Leserforum

Vëlos- an Trottinetten-Fuerer

Vëlos- an Trottinetten-Fuerer

Foto: Klaus-Dietmar Gabbert/dpa-Zentralbild/dpa

Sou wéi dee Vëlosfuerer zu Zolwer an d’Bushaische gerannt ass, wonnert een sech, datt net nach méi sou Accidenter geschéien. Abrupt ofbéien op riichter Streck an ze schnell ënnerwee. Eis war vrun e puer Deeg Änleches geschitt. Awer mat Trottinetten. Déi sinn zu Esch vun der Groussstrooss-Schoul hierkomm. Abrupt, ouni riets a lénks ze kucken, beim Pitcher erof an d’Avenue gerannt. Mir hu misse bremsen. D’Leit um Trottoir hunn de Kapp gerëselt. Wann nach een Auto vum Scala hierkomm wär, weess ech net, wéi et ausgaange wär. Si rennen all einfach drop lass, ouni mol eng Anung vum Code de la Route ze hunn.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Ein Plädoyer für den Pazifismus