Leserforum

Gesondheet geet vir

Gesondheet geet vir

Mir erlaben eis, Iech haut dëse Message ze adresséieren. Mir sinn eng Grupp vu Primaner aus dem Enseignement secondaire classique aus dem LNB, wat also heescht, dass mir de 4. Mee zeréck an d’Schoul mussen. Vill Leit hunn effektiv Angscht, um Covid-19 ze erkranken. D’Schoul ass en Etablissement, wou een am konstante Kontakt zoueneen ass an de Risiko, sech unzestiechen, héich ass. Ënnerhallef vun de Schüler gëtt et och Persounen, déi als „personnes à risque“ gëlle kënnen oder wou e souer och bei sech doheem present sinn. Dozou ënnersträiche mir, dass mir och un eis Enseignanten denken. Déi musse sech ëm hir Kanner këmmeren, well d’Crèchen a Maisons relais zou sinn.

Eis Schüler fällt et och schwéier, ënnert dësen Ëmstänn ze léieren. Mir liewen am konstante Stress, an der Onsécherheet vun der aktueller Situatioun. Mir denken och un déi jonk Leit, déi e Familljemember verluer hunn oder déi erkrankt sinn. Fir eis fillt et sech net wéi eng Vakanz un oder Extrazäit fir d’Preparatioun vun den Examen. Am Géigendeel, et ass éischter eng mental Belaaschtung, well mir annerthalwe Mount net dobausse waren a mir eis ëm eis Matmënsche Suerge man. Den Här Meisch huet erwäänt, dass d’Schüler nom soziale Kontakt laangen, mee eis ass et méi wichteg, eis Kolleegen erëmzegesinn an enger Zäit, wou kee Risiko méi besteet. Mir wëlle keen ugräifen, mir schätzen d’Efforten an et ass eis bewosst, dass dës Situatioun net einfach ze lenken ass, trotzdeem musse mir Iech widderspriechen. Mir verstinn, dass d’Ekonomie muss weidergoen, mee d’Gesondheet geet vir.

Dat soll net als Excuse gëllen, fir eis vun den Examen ze drécken oder fir doheem ze bleiwen, mee et ass d’Realitéit vun der Situatioun. Kucke mir nëmme Richtung Frankräich. Natierlech wéilte mir eisen Diplom op di traditionell Aart a Weis kréien, mee an dësen Ëmstänn ass eis Mënscheliewe méi wichteg, well de Risiko besteet, dass d’Zuelen zouhuelen. Sou wéi de Plang et virgesäit, fille mir eis e bëssen als „Versuchskaninchen“. D’Zuelen hu gewisen, dass se nach laang net stabel sinn. Mir hunn d’Gefill, dass et eng Course Richtung Normalitéit ass, wat de Moment keng Léisung wär. Aussergewéinlech Situatioune verlaangen no aussergewéinleche Mesuren. Wou bleift d’Mënschlechkeet?

Dëst ass en Appell un d’Solidaritéit an d’Ënnerstëtzung vum Staat. Mir identifizéieren eis mat den Iddie vun eisem Kolleeg Albert Camus: „S’il y a une chose que l’on peut toujours aspirer à atteindre … c’est l’amour humain.“ Mir hoffen, de Message kënnt un. Mir gi geléiert, kritesch ze denken an eis deementspriechend och ze äusseren, mee et fillt sech sou un, wéi wann eis net nogelauschtert gëtt. Mir wëllen net nëmmen en Echo sinn, mee eng Stëmm.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Wer die Wahrheit fürchtet, verbietet Memorial

Leserforum

Eine verschwundene Empfehlung und ihre neue Relevanz

Leserforum

Galgenberg-Esch: öffentlicher Raum – unter Vorbehalt!

;