Forum vum Jasmine Pettinger an Taina Bofferding

Soumission chimique: Wa Gewalt onsiichtbar gemaach gëtt

Soumission chimique: Wa Gewalt onsiichtbar gemaach gëtt

Foto: Editpress/Didier Sylvestre

De Fall Pelicot a Frankräich huet vill Mënschen déif getraff. Dëse Fall huet awer och eppes siichtbar gemaach, dat vill ze laang ënnert den Teppech gekiert gouf. Gewalt géint Fraen hëlt nei Formen un, bleift awer am Kär déi selwecht. Et geet ëm Muecht, Kontroll an déi gezielten Humiliatioun vu Fraen.

Déi sougenannte „soumission chimique“ – wuertwiertlech „chemesch Ënnerwerfung“ – bezeechent d’Asetze vu Substanzen, wéi zum Beispill KO-Drëpsen, fir eng Persoun ouni hiert Wëssen oder hir Zoustëmmung wehrlos ze maachen. Et geet dobäi ëm eng total Ënnerwerfung géint de Wëlle vun der betraffener Persoun. Si hëlt den Affer d’Méiglechkeet, sech ze wieren, sech un eppes ze erënneren oder Beweiser sécherzestellen. A genau dowéinst bleiwe vill Fäll onsiichtbar a vill Täter onbestrooft a kënne weidermaachen.

Zur Person

Soumission chimique: Wa Gewalt onsiichtbar gemaach gëtt

D’Taina Bofferding ass LSAP-Députéiert.

D’Zuel vun de Benotzer geet an de Milliouneberäich. Hannert dëse Verbrieche stécht eng Kultur vu Mysogynie, déi duerch digital Räim nei Ausdrocksforme fënnt an international vernetzt ass.

Déi rezent Opdeckungen iwwer Online-Plattformen, op deenen sech Männer driwer ausgetosch hunn, wéi Frae betäubt, mëssbraucht a gefilmt kënne ginn, weisen däitlech, datt et sech net ëm Eenzelfäll handelt. D’Zuel vun de Benotzer geet an de Milliouneberäich. Hannert dëse Verbrieche stécht eng Kultur vu Mysogynie, déi duerch digital Räim nei Ausdrocksforme fënnt an international vernetzt ass.

Als Feministinnen a Sozialistinne gesi mir doranner e gesellschaftlechen a politesche Probleem, deen erfuerdert, datt gehandelt muss ginn. Gewalt géint Fraen ass kee privat Thema a gehéiert net ënnert den Teppech. Et ass en Ausdrock vun nach ëmmer bestoenden Ongläichheeten tëscht de Geschlechter a betrëfft eis ganz Gesellschaft.

Mir begréissen dofir, datt d’Regierung drun schafft, den Asaz vu KO-Drëpsen als erschwéierend Ëmstänn am Strofgesetzbuch ze verankeren. Dat ass e wichtege Schrëtt. Mee et däerf net dee leschte sinn.

Mir brauchen eng besser statistesch Erfaassung vun dësen Delikter, fir datt dat tatsächlecht Ausmooss siichtbar gëtt. Police, Justiz, Santé an Afferhëllef musse gezielt op d’Erkennung an d’Dokumentatioun vu Fäll vu „soumission chimique“ virbereet ginn. Gläichzäiteg brauche mir eng breet Sensibiliséierung an der Ëffentlechkeet. Wéi erkennt ee Warnsignaler? Wat ass am Verdachtsfall ze maachen? Wou fannen Affer Hëllef?

Wéi vill Leit wëssen eigentlech, wat et bedeit, wann eng Persoun an enger Bar nom Angela freet? Nëmme wann d’Ëffentlechkeet informéiert ass, kënnen esou Instrumenter och wierklech hëllefen.

Och d’Akteuren aus dem Nuetsliewe mussen Deel vun der Léisung sinn. Baren, Veräiner, Organisateuren vun Events kënnen hei eng entscheedend Roll spillen, fir Risiken ze reduzéieren an Affer séier z’ënnerstëtzen. Präventiounscampagnen a Schutzmoossname däerfen net punktuell bleiwen, mee mussen nohalteg gefërdert ginn. Och Codewierder an Noutzeeche sollte méi breet bekannt gemaach ginn, sou datt Mataarbechter, Sécherheetsdéngschter an och aner Persounen an esou Situatioune séier reagéiere kënnen. Wéi vill Leit wëssen eigentlech, wat et bedeit, wann eng Persoun an enger Bar nom „Angela“ freet? Nëmme wann d’Ëffentlechkeet informéiert ass, kënnen esou Instrumenter och wierklech hëllefen.

D’Verantwortung läit ni bei den Affer. Si läit bei den Täteren.

Net nëmmen déi gesetzlech Grondlag muss weiderentwéckelt ginn. Ma genau sou wichteg ass d’Fro, wéi Police a Justiz mat dëse Fäll ëmginn. Bei der „soumission chimique“ sinn d’Beweissécherung an déi fréi Erkennung entscheedend, well verschidde Substanzen dacks nëmme fir eng kuerz Zäit noweisbar sinn. Dofir brauche mir geziilt Formatiounen a kloer Prozedure fir d’Ermëttlungsautoritéiten. Spuenien gëllt an Europa als Virbild am Ëmgang mat geschlechtsspezifescher Gewalt. Do goufen spezialiséiert Eenheeten opgebaut an d’Ausbildung vu Police a Justiz systematesch gestäerkt. Och Lëtzebuerg soll sech un esou bewäerte Beispiller orientéieren, fir datt Betraffener séier eescht geholl, professionell begleet an Täter konsequent verfollegt ginn.

Virun allem awer musse mir als Gesellschaft e kloere Message ausschécken: „D’Verantwortung läit ni bei den Affer. Si läit bei den Täteren.“ Ween engem Mënsch bewosst d’Entscheedung hëlt, sech ze verdeedegen, gräift seng Dignitéit, seng kierperlech Integritéit a seng sexuell Selbstbestëmmung un.

D’Bekämpfung vun der „soumission chimique“ ass dofir och eng Fro vun der Gläichstellung. Eng Gesellschaft, an där Fraen hir Fräizäit, hiert Nuetsliewen oder hiren Alldag net ouni Angscht viru sou enger Gewalt kënne gestalten, ass keng gläichberechtegt Gesellschaft.

Et ass Zäit, dës Form vu Gewalt siichtbar ze maachen, Affer besser ze schützen an Täter konsequent zur Verantwortung ze zéien. Net eréischt nom nächste spektakuläre Fall, mee elo. Fir et mam Gisèle Pelicot senge Wierder ze soen: „La honte doit changer de camp!“

Anmerkung

Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Forum von Fari Khabirpour

Über die Glaubwürdigkeit westlicher Werte: Zuerst tanken – dann die Moral?