D’Pandemie an de Buchsecteur„Duebel geféckt“: D’Situatioun vun der Luxemburgensia wärend an nom Lockdown

D’Pandemie an de Buchsecteur / „Duebel geféckt“: D’Situatioun vun der Luxemburgensia wärend an nom Lockdown
Op d’Frankfurter Buchmesse, op där Lëtzebuerg zanter zwee Joer nees e Stand huet, dëst Joer stattfënnt, ass nach ongewëss Foto: Editpress/Anne Lommel

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Géigesaz zu Kultursecteuren, bei deenen d’Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt steet, kéint ee mengen, de Marché vum Buch wier manner schro vun der Pandemie betraff: D’Buchliese war nach ëmmer eng Zort Panegyrikus vum Elengsinn. Mä wann d’Bichergeschäfter an d’Verlagshaiser zou an (inter)national Salon’en ofgesot ginn, huet dat och ganz konkret Repercussiounen op de Mikrokosmos vun der Luxemburgensia.

Am Oktober 2019 war ech vun den Editions Guy Binsfeld agelueden, am Café vum Verlagshaus ze liesen. Op engem Sonndegmoien, am Kader vun de „Crémant-Mélange“-Lies-Matinée’en. Ech duecht nach, dass dat Ganzt eng relativ komesch Iddi wier. Wie steet scho sonndesmoies fräiwëlleg op, fir sech um 11 Auer komplizéiert Literatur-Extrait’en unzelauschteren? A wie wëll dann och nach Crémant drénken, wann e samschdesowes lompe war (Auteure gi prinzipiell, wann een di lescht aacht Woche ausklamert, samschdesowes lompen)? Kléngt vläicht net ganz no enger Schnaps-Iddi, mä vläicht eben no enger Crémants-Iddi.

Gelies hunn ech mam Angela Lehner, wat e puer Méint drop fir „Vater unser“ den Debüt-Präis vum Österreichischer Buchpreis krut. Den Owend virdru war en Deel vum literaresche Mikrokosmos op der Première vun „En Haus wéi en Haus“ (vum Elise Schmit). Um Patt duerno wollt ech eigentlech séier fort, fir moies a Form ze sinn. Am Tram wierklech just eng hallef Stonn bleiwen. Am Gudde Wëllen dann definitiv just ee Leschten huelen. Den Dag drop war ech net esou midd, wéi dat sech elo uliest, ech hat och nëmme véier Minutte Verspéidung fir d’Liesung. Wéi ech ukoum, war de Sall gutt gefëllt, den Echange duerno spannend – am Géigesaz zur Liesung an der BNL, déi ech e puer Stonnen drop hat a wou déi üblech dräi Leit waren (genre de Moderator, den Auteur an dem Auteur seng Bom).

En halleft Joer drop sëtzen ech mam Marc Binsfeld, dem Leeder vum Verlagshaus, am eidele Café. Iergendwéi danzen nach d’Biller vun der Liesung viru mengen Aen. Plazen, déi soss fir Convivialitéit stinn, sinn den Ablack eidel. Stëbskäre wierbelen duerch d’Loft. Keng Kaffisréng op den Dëscher. Näischt lieft. „D’Fro, wéini mer nees hei am Café eng Liesung kënnen organiséieren, stellt sech effektiv. D’Platz ass kleng, d’Leit setzen no openaner. A genee dat mécht de Charme vun dëse Liesungen aus.“ 

Och wann ee Verlagshaus wéi d’Editions Guy Binsfeld selwer net vill Events organiséiert: „Mir liewe vum Evenement. An Zäite wéi dëse gëtt engem bewosst, wéi vill ronderëm d’Buch passéiert. Esou Momenter erlaben et engem natierlech, d’Buch ze promoten, anerersäits spiert een awer och, dass een dat alles net just wéinst de Finanze mécht. Mir sinn net just Bicherfabrikanten, déi am Home-Office Bicher hirstellen, fir se dann online op de Site ze stellen an digital ze promoten. De Kader vu sou Liesungen, vu Launch-Events, vu Foiren – dee mécht, dass dat Ganzt reell ass.“ 

„Mir sinn net just Bicherfabrikanten, déi am Home-Office Bicher hirstellen, fir se dann online op de Site ze stellen an digital ze promoten“ (Marc Binsfeld, Patron vun den Editions Guy Binsfeld)
„Mir sinn net just Bicherfabrikanten, déi am Home-Office Bicher hirstellen, fir se dann online op de Site ze stellen an digital ze promoten“ (Marc Binsfeld, Patron vun den Editions Guy Binsfeld) Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

An den Ether kommunizéieren

Dat gesäit och de Ian De Toffoli, Patron vun Hydre Editions a President vun der „Fédération des éditeurs“, esou: „Bei enger Liesung keeft een d’Buch och, well ee mam Mënsch hannert dem Buch ka poteren, well en der en Autogramm a senger kropeleger Schrëft an d’Buch schreift. Bei den Online-Liesungen bass de zéng Kilometer ewech vun der Realitéit, du kucks et oft niewebäi, wärend s de däin Hiem strecks. A mengen Aen behäls de näischt vum Digitalen. Wann s du ee Stéck op Videoopnam kucks, frees du dech vläicht iwwert déi technesch oder kënschtleresch Virtuositéit. Mä do feelt villes. Live beréiert dech ee gutt Theaterstéck. Bei de Liesunge verhält et sech änlech.“

„De Buchsecteur braucht den Evenementiel an e brauch den direkte Kontakt. Eng digital Offer kann eppes sinn, fir luussen ze goen – dat riicht sech un e Kulturflaneur, ma eng Begéinung mat der Literatur ass dat net. Dozou gehéiert Nolauschteren a net tëschent enger Liesung an den Ether kommunizéieren; dozou gehéiert Konzentratioun, d’Ënnerhalung mam Auteur, eng literaresch Gesellegkeet, déi bei der digitaler Offer ni déi mënschlech Qualitéit kann hunn – justement, well de Mënsch net méi do ass, mä just eng Schimär aus 0 an 1“, esou de Claude D. Conter, Direkter vum Literaturarchiv zu Miersch.

D’Reprise vum Evenementiell am CNL ass dohier och fir de September geplangt. Den Ablack plangt den CNL e progressive „Retour à la normale“: De Liessall ass méindes a freides op, well do d’Studente vum Master an der Luxemburgistik keng Cours’en hunn. Well dëse Sall just dräi Plazen huet, dierf momentan och just eng Persoun do sëtzen. „De ‚personnes vulnérables’ gëtt recommandéiert, an enger éischter Phase nach net ze kommen. Mir verbidden et awer kengem, wéi och! Et ass eng staatsrechtlech Grondiwwerzeegung, datt mir Leit net kontrolléieren an nom Gesondheetszoustand bewäerten; et ass eng Grondiwwerzeegung, datt Leit sech an engem fräie Staat responsabel verhalen. Mir bastele net un der administrativer Dystopie – wéi op munche Plazen am Ausland.”

„Mir bastele net un der administrativer Dystopie – wéi op munche Plazen am Ausland“ (Claude Conter, Direkter vum CNL)
„Mir bastele net un der administrativer Dystopie – wéi op munche Plazen am Ausland“ (Claude Conter, Direkter vum CNL) Foto: Editpress/Tania Feller

Och wirtschaftlech ass dat Digitaalt keng Léisung – déi gestreamte Liesungen si gratis, den Auteur kritt net ëmmer eng Gage a kann duerno keng Bicher verkafen. D’Auteurin Claudine Muno, där hire leschte Roman „Sou wéi et net war“ op der Shortlëscht vum Prix Servais ass, mengt dozou: „Et ass natierlech absolut positiv, dass souvill Initiativen entstane sinn. E bësse schued ass et ebe just, dass dat alles dacks iwwert déi Datemonstere Facebook, Instagram, YouTube an neierdéngs Zoom leeft, an dass déi Plattformen un deenen Inhalter am meeschte verdéngen. Grad déi Plattformen, déi u sech dorunner bedeelegt sinn, dass vill Konschtsparten eréischt a Schwieregkeete gerode sinn, ginn am Géigenzuch och nach gratis mat Inhalter gefiddert, well et praktesch ass oder well een doriwwer eben am meeschte Leit erreecht. Do misste mer eis all e bëssen oprappen a manner kamoud sinn, well absolut gläichwäerteg an dofir ethesch vertrietbar Alternative gëet et genuch – an da kéint dat effektiv op d’mannst deelweis en Ersatz oder am beschte Fall komplementar sinn.“

Virtuell Wandmillen

Des Weidere stellen d’Verlagshaiser fest, dass et zwar wärend dem Lockdown eng Rëtsch Online-Vente gouf. D’Vente wieren allerdéngs, sou de Ian De Toffoli, op een Zéngtel geschrumpft. Dat géif natierlech och un den üblechen Diffusiounsproblemer leien, déi d’Luxemburgensia och scho virun der Pandemie hat. „Esou bal s du een Diffuseur hues, setzt deen deng Bicher op Amazon. Wann ee keen huet, muss ee selwer ee klenge Buttek op Amazon opmaachen. Dat ass ustrengend, logistesch, an op Dauer vläicht och net rentabel. Duerch d’Diffusiounsgemeinschaft mat dem Conte-Verlag si mir mat den däitschen Hydre-Bicher op Amazon. Mä vu dass mir fir all Land eng eegen Diffusioun maache mussen, si mer duebel geféckt an hu keng Diffusioun op Amazon fir eis franséischsproocheg Bicher.“

Ee Risen-Ënnerscheed mécht dat allerdéngs net – engersäits, well d’Venten an der Luxemburgensia souwisou ni immens héich sinn – ab 500 verkaafte Bicher schwätzt ee vun engem Bestseller –, anerersäits eben, well déi meescht Verlagshaiser esou kleng sinn, dass se souwisou keng Salaire bezuelen.

Bei den Editions Guy Binsfeld gesäit d’Situatioun anescht aus, well d’Verlagshaus villfälteg opgestallt ass an net just Luxemburgensia verëffentlecht. „Vu 45 Leit sinn et der ronn 40, déi elo doheem schaffen – fir verschidden Aufgabe wéi d’Lektorat ass dat esouguer vu Virdeel. Fir aner Beräicher, déi richteg duerch d’Pandemie leiden – ech denken un eist Video-Team oder d’Persoun, déi fir d’Logistik vun der Distributioun un d’Librairie verantwortlech ass –, hu mer allerdéngs ‚Chômage partiel’ fir Employé’en ugefrot. Am Allgemenge kann ee vum Réckgang vun engem Deel vun eiser Aktivitéit schwätzen, speziell an de Beräicher Kommunikatioun a Publicitéit. Et goufen awer och Aarbechten, déi weidergelaf sinn – am digitale Beräich, beispillsweis am Webdesign, gouf et esouguer eng liicht Hausse. Mir haten och Aarbechten, déi elo auslafen, a wou sech d’Fro no der definitiver Reprise natierlech stellt.“ 

Bei Binsfeld ass d’Luxemburgensia zum Deel ee Prestige-Objet, un deen ee gleeft, deen d’Verlagshaus kulturell opwäert, ma deen ee sech awer och muss kënne leeschten. Esou wéi Concertshaiser Bands wéi Coldplay oder Nickelback buchen, fir och méi kleng, innovativ Bands kënnen optrieden ze loossen, esou sinn hei Optragsaarbechten – beispillsweis zwee grouss Volummen iwwert d’100-järegt Bestoe vun der Luxembourgeoise – och do, fir aner Projet’en, déi manner Suen erwirtschaften, ze stemmen. „Eist Finanzéierungskonzept berout op dem Gläichgewiicht vun deem Ganzen. Jee nodeem, wéi d’Situatioun sech elo entwéckelt, muss een da vläicht bei deene Projet’en, déi manner erabréngen, zeréckschrauwen.“ Bicher, wéi déi fir den Hierscht geplangte Nei-Oplag vum Romain Hilgert senger Renert-Editioun, „ruffen einfach no Walfer“. Well se sech genee do am beschte verkafen. Op d’Walfer Bicherdeeg wäerte stattfannen, weess den Ament allerdéngs keen.

„Zu de ‚Gewënner’ vun der Corona-Kris gehéiere vill vun deene Firmen, déi ebe grad d’Roll vu Kulturliwweranten anhuelen, wann och am negative Sënn – ech denken un Amazon, Netflix, YouTube oder Facebook“ (Claudine Muno, Schrëftstellerin)
„Zu de ‚Gewënner’ vun der Corona-Kris gehéiere vill vun deene Firmen, déi ebe grad d’Roll vu Kulturliwweranten anhuelen, wann och am negative Sënn – ech denken un Amazon, Netflix, YouTube oder Facebook“ (Claudine Muno, Schrëftstellerin) Foto: Claudine Muno

Esou wéi et net méi ass

Ofgesot goufe bis elo och eng ganz Rëtsch vu lokalen an internationale Salon’en a Literaturevents – do wieren de Kannerbuchsalon zu Bologna, de Salon du livre zu Paräis, d’Leipziger Buchmesse an d’Literatour zu Beetebuerg. „Zesumme mat der ALAC war fir Paräis alles bis op de leschten Cent a Millimeter geplangt“, erkläert de Ian De Toffoli. De Stand sollt nieft der Wallonie an dem Québec sinn, war also excellent placéiert. „Well et déi aachte Kéier gewiescht wier, dass ech op de Paräisser Salon gaange wier, weess ech, dass mer do labber 100 Bicher verkaf hätten. Zu Leipzig ass d’Promotioun vun eisen Auteure duerch Liesungen ewechgefall. A fir d’Beetebuerger Literatour sollt ënner anerem ee ‘Meet & Greet’ mat Stänn vun de verschiddenen Editeure stattfannen.“

Wat Zukunft vun de Walfer Bicherdeeg an der Frankfurter Buchmesse ubelaangt, ass nach villes net bekannt. Een digitaalt Frankfurt wëll de Ian De Toffoli sech guer net virstellen, dofir wier de sozialen Austausch – wärend den Treffe mat aneren Editeuren, mä och owes op de Soirée’en – einfach ze weesentlech. Dës Ofsoe sinn ëmsou méi frustréierend, well Lëtzebuerg eréischt zanter zwee Joer nees ee Stand zu Frankfurt huet. „Et gouf endlech nees e bësse vun eis am Ausland geschwat“, sou de President vun der Federatioun. Hien an de Marc Binsfeld hiewen och déi zweet Oplag vun der Presserees ervir, wärend där virun engem Joer eng Rëtsch däitsch Editeuren a Journalisten viru Frankfurt op Lëtzebuerg komm waren, fir de Mikrokosmos vun der Luxemburgensia z’entdecken – dëst Joer wier en Editeur vu Suhrkamp mat dobäi gewiescht.

Wéi d’Reprise vun den Events da wäert ausgesinn, ass nach onsécher. „Fir den CNL ass et keng Optioun, sech vum Evenementiel ze verabschiden“, mengt de Claude Conter. „Wat sech wäert ännere bei ons: Et wäert een sech elo ëmmer mussen umellen (fir datt mir kee mussen heemschécken) an et wäerte manner Leit kënne kucke kommen. Et ass och fir en Auteur wichteg, säi Public ze spieren an ze kucken, wou a wéi en Text funktionéiert. D’Literatur wäert insgesamt manner vun enger Organisatiounsangscht betraff sinn, well fir d’Literatur ëmmer schonns manner Leit komm sinn an den Auteur oft eleng oder mat engem Moderator op der Bün ass – am CNL brauche mir keng Kiermes am Duerf, mir wëllen dem Hauch vum Wuert lauschteren …“

Schlechte Wëllen?

„D’Méiglechkeeten, fir mat Social Distancing Liesungen z’organiséieren, sinn onbegrenzt. Op Dauer näischt ze maachen, ass just schlechte politesche Wëllen“, suggeréiert de Ian De Toffoli. „Ech verstinn, dass een a Krisenzäiten net direkt een Noutfallplang prett huet. Mä een Ëmdenken ass total machbar. Nei Forme gestalten, déi net digital sinn, ass total machbar. Et gëtt kee Grond, wisou keng Liesunge mat 50 Leit an engem grousse Sall oder dobaussen dierften organiséiert ginn. Zur Nout stells de een Typ vun der Securitéit dohinn, deen e bësse mat de Leit mault. Ze soen, dat géif net goen, ass just de Bierger onmëndeg maachen.“

D’Claudine Muno ass kaum verwonnert, dass d’Kultur beim Déconfinement bis elo kaum zur Ried koum: „Natierlech hätt dat méi kënne méi zur Sprooch kommen, iwwerraschend fannen ech et awer elo net. An do si mer villäicht awer och mat responsabel, fir eppes dorunner ze änneren, well zum Beispill gehéieren zu de ‚Gewënner’ vun der Corona-Kris vill vun deene Firmen, déi ebe grad d’Roll vu Kulturliwweranten anhuelen, wann och am negative Sënn: Amazon, Netflix, Instagram, YouTube, Facebook an esou weider. Also ass de Wonsch no Kultur do, si ass absolut net niewesächlech, et si just leider meeschtens grad net d’Maacher vun där Kultur, déi kënnen dovunner profitéieren, mee d’Plattformen, déi mat Kultur wierklech guer näischt um Hutt hunn. Op deene sougenannte ‚sozialen’ Netzwierker si ganz vill Kënschtler séier aktiv ginn. Kultur gëtt weider problemlos fräi Haus geliwwert, de Konsument mierkt also net esou vill Aschnëtter wéi an anere Beräicher, an doduerch schéngt et ënner Ëmstänn manner prioritär.“

„Op Dauer näischt maachen ass just schlechte politesche Wëllen“ (Ian De Toffoli, Auteur, Editeur, President vun der Federatioun vun den Editeuren, Proff)
„Op Dauer näischt maachen ass just schlechte politesche Wëllen“ (Ian De Toffoli, Auteur, Editeur, President vun der Federatioun vun den Editeuren, Proff) Foto: Editpress/Alain Rischard

D’Pandemie kann awer och zu enger „prise de conscience“ féieren, mengt de Claude Conter: „Elo, wou e Bewosstsinn kann entstoen, wéi selbstverständlech een Kultur consomméiert, ouni doriwwer nozedenken, well se ëmmer verfügbar ass (bis hin zu enger Sur-Offer), elo, wou engem déi Kultur feelt, hunn ech d’Hoffnung, datt eng méi grouss Sensibilitéit bei der Perceptioun kann entstoen (ouni datt ech mengen, datt déi Sensibilitéit wäert unhalen). Eng Ausnamesituatioun ka Gewunnechte perturbéieren, dorënner och déi bekannte Gewunnecht, d’Literatur aus Lëtzebuerg ze ignoréieren. Well déi wirtschaftlech-finanziell Situatioun vum Buchsecteur schonns esou prekär wor, aggravéiert déi momentan Lag se nach eemol op eng brutal Aart a Weis.“ Dem CNL säi YouTube-Channel-Liesungen erlaabt et, d’Auteuren duerch ee Cachet zumindest symbolesch z’ënnerstëtzen.

Verréckelt sinn allerdéngs net just Events, mä och verschidde Verëffentlechungen: De Michel Clees ass dës Saison „Auteur en résidence“ am TNL, d’Buch zum Stéck „Parterre“ läit fäerdeg gedréckt bei Binsfeld – ouni d’Theateropféierung ass et allerdéngs sënnlos, et erauszebréngen. Dem Antoine Pohu säin éischte Roman sollt bei Op der Lay erauskommen, ass awer elo och no hanne geréckelt ginn. An och Black Fountain Press, d’Verlagshaus fir engleschsproocheg Luxemburgensia, huet missen ëmdenken: „Am Moment hu mir en neit Buch am Keller leien, wat mir sollten am Abrëll erausbréngen. Mir hunn d’Rechnungen vun der Produktioun vum Buch bezuelt, ouni och nëmmen bis elo een eenzegt Buch verkaf ze hunn. Dat huet natierlech en Afloss op eist nächst Buch, wat elo geschwënn an den Drock geet“, sou d’Anne-Marie Reuter. En Online-Launch wëll d’Verlagshaus verhënneren; wann d’Situatioun sech bis September net regulariséiert huet, wäert et dann awer wuel via Internet lancéiert ginn.

Fastfood a Literatur

Zanter zwee Deeg hunn d’Bichergeschäfter nees op. Ganz zou waren déi meescht net – am Géigesaz zu anere Länner, wou Bicher als „première nécessité“ betruecht goufen, ass hei am Land allerdéngs just den Online-Liwwerservice weidergaangen. Do ass d’Konkurrenz zu den Internetgiganten awer méi grouss, well een um Spaweck net mam Charme vun enger klenger Librairie ka punkten. E Méindeg ass déi grouss Déferlante ausbliwwen, de McDo war wuel méi interessant wéi Bicher a Placken.

D’Elmira Najafi, Managerin vun der Librairie Alinéa, gesäit den Impakt vun der Kris als „immens negativ“: „Et war scho virun der Kris schwiireg – wéinst de Schantercher, de Parkingsproblemer, der Ouverture vun der Fnac, déi mer wärend der Chrëschtzäit uerdentlech gespuert hunn.“ D’Ënnerstëtzung vun den treie Client’en, d’improviséiert Online-Vente an d’staatlech Hëllefen hunn natierlech gehollef. „Mä de Loyer vun de leschten zwee Méint wäert ech awer méi spéit nobezuelen – an dat si keng kleng Zommen.“ D’Librairie ass dunn deelweis an den DIY-Modus gaangen – „deen een Dag huet de President vum Virstand Bicher geliwwert, en aneren Dag sinn ech mat menger Schwëster a mengen Zwillingen – déi den Dag vum Lockdown op d’Welt koumen – ronderëm gefuer“.

Den Impakt vun der Pandemie op d’Librairie betruecht d’Elmira Najafi vun der Librairie Alinéa als „immens negativ“
Den Impakt vun der Pandemie op d’Librairie betruecht d’Elmira Najafi vun der Librairie Alinéa als „immens negativ“ Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

D’Anhale vum „Social Distancing“ an engem enke Geschäft voller Wénkelen wäert allerdéngs schwéier ginn. „Mä am Supermarché ass dat net anescht, do stinn d’Leit och just an de Keesen op sécherer Distanz.“ De groussen Undrang ass bei de Liesungen, déi d’Elmira Najafi reegelméisseg organiséiert, awer bis elo ausbliwwen. „Fir den Dag vum Buch gouf et Liesungen – an et war kee Mënsch do. Den Eric Mangen hat, nodeems hien der Librairie een neit visuellt Liewen agehaucht huet, ee Finissage. Mam Café vis-à-vis hate mer eng Gin-Bar installéiert – an et ware vläicht zwielef Leit do. Soubal et geet, maachen ech weider mat den Events – mä ech erwaarde mer näischt méi dovunner.“

Kreativ am Lockdown?

Well en Auteur fir d’Schreiwe bekanntlech seng Rou brauch, kéint een dovunner ausgoen, dass de Lockdown zumindest d’Kreativitéit ugekurbelt huet. Mä engersäits ass elo ze fäerten, dass fir d’Rentrée eng Well vu „Lockdown“-Bicher op de Marché kommen, déi sech immens änelen a fuerchtbar autozentréiert sinn. An anerersäits huet sech kee Kulturschafenden den Ament an d’Plaz vum Lockdown selwer ausgesicht an d’Kreativitéit kënnt net automatesch just grad op, well de Rescht vun der Welt opgehalen huet, z’existéieren.

Fir d’Claudine Muno war de Confinement inspiréierend: „Vill Oflenkunge vu bausse sinn op eemol ewechgefall a gläichzäiteg war awer do och ëmmer dat Hannergronddausche vun Angscht – et huet mer gehollef, mech op d’Liesen an d’Schreiwen ze konzentréieren, fir dat op d’mannst zäitweis kënnen auszeblennen. Dat halleft Manuskript, wat op mengem Computer gewaart huet, ass an dëser Zäit fäerdeg ginn an duerch déi 1.000 Säite vum Paul Auster sengem ‚4 3 2 1’ sinn ech och komm. Ech hunn dat duerch déi Stëllt ronderëm am Fong méi bewosst wouergeholl wéi soss. Mä jiddwereen schreift aneschters, munch ee brauch och méi den Austausch, d’Liewe ronderëm – a fir déi, déi Existenzängscht ploen, ass et sécher net méi einfach, well mat grousse Suergen am Genéck schreift et sech bestëmmt net besser.“

„De Moment viru Corona war krank“ (Anne-Marie Reuter, Schrëftstellerin an Editrice) 
„De Moment viru Corona war krank“ (Anne-Marie Reuter, Schrëftstellerin an Editrice) 

D’Anne-Marie Reuter, dat nieft sengem Verlagshaus och schreift an enseignéiert, beschreift ee Mikrokosmos, an deem vill Acteuren esou vill gläichzäiteg maachen, dass se debordéiert sinn: „Den Auteur brauch einfach mol Zäit, fir ze schreiwen. De Problem ass, dass et huet missen zum Confinement kommen, fir dass den Auteur déi Zäit endlech huet. Den Editeur och. De Stress kënnt, well mir als Editeuren an Auteure versichen, eng professionell Aarbecht ze maachen, an dat an eiser Fräizäit, no der Aarbecht. Ech hu vu ganz ville Leit am Secteur héieren, dass si viru Corona total erleedegt waren. Vun Acteuren, déi vill ze vill Produktiounen musse maachen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. De Moment viru Corona war krank. Et wier ze hoffen, dass no Corona e puer Sache géifen änneren, mee et gesäit jo am Moment guer net duerno aus.“

Dobäi huet d’Literatur noch eng ganz konkret soziologesch, ethesch a philosophesch Funktioun, wéi de Claude Conter et schéin op de Punkt bréngt: „Duerch d’imaginativ Kraaft vun der Literatur kënnen nei Welten exploréiert ginn, duerch déi mir vläicht och eng Distanz zu enger grasséierender Liveticker-Ofhängegkeet gewannen. D’Literatur war ëmmer ee luest Medium; mir hunn se méi wéi néideg an Zäiten vu kommunikativer Hektik, vu statisteschem Octroi. Mir schwätze vun Infektiounen an Doudegen, ma et gëtt keng Geschichte vun de Leit hannendrun. Wien d’Geschichte vergësst, wien d’Fiktiounen opgëtt, mécht et sech scho laang bequeem an der Ausnamesituatioun.“

Den Auteur vun dësem Artikel ass selwer Schrëftsteller. Ville gefält dat net. Dat ass awer nu mol esou.

de Schéifermisch
13. Mai 2020 - 15.33

Wat ass dat da fir eng Sprooch "duebel geféckt " ? An dat och nach ausgerechent vun der Luxemburgensia. Dee Fäkalevokabular, dee sech ëmmer méi verbreet-an dat dann och nach op héichstem Niveau- beweist wéi déif mir gefal sinn.