Leserforum

E kloere Widdersproch an der Landwirtschafts- an Energiepolitik

„Energie gehéiert op Diecher, net op Felder. „

„Energie gehéiert op Diecher, net op Felder. „ Foto: Karl-Josef Hildenbrand/dpa

Wéi kann et sinn, datt mir zu Lëtzebuerg ëmmer méi Liewensmëttel importéieren, wärend eis eege landwirtschaftlech Flächen ëmmer méi fir Energieprojete genotzt ginn?

Mir schwätzen dauernd vun Nohaltegkeet a Klimaschutz – akzeptéieren awer, datt Uebst a Geméis iwwer laang Distanzen transportéiert ginn, wärend eis eege Felder net konsequent fir d’Ernärung genotzt ginn. Dat ass kee Fortschrëtt, dat ass e klore Widdersproch.

Dobäi läit d’Léisung op der Hand: Energie gehéiert op Diecher, net op Felder. Landwirtschaftlech Fläche sollten an éischter Linn der Liewensmëttelproduktioun déngen – net als Ersatzfläch fir Energiepolitik. Wa mir wierklech méi onofhängeg wëlle ginn, da musse mir endlech kloer Prioritéite setzen: méi regional Liewensmëttel amplaz Importer an Energie do produzéieren, wou scho Plaz do ass.

Alles anescht ass schwéier ze erklären.

1 Kommentare
Upps 31.03.202615:04 Uhr

"iwwer laang Distanzen transportéiert ginn, wärend eis eege Felder net konsequent fir d’Ernärung genotzt ginn. " Tja Herr Hollemans
Energiepanels statt Felder und Windräder statt Wald und Leistung nur bei Sonnenschein und Wind. Wird nicht langen für 1000 000 Einwohner.Der Import von Lebensmitteln wird durch Mercosur gesichert denn auch die Plastikstädte in Spanien werden bald dicht machen.Die haben nämlich bald nur noch versalztes Grundwasser weil die Tomaten 13 Liter(pro Tomate) verbrauchen. Wir haben nun einmal wenig Platz im Ländchen.2700 Km2 sind nichts.Davon wieviel Anbaufläche für Landwirtschaft?
Vor dem Ukrainekrieg bauten unsere Bauern in Europa Raps und Mais an,nicht zum Essen sondern für den Tank. Das ist jetzt mit dem Irankrieg wieder aktuell.Wir müssen uns entscheiden:Wollen wir essen oder Auto fahren. Wenn der Saft aus der Steckdose fehlt ist E-Auto nicht mehr so lustig.Trinkwasser aus der Mosel? "D'Lompe sténken, also weider sou."

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Infiltration de l’IA

Leserforum

Steiererklärung: Firwat geet et op eemol nees zréck op Pabeier?

Leserforum

Noheet ass net de Problem, falsch Grenzen sinn et …