwann mol komme kéint, maachen se elo mol genee de Géigendeel, nämlech de Klimawandel undreiwen. An dat ass sécher – dat anert ass just eng Méiglechkeet.
Datt eng Croissance ouni Präis kënnt, ass eng Mär. An datt déi ouni Käschten ofleeft, och. Wat nämlech stattfënnt, ass warscheinlech dee gréissten Transfert de Richesses, dee jee stattfonnt huet. Schlëmmer als dee vun 2008. Well mir ginn all beklaut an eis Assets ginn deplacéiert an d’Täsche vun deenejéinegen, dinn de KI-Hype de Moment wéi effrenéiert undreiwen. An deenen ass dat komplett wurscht, ob mir all dobäi dropginn. Wat vläit souguer besser wier – well dann hätt sech de Probleem vun der Redistributioun erübregt.