Leserforum

De Sanktiounsdogmatismus vun de Gréngen

De Sanktiounsdogmatismus vun de Gréngen

„Well d’Sanktioune si jo net do, just fir en eegenen Interessi an en Equiliber ze bréngen, mee déi Sanktioune sinn do, well Russland en illegale Krich géint d’Ukrain lancéiert huet.“

– Sam Tanson

Dës Ausso mécht mech wierklech baff. Mee firwat wiele mir eng Regierung? Wuel och dofir, datt si Verantwortung fir Land a Bierger iwwerhëlt – an net bereet ass, hire Wuelstand an hir Zukunft enger Sanktiounspolitik ze afferen, där hir Konsequenze mir selwer bezuelen.

Am Fall Mikhail Fridman geet et net ëm Peanuts. De russesch-israelesche Geschäftsmann fuerdert vu Lëtzebuerg 16 Milliarden Dollar Schuedenersaz, well seng Verméigenswäerter hei agefruer goufen. Dat sinn ëm déi 14 Milliarden Euro – bal d’Hallschent vun de budgetéierte Staatsausgabe fir 2026.

Datt de Luc Frieden an de Xavier Bettel bei esou Zommen d’Interesse vu Lëtzebuerg am A behalen, ass net verwerflech, mee hir Aufgab.

Schonn am Abrëll 2024 krut de Fridman virum Geriicht vun der Europäescher Unioun recht. Seng deemoleg Sanktionéierung gouf fir e bestëmmten Zäitraum opgehuewen, well d’Begrënnung net duergehalen huet.

De Westen huet sech mëttlerweil zum Weltmeeschter am Sanktionéiere gemaach. Ëmmer méi séier gi Verméigen agefruer, Leit wirtschaftlech isoléiert an Eegentumsrechter ageschränkt – an dat mat enger Selbstverständlechkeet, déi engem ze denke gi muss.

Et kann een ëmmer nei europäesch Rechtsgrondlage schafen. Mee Legalitéit eleng mécht nach keng Legitimitéit. Wéi wäit däerf Politik goen, wa Mënschen opgrond vu politeschen oder wirtschaftleche Bezéiungen iwwer Joren net méi fräi iwwer hiert Eegentum verfüge kënnen?

Grad Lëtzebuerg misst hei virsiichteg sinn. Eis Finanzplaz lieft vu Vertrauen a Rechtssécherheet. Wien hei säi Geld uleet, muss sech drop verloosse kënnen, datt politesch Decisiounen net vun haut op muer bestëmmen, ob hien nach iwwer säi Verméige verfüge kann.

Europa an d’USA hu Sanktioune mëttlerweil bal zu engem normalen Instrument vun der Aussepolitik gemaach. Dobäi ass dës Haltung kee Weltkonsens. Am Juni 2025 hunn 116 Staaten an der UN-Generalversammlung fir eng Resolutioun géint unilateral Zwangsmoossname gestëmmt; nëmmen 51 waren dogéint, sechs hu sech enthalen.

D’Resolutioun huet net pauschal all westlech Sanktioun fir illegal erkläert. Mee d’Resultat weist: De Weste schwätzt scho laang net méi am Numm vun „der Welt“.

An trotzdem trëtt hien ëmmer méi dacks esou op, wéi wann hien d’Recht gepacht hätt, der Welt virzeschreiwen, wat richteg a wat falsch ass. Wie sech upasst, gehéiert dozou. Wie sech net upasst, gëtt bestrooft.

Sanktioune sinn am Weste längst kee lescht Mëttel méi. Si si bal zu engem politesche Reflex ginn. An dofir sollte mir eis endlech froen: Wien gëtt eis d’Recht, d’Welt ze erzéien – a wéi vill si mir bereet, dobäi selwer ze verléieren?

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Dommage …!

Leserforum

Warum gibt es keinen Frieden und warum redet niemand über Frieden?

Leserforum

Sanktionspolitik à la carte: Zwei Oligarchen, ein fauler Kompromiss