Mi., 29. November 2023




  1. Daniel Oliveira Carneiro /

    Hoffentlech sen mer bis 2031 kee steierparadies mei, dann hu leit och mol serieux problemer a schreiwe keng sou borneiert lieserbreiwer (oder editorials) mei 🙂

  2. Blücher /

    „Ech och!“ D’tolerant an fortschrettlech Gesellschafft , d‘Politik verpasst en Maulkueref an eng nei totalitäer Gesellschaft ass um Wee. „ Der uniforme Mensch ist geboren.“

  3. Leila /

    Alle Daumen hoch! War bestimmt nicht ganz so einfach zu schreiben – mit all den Satzzeichen…

  4. Grimpert /

    Wéi kennt net dat bekannte Wierk vum Michel Rodange, de „Renert oder de Wollef am Frack an a Maansgréisst“?

  5. Realist /

    Ja, schon recht witzig. Nur fürchte ich, dass uns das Lachen über solche Dinge sehr bald im Halse stecken bleiben wird. Und es wird garantiert nicht bis 2031 dauern.

  6. Max /

    Wann dei Persounen dei dessen Lieserbreif geschriwen hun nemmen hallef sou clever wiren, wei sie daat mengen, dann wiren sie sech beswosst, dass et bei der ‚Capitani-Casting Affair‘ net em Realismus geet. Natirlech sin dei meeschten Drogendealer ob der Gare afrikanesch. Mee daat spillt jo keng Roll, well Capitani keng Dokumentatioun ass, dei d’Welt esou weisst ewei se ass, mee eng Fiktioun, wou eng Welt créeiert gett.

    An daat heescht ganz konkret dass d’Filmemacher dei sin dei decideieren, wien virun der Kamera steet, an (nach mei wichteg): wien net. An der 1ster Saison gouff et keen een Ausläner ze gesinn. Daat ass och ob engem klengen Duerf net realistesch. Am Superjhemp (vum nämlechten Produzent an Scénarist) wor daat och den Fall, an nach mei frappant, well den Film an der Stadt spillt. Wou weg ass dei ahner Hallschend vun eiser Bevölkerung?

    Wann een en kloren Choix mecht, nemmen Letzeboier ze weisen (d’ADR seet merci), dann soll een daat och duerchzeihen an Letzteboier an all Rollen casten, och dei dei manner flattant sin, wei d’Drogendealer. Well dann verhennert een ob mannst, dass, niewend deem reaktionären Bild vun Letzebuerg daat duerch Capitani an Superjhemp véhiculeiert gett, och nach zousätzlech negativ Stereotypen iwert verschidden auslänesch Bevölkerungsgruppen perpetuéiert gin.

  7. De soziale Fred /

    Super a flotten Artikel!
    Just trauresch dass esou d’Realitéit as…….

  8. Blücher /

    @Max: Do bleiwt dem Superjhemp den Kachkéis am Hals stiechen, hien äeren Kommentar liest .

  9. Realist /

    @Max: Beim Inspector Barnaby gesäit een an der Regel och nëmmen skurril typpesch-britesch Figuren mat Landrover a Barbour-Jackett, déi an aalen Haiser mat schéine Gäert wunnen. Inder, Sikhs, Pakistaner, Jamaikaner an aner ethnesch Gruppen, déi an England a verschidden Uertschaften souguer d’Majoritéit stellen, kommen käum vir. Ass déi Serie dofir „reaktionär“?
    Vläit hutt Dir et nach net matkritt: Filmer wéi „Capitani“ oder „Super-Jhemp“ sinn Fiktiounen a spillen – vum Auteur gewollt a vum Zuschauer gewënscht – mat Klischee’en. Si spijhelen also net d’Realitéit an alle Beräicher zu 100% erëm. Trotzdem kënnt Dir roueg dovun äusgoën, dass jiddereen weess, dass d’Realitéit eng aner ass.
    Awer vläit ass genee dëst jo och de Reiz u Produkter wéi „Capitani“, „Midsummer Murders“ oder souguer dem Super-Jhemp-Film. Si weisen eng Zort iwwerspëtzte Versioun vun der Realitéit, wou de normale Bierger fir eng Stënnchen intellektuell vum polit-iwwerkorrekten Alldag verschnaufe kann a net all 5 Minuten de moralesche Fanger gewise kritt, well alt rëm dës oder déi Minoritéit diskriminéiert gëtt. De gängegen „Tatort“ zB ass jo, wat dat ugeet, heiansdo käum nach ze kucken, well ëmmer méi oft „Volkserziehung“, mam „Hausmeister“ deen ëmmer e Nazi ass an der jonker Polizistin, déi selbstverständlech en Anti-AfD-Autocollant um PC huet.
    Zu Äerem Schlagwuert vum „negative Stereotyp“ bei „Capitani“: Trotz „migratiounstypeschem“ Casting wor de Mäerder an der 1. Staffel jo awer de „béise“ Lëtzebuerger, wann ech dat richteg verstinn. Ech versiche mer d’Gejäitz virzestellen, wann mol eng Kéier de ganz normale Matbierger mat Migratiounshanngergrond de Béise wier…

  10. Max /

    @Realist Capitani an Superjhemp: den leschten Zufluchtsort vun den waissen Letzeboier dei an der multikultureller Realiteit net mei eens gin?

  11. Max /

    Et schockéiert mech, dass d’Tageblatt esou e reaktionären Text publizéiert. Gëtt et do keng Redaktioun déi nach eng Kéier driwwer kuckt op en dës Positioun wierklech verbreede wëll.
    Dësen Artikel hätt genee esou gutt aus dem Parteiheft vun enger AFD oder ADR stame kënnen. E sprécht einfach reaktionär Reflexer un, wéi och verschidde Kommentarer hei weisen, fir sech net ze déif mat der Thematik vu Rassismus, Sexismus an der Noutwendegkeet fir ze Gendere ausernaner sëtzen ze mussen andems en sech lëschteg mécht iwwer déi betraffe Leit.

  12. MiMiMi /

    Max: Zu Hülf, Redaktion. Da ist jemand anderer Meinung als ich und kommt auch noch witzig rüber. Bitte sofort löschen! Humor ist Hass! 🙂
    Nichts ist lustiger anzuschauen als Social-Justice-Warriors, die auf einmal mit der Realität konfrontiert werden, in der es nun mal leider (noch) keine erzwungene Einheitsmeinung gibt.

  13. Gardner /

    @Max: „An der 1ster Saison gouff et keen een Ausläner ze gesinn. Daat ass och ob engem klengen Duerf net realistesch.“

    D’Brigitte Urhausen, eng bekannt an talentéiert lëtzebuerger Actrice, wor an 9/12 Episoden als ‚Carla Pereira‘ ze gesin.
    https://www.imdb.com/title/tt10483610/fullcredits?ref_=tt_cl_sm#cast

    Fakten checken a w.e.g. keng Onwouhrechten an d’Welt setzen (an dann no Zensur jäizen wann een eppes liest wat engem net passt).

  14. Pol /

    @Gardner Komesch dass dir d’Carla Pereira als Auslännerin betruecht, obwuel se vun enger lëtzebuerger Schauspillerin gespillt gëtt. Et gin vill Lëtzebuerger/innen déi auslännesch Nimm droen.

  15. Gardner /

    @Pol Dir hutt natierlech Recht, ech hat ganz vergiess dee fiktive Personnage no séngem Acte de Naissance ze froen… Pfff…

    P.S. Am ‚Godfather‘ hun ech de Vito Corleone als Sizilianer/Italo-Amerikaner betruecht, obwuel heen vun engem Amerikaner mat däitschen/briteschen/ireschen/holläneschen Originen gespillt gin as… Fannt Dir dat dann elo och ‚komesch‘?

    Herrje, wat eng Diskussioun wat keng as!

  16. Norbert Campagna /

    Wonnerbar. Deijeineg dei universalistesch Ideen an universell Werter verteidegen ginn als AfD Unhaenger ugesinn, an deijeineg dei dei eng unifieiert Menschheet an separat Gruppen andeelen gesinn sech als fortschrettlech. Eis Welt dreint wierklech op der Kopp.

  17. de Schéifermisch /

    Nee, wat si mer op eemol sou sensibel an empathesch! Mir stolperen iwwer Klengechkeeten a verléieren dat Wesentlecht aus den Aen. D’Ongerechtegkeet, de Misär, d’Gewalt, den Honger an den Aarmut op der Welt -déi 25.000 onschölleg Kanner déi Dag fir Dag den Hongerdout stierwen- dat alles leeft lanscht eis wéi Waasser. Awer de “ Capitani “ , mat allem Drëmandrun , gët zu engem Rieseproblem héichgespillt.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos