D’Pandemie an de Buchsecteur
„Duebel geféckt“: D’Situatioun vun der Luxemburgensia wärend an nom Lockdown
Am Géigesaz zu Kultursecteuren, bei deenen d’Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt steet, kéint ee mengen, de Marché vum Buch wier manner schro vun der Pandemie betraff: D’Buchliese war nach ëmmer eng Zort Panegyrikus vum Elengsinn. Mä wann d’Bichergeschäfter an d’Verlagshaiser zou an (inter)national Salon’en ofgesot ginn, huet dat och ganz konkret Repercussiounen op de Mikrokosmos vun der Luxemburgensia.
Op d’Frankfurter Buchmesse, op där Lëtzebuerg zanter zwee Joer nees e Stand huet, dëst Joer stattfënnt, ass nach ongewëss Foto: Editpress/Anne Lommel
Am Oktober 2019 war ech vun den Editions Guy Binsfeld agelueden, am Café vum Verlagshaus ze liesen. Op engem Sonndegmoien, am Kader vun de „Crémant-Mélange“-Lies-Matinée’en. Ech duecht nach, dass dat Ganzt eng relativ komesch Iddi wier. Wie steet scho sonndesmoies fräiwëlleg op, fir sech um 11 Auer komplizéiert Literatur-Extrait’en unzelauschteren? A wie wëll dann och nach Crémant drénken, wann e samschdesowes lompe war (Auteure gi prinzipiell, wann een di lescht aacht Woche ausklamert, samschdesowes lompen)? Kléngt vläicht net ganz no enger Schnaps-Iddi, mä vläicht eben no enger Crémants-Iddi.