Forum vum David Angel
„Ni méi Faschismus, ni méi Krich“
Den David Angel huet wärend der Streikgedenkfeier vum 31. August 2026 zu Esch/Uelzecht follgend Wierder un d‘Ëffentlechkeet geriicht.
Gedenkfeier zu Esch/Uelzecht zum Generalstreik vum 31. August 1942 Foto: Editpress/Didier Sylvestre
84 Joer sinn et hir, dass, ausgoend vu Wolz, wou d’Aarbechter vun der Liederfabrick Ideal d’Aarbecht néiergeluecht hunn, sech e Streik am Land ausgebreet huet, dee séier zum gréissten Akt vu kollektivem Widderstand géint den Naziokkupant sollt ginn. Queesch duerch d’Land sinn Aarbechter, Beamten, Bréifdréier, Eisebunner a Léierpersounen an de Streik getrueden, Schülerinnen a Schüler hu refuséiert, an d’Schoul ze goen, Buttiker sinn zoubliwwen, Zich si stoe bliwwen a Fabricke stounge stëll. Zu Schëffleng war et en däitschen Aarbechter, den Hans Adam, deen d’Wierkssiren op der Schmelz getätegt – an domat de Streik ausgeruff huet.
Zur Person
Foto: Editpress/Didier Sylvestre
Den David Angel ass Member vum Comité exécutif vum OGBL a Generalsekretär vun der Union des syndicats.
Honnerte vu schaffende Leit hunn iwwerall am Land, a virun allem hei am Minett, géint déi den 30. August vum Gauleiter Simon dekretéiert Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jonge protestéiert.
21 sougenannte Rädelsführer goufen doropshi vum däitschen Okkupant higeriicht, 125 Leit goufen zu Prisongsstrofe verurteelt, a bis zu 800 Mënsche sinn am KZ – meeschtens am Sonderlager Hinzert – gelant.
Et war net nëmmen dee gréisste kollektiven Akt vu Widderstand géint déi faschistesch Barbarei, deen hei am Land stattfonnt huet, et war och en Akt vun ausseruerdentlechem Courage, ee vun deene Momenter an der Geschicht, an deem et einfach Leit, schaffend Leit waren, déi hiert Schicksal an de Grapp geholl hunn an de Laf vun de Saachen net einfach higeholl hunn.
D’Gefor kënnt zeréck
All Joer gedenke mer deenen Ermuerdeten, de Streikenden, an hirem Courage, a Veranstaltunge queesch duerch d’Land, an all Joer erënnere mer eis un d’Graue vu Faschismus, Krich an Okkupatioun.
Haut, 84 Joer méi spéit, manner wéi eng Woch virun der Landtagswahl a Sachsen-Anhalt, wou eng faschistesch Partei riskéiert, déi absolut Majoritéit ze kréien, an nëmmen e puer Méint virun de Presidentiellen a Frankräich, wou d’Faschisten och bescht Chancen op Erfolleg hunn, soll d’Affer vun deenen 21 Ermuerdete vun 1942 eis ëmsou méi ermanen.
„Der Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch“, sot de Bertolt Brecht, a joerzéngtelaang huet een dat zwar abstrakt konnten novollzéien, mee d’Realitéit huet oft eng aner Sprooch geschwat.
Haut ass dat anescht. D’Nokrichsuerdnung, mat där och d’Hoffnung verbonne war, dass sou eppes ni méi kéint geschéien, zerfält, déi Gesellschaften, déi oft op Basis vun de Programmer vun der Resistenz opgebaut goufen, goufe gréisstendeels zerschloen, all Forme vu kollektivem Geescht, vu gesellschaftlecher Solidaritéit goufen als Schnéi vu gëschter ofgestempelt an zerschloen, an de Schouss ass sou fruchtbar wéi ni virdrun.
D’Inegalitéite sinn op engem Niveau, op deem se säit dem 2. Weltkrich net méi waren, d’Liewenserwaardung hëlt iwwerall an Europa of, grouss Deeler vun eise westleche Gesellschafte si materiell ofgehaangen. Iwwerall hunn neoliberal Politiken d’sozial Sécherungssystemer zerschloen, alles, wat ëffentlech Proprietéit war, verschierbelt a kollektiv gesellschaftlech Schutzmechanismen ofgebaut. Grouss Deeler vun eise Länner si mëttlerweil Wüsten, wat ëffentlech Déngschtleeschtungen, medezinesch Versuergung a kulturellt Liewen ugeet – grad op Plaze wéi Sachsen-Anhalt oder hei vir a Frankräich, wou den RN sou staark ass.
De Siegeszuch vum westleche Kapitalismus a seng wëlleg Vollstrecker hunn all nach sou klenge Liewensberäich enger äiskaler Profitlogik ënnerworf. Eisen ëffentleche Raum gouf zu engem Public-private partnership, eis Duerfcaféen hu mussen zoumaachen, well se net méi profitabel genuch waren, eis Schoulen an Universitéite goufen zu neoliberale Konformitéitsfabricken, eis Kultur gouf u Sponsoren a Konsortie verkaf.
Oprëschtung ouni Enn
Dee fruchtbare Schouss, aus deem déi faschistesch Barbarei gekroch ass d’Vereenzelung an d’Keelt vum Kapitalismus, an deem jidderee just nach no sech muss kucken, an an deem et keng Plaz méi soll gi fir Solidaritéit a kollektiivt Gedankegutt.
Et ass d’Militariséierung vun eise Gesellschaften, an deenen d’Mënschen nees ab dem Kandesalter militärescht Gedankegutt agefléisst solle kréien, et ass Oprëschtung ouni Enn, et ass Militarismus mat liberalem a weltoppenem Ustréch – a Panzeren op Euroschäiner.
Et ass eng Gesellschaft, déi hire Kanner a Jugendleche beschtefalls nach eng Carrière an der Arméi an de méiglechen Dout um Schluechtfeld ze bidden huet, déi d’Käpp prett fir de Faschismus mécht.
De Faschismus fänkt net bei Zwangsrekrutéierung a Konzentratiounslageren un. E fänkt do un, wou déi reaktionäersten Deeler vum Grousskapital mat den autoritäersten an intolerantste politesche Kräfte paktéieren, fir hir Interessen ze sécheren. E fänkt do un, wou, wéi grad a Frankräich ze beobachten, grouss Deeler vum Patronat dem Rietsextremismus den Teppech ausrullen, fir eng fortschrëttlech Regierung ze verhënneren.
„Plutôt Hitler que le Front populaire“ war an den 30er-Joren eng Parole vum franséische Patronat – an och haut ass genau déi Tendenz erëm ze gesinn.
E fänkt do un, wou Milliardäre Pressegruppen opkafen, fir rietsextreemt Gedankegutt ze verbreeden. Wou konservativ a liberal Parteien deene Rietsen hir Themen an hir Léisungen iwwerhuelen, fir ze punkten. Do, wou net méi iwwer soziale Fortschrëtt, mee just nach iwwer Kulturkampf a „Law and Order“ geschwat gëtt. Do, wou de guttbiergerleche Kostüm géint déi kugelsécher West getosch gëtt, fir Juegd op déi Marginaliséiert ze maachen.
Déi 21 Kolleegen, déi 1942 vum Nazi-Okkupant ermuert goufen, sinn am Kampf géint Faschismus a Besatzung gestuerwen.
Mee si sinn och am Kampf fir eng aner, eng besser Gesellschaft gestuerwen. Et waren an eise westeuropäesche Gesellschaften oft ehemoleg Resistenzler, déi d’Nokrichsgesellschaften opgebaut hunn. Déi d’Sécurité sociale agefouert hunn. Déi eng ëffentlech solidaresch Gesondheetsversuergung, en ëffentlech solidaresche Pensiounssystem opgebaut hunn. Déi dofir gesuergt hunn, dass grouss, strategesch Deeler vun der Wirtschaft verstaatlecht goufen. Déi d’Gewerkschaften, wéi mer se haut kennen, nei gegrënnt hunn. Déi eise Sozialmodell, eise Sozialstaat opgebaut hunn.
Déi sech fir eng friddlech Weltuerdnung, fir Vëlkerrecht an international Kooperatioun staark gemaach hunn, déi d’Asylrecht mat Liewe gefëllt hunn.
Well se de Schwur vun den Iwwerliewende vu Buchenwald am Kapp haten „Ni méi Faschismus, ni méi Krich“.
Hoffnung op eng Welt ouni Krich
Well se wossten, dass de Schouss, aus deem dat kroch, dee vun der entfesselter kapitalistescher Profitlogik a vum ongehemmte Militarismus war. Well se wossten, dass dat Schrecklechst ëmmer méiglech ass, an dass een, wann een dat Schrecklechst well verhënneren, muss Hoffnung schaffen. Hoffnung op eng besser Zukunft, op eng Gesellschaft, an där mer a Fridden an an dezentem Wuelstand kënnen zesumme liewen. Hoffnung op eng Welt ouni Krich an Zerstéierung, ouni politesch Verfollgung an Tyrannei.
Loosst eis haut, 84 Joer méi spéit, genau dee Gedanke mathuelen. Et geet net duer, sech schockéiert iwwert de Rietsruck an Däitschland, Frankräich an, wee weess, vläicht geschwënn och hei, ze weisen.
Ween et eescht mengt, muss dem Faschismus eppes entgéintsetzen: Solidaritéit amplaz Vereenzelung, soziale Fortschrëtt amplaz neoliberal Zerstéierung, Fridden an international Kooperatioun amplaz Militarismus an Oprëschtung.
Näischt ass verluer, an de Kampf geet grad réischt un.
Gëschter wéi haut
Ni méi Faschismus
Ni méi Krich
Fir Solidaritéit, Demokratie a soziale Fortschrëtt!
Anmerkung
Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.