Leserforum
E puer Gedanken nom Ofschloss vun de Rapatriementer betreffend eng Partie Lëtzebuerger aus dem Noen Osten
E puer Gedanken nom Ofschloss vun de Rapatriementer betreffend eng Partie Lëtzebuerger aus dem Noen Osten: Nodeems di ganz Rapatriementer plus ou moins ofgeschloss sinn (op mannst am Moment, wéi et schéint), hunn ech mer geduecht, dass et jo och eppes „Guddes“ kéint gehat hunn. Et gëtt jo bal näischt méi Schlëmmes, wéi Angscht ëm seng Allerléifsten ze hunn, déi engem nostinn.
Ma vläit huet dat Ganzt jo dozou bäigedroen, dass mer all déi Leit elo (nach) besser verstinn, déi sou eppes all Dag musse matmaachen, Leit, déi sech déi Suergen, déi mir „just“ e puer Deeg haten, wärend Méint oder Jore permanent musse maachen! Dat wëlle mer eis mol guer net virstellen, oder? Ma da komm mir hunn awer op mannst déi néideg Empathie an e Minimum u Matgefill mat deene Leit, déi flüchte mussen, déi sech verstoppe mussen, déi a Krichsgebidder ausharre mussen, deenen hir Famille gespléckt goufen, déi, déi sech heiansdo Méint net gesinn, ouni genee ze wëssen, wat mat deem anere lass ass, heiansdo no laangem Kontakt-Ofbroch (well zum Beispill iergend eng Leitung, Stroumnetz asw. zesummegebrach ass) am Ongewëssen ze sinn, spréch ob hir Léifsten iwwerhaapt nach liewen! Dat ass eng charge mentale, déi mer eis guer net wëlle virstellen – net esou a scho guer net am Alldag! Mir hunn eng eemoleg Chance hei, dass et eis diesbezüglech sou gutt geet an dass WANN et mol eng Kéier Problemer gëtt wéi lo rezent, mir d’Moyenen opbréngen (kënnen), fir deem Iwwel méi oder wéineger séier en Enn ze setzen!
(Op dëser Plaz och e grousse Merci un all Persoun, déi zu deem Succès bäigedroen huet.)
Loosst eis och dofir méi bewosst liewen a genéissen – zumools an dësen onsécheren Zäiten – a gläichzäiteg awer och iwwert den Tellerrand kucken a méi Matgefill a Solidaritéit mat all deenen (leider ville) Mënsche weisen, déi net déi selwecht Chance hu wéi mir! Mee realiséiere mer iwwerhaapt, wéi „lucky“ mir an där Hinsicht sinn? Well leider ass et jo oft esou: Jee méi een huet, desto manner brauch een, fir onzefridden ze sinn, oder? A méditer ...