Leserforum

Nach Proprietär, mee net méi fräi?

Nach Proprietär, mee net méi fräi?

Véierzeg Joer schaffen a spueren. An duerno héieren: Verkaaft oder bezuelt! D’Wunnengskris ass eescht.

Mee mécht dat all Proprietär, deen net verlount, zum Schëllegen?

Esch huet eng Tax op eidelstoend Wunnenge beschloss. Och zu Déifferdeng gëtt esou eng Tax diskutéiert: Déi Lénk fuerdert se scho méi laang, an déi gréng hunn d’Debatt rezent nees opgeworf. Dës Entwécklung mécht mir grouss Suergen.

E Politiker huet mir sënngeméiss geäntwert: D’Proprietären, wann se net wëlle verlounen, sollen eebe verkafen oder d’Tax bezuelen. Dat fannen ech inakzeptabel. Wie gewielt gëtt, fir Problemer ze léisen, soll méi ze bidden hu wéi eng Rechnung un d’Bierger.

Vill Leit hu verzicht, fir en zweet Haus oder eng Wunneng ze kafen: als Sécherheet fir den Alter oder fir hir Kanner. Hannendru stiechen Aarbecht, Erënnerungen an Hoffnungen.

Wann eng Tax esou héich ass, datt e Proprietär se sech net méi leeschte kann, bleift him nëmmen nach, ze verlounen oder ze verkafen. Da steet d’Entscheedung zwar nach op sengem Numm, mee getraff gëtt se duerch de finanzielle Drock vun der Gemeng. Wat ass d’Fräiheet iwwer den eegene Besëtz nach wäert, wann ee sech säin eegene Choix net méi leeschte kann?

Eng eidel Wunneng ass net automatesch Spekulatioun. Renovatiounen, eng Ierfschaft, familiär Grënn oder schlecht Erfarunge mam Verloune kënnen de Grond sinn. Et ass en Ënnerscheed, ob eng Famill eng Wunneng net verlount oder ob een der vill bewosst eidel léisst, fir op méi héich Präisser ze waarden. Eng gerecht Politik muss differenzéieren.

Locataire brauche Schutz, mee Proprietären och. Onbezuelte Loyeren, Schied, deier Reparaturen a laang Prozedure kënnen dozou féieren, datt si net méi verloune wëllen. Besser Garantien, méi einfach a méi séier Prozeduren a konkret Hëllef géife Vertrauen schafen. Eng Tax hëlt dës Bedenken net ewech.

Ech hu selwer Appartementer iwwer d’Agence immobilière sociale (AIS) verlount a war ee vun deenen Éischten zu Lëtzebuerg, déi dëse Wee gaange sinn. Ech hunn dat sënnvoll fonnt. Mee et war mäi fräie Choix.

Och de Choix vun deenen, déi net verloune wëllen, muss respektéiert ginn. Solidaritéit soll encouragéiert, net duerch finanziellen Drock erzwonge ginn.

Wéi vill Gebaier a Wunnenge vum Staat a vun de Gemenge stinn eidel? Wéi eng kéinten als Wunnraum genotzt ginn? Ier privat Proprietäre weider belaascht ginn, brauch et eng transparent Bestandsopnam. Déi ëffentlech Hand soll mam gudde Beispill virgoen.

D’Politik muss hir Verantwortung iwwerhuelen, Wunnengsbau erméiglechen an Hürden iwwerpréiwen, déi de Bau an d’Notzung vu Wunnraum erschwéieren. Si däerf dës Verantwortung net op eenzel Privatleit ofwälzen.

Ech wëll d’Nout vun de Wunnengssichenden net klengrieden. Mee Solidaritéit verlaangt och Respekt virun der Liewensleeschtung an der Fräiheet vun de Proprietären. Hannert engem Haus stiechen heiansdo véierzeg Joer Aarbecht a Verzicht. Déi Leit verdénge méi wéi: „Verkaaft, verlount oder bezuelt.“

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

A la tête du client!

Leserforum

Vorsprung durch Unterwerfung?

Leserforum

Quo vadis 2026