Leserforum
Et wor emol de Streik vun 1942 … 80 Joer!
Kunstausstellung des Frans Masereel im Musée National de la Résistance Foto: Editpress/Julien Garroy
Et däerf een sech haut mat Recht froen, firwat mir „nach“ eng „Unioun“ vun de Resistenzorganisatiounen hunn; mä d’Äntwert ass ganz kloer: haut ass et d’Resistenz géint d’Vergiessen an de patriotesche Respekt vrun all deenen an deem, wat eis Resistenzorganisatioune géint den Naziterror a fir d’Fräiheet vun eisem Land geleescht hunn!
Vun deene Lëtzebuerger, déi dësen – ee vun de wichtegsten Deeg vun eiser Natioun – gelieft/erlieft hunn, gëtt et der nach just e puer Prozent; et sinn elo méi wéi dräi Generatiounen hier! ... wat soll een deene leschte Generatiounen da vun deem Horror-Erliefnes „matginn“? A wann, dann op jidfer Fall net mam „béise Fanger“ an der Luucht, mä roueg a verstänneg dat gëlle Beispill vun der Resistenz auserneendinn!
Éierlech: Wat bréngt et, wann een deenen, déi „nom Krich“ gebuer goufen, vu „Fräiheet“ schwätzt? Ass dat net e bësse wéi engem de Wäert vun der Gesondheet kloerzemaachen, deen nach ni eescht krank war? D’Fräiheet, déi si (ee Gléck!) hei ëmmer haten, ass nun emol leider nëmmen iwwer d’Onfräiheet an d’Diktaturen ze spieren oder ze explizéieren, deer mir haut leider ëmmer méi an der ganzer Welt hunn.
Wat kënnen déi „Jonk“ dann elo, an dësem Zesummenhank, ënnert dem Begrëff „Resistenz“ verstoen? Wéi kann een dëse jonken an och manner jonke Mënschen explizéieren, wat et heescht, de Mond ënner KZ- an Doudesgefor, Gulag an „Erzéiungslageren“ net däerfen opzedoen? Net ze schwätze vun der Gefor fir déi, déi sech et „geleescht“ hunn, fir eng Resistenz géint d’Nazien opzebauen, trotzdeem esouguer e Streik géint déi Mäerderband op d’Been ze bréngen?
D’Generatioune vun der Streikzäit kënnen nach just iwwer dat verzielen, wat „lass“ war. A wann, da soll dat roueg a mam Verglach zu haut gemaach ginn. Gewëss, mir brauchen am Fong a glécklecherweis keng aktiv Resistenzorganisatioune méi fir eppes anescht, wéi d’Suerg, Respekt fir „déi vun deemools“ an der Riicht ze halen.
Wa Lëtzebuerg vrun 80 Joer keng couragéiert Resistenzleit gehat hätt, wier d’Rechnung vun den Nazi-Preisen opgaang … an eisem Land zu gudder Lescht presentéiert ginn! Da wiere ganz bestëmmt nach weider 5 Joergäng, also déi vun 1915 un, an d’Wehrmacht gepresst ginn … a wéi vill méi wieren der gefal. De Streik huet also Dausenden d’Liewe gerett!
Den Narrativ:
En etlech Woche virum Gauleiter senger Ried, an där hien – trotz der Blamage vum 10. Oktober 1941 – d’Lëtzebuerger breetspureg als „Volksdeutsche“ deklaréiert huet, an domat déi jonk Männer vun de Joergäng 1920 bis 1925 un automatesch an d‘Wehrmacht gezwonge guffen, war déi Ongeheierlechkeet aus den Déngschter vum „Chef der Zivilverwaltung/CdZ“ duerchgesickert.
Et waren – ausgerechent – jonk Männer vun der LPL – vrun allem aus der Iechternacher „Bulett“ an der Ettelbrécker LBA (Lehrerbildungsanstalt), déi deen (haut gutt bekannte) Streikziedeltext opgesat an zu Bréissel drécke gelooss hunn, deen de jonke Schoulmeeschter Jos Fellens dann aus der Belsch an d’Land geschmuggelt huet. Nach Dosende Joeren duerno huet hie geziddert, wann hien dat erzielt huet; dës Odyssee huet hie fir d’Publikatioun vun engem Streik-Artikel 50 Joer duerno handschrëftlech opgeschriwwen.
Gelungenerweis sinn déi éischt Ziedelen ausgerechent zu Wolz‚ an der Géizt’ op enger Sportsfeier vun der „Hitlerjugend“ u Leit verdeelt ginn, deenen ze traue war; dat och u Gewerkschaftsmänner vun der „Ideal“-Liederfabrek an u Schoulmeeschteren aus der Jongeschoul; si ware vu Kautebaach mat eriwwerbruecht ginn; eng Partie guffen der zu Uewerwolz an den Uergelpäife verstoppt oder, a Veloskadere gerullt, iwwer Dierfer geféiert asw. E groussen Deel ass weider an d’Stad komm an och an de Minett, déi meescht op Schëffleng.
De Streik selwer, deen dann zu Wolz an der „Ideal“-Liederfabrek ugefaang hat, huet vrun allem als „abschreckendes Beispiel“ exponéierte Perséinlechkeeten (Schoulmeeschteren, Professeren, Verwaltungscheffen asw.) d’Liewe kascht. Zwéin Deeg nom Streik hongen uechter d’ganzt Land déi grujeleg-rout Plakaten: „Es wurden standrechtlich erschossen!“ ... d’Nimm sinn nëmmen ze vill gutt bekannt.
Iwregens: Zu Wolz steet dat wierklech imposant National-Monument vum Streik. Et freet ee sech mat Recht, firwat déi herrlech Avenue vun ënnen erop dann net „Streik-Avenue“ heescht. Wannechglift!