Leserbrief

Remplaçant an der Grondschoul 

(Symbolbild)

(Symbolbild) Foto: Britta Pedersen/dpa

Et gëtt a leschter Zäit nawell vill iwwert de Recrutementsmodus, de Statut, de Stage, d’Gehalt, d’Aarbecht, d’Motivatioun an d’Qualitéit vun de Remplaçanten an der Schoul – haaptsächlech an der Grondschoul – geschwat. Do geet villes duercherneen: Et ginn Äppel mat Biere verglach, an heiansdo sinn esouguer Banannen a Kornischongen drënner. A wärend oder besser gesot zanter der Corona-Kris ass nach erëm villes anescht wéi virdrun.

Ech kann nëmmen dat heite soen: Ech hu 57 Joer, hunn an der Fuerschung geschafft, war Conseiller beim Staat, Kader an enger Bank, Stëftungsdirekter an Direkter vun enger Zeitung. Vun Enn Mee bis Mëtt Juli 2020 hunn ech als Chargé de cours temporaire an engem 1. Schouljoer zu Kielen Schoul gehal, deemools, wéi d’Konzept vun den A- a B-Gruppen nach gegëllt huet. Ech hat just zwielef Schülerinnen a Schüler, a meeschtens net beieneen, dat heescht sechs plus sechs.

D’Coursen hu fënnef Stonne gedauert, mat zwou Ënnerbriechungen. Wann ech déi éischt puer Deeg heem komm sinn, hunn ech mech op de Kannapee geluecht an hu gerascht. Ech war futti. Et war warscheinlech ee vun de wichtegsten, schéinsten, awer och ermiddendste Beruffer, déi ech jee gemaach hunn. D’Kanner ware wonnerbar, meng Léierin och, grad esou wéi déi ganz Organisatioun. Eng onvergiesslech Erënnerung.

Ech hunn a mengem Liewen eng ganz Rei dichteg Leit kenne geléiert: Politiker, Banker, Chefs d’entreprisen, Wëssenschaftler, Dokteren. Wärend menger Zäit zu Kielen hunn ech mir munchmol dat heite virgestallt: Et misst een si fir eng hallef Stonn aus hirem Costume oder hirer Aarbechtstenue erausschielen a se virun eng Schoulklass stellen. De Blousse missten se weisen … Dat wollt ech just gesot hunn. À bon entendeur, salut.   

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Wer die Wahrheit fürchtet, verbietet Memorial

Leserforum

Eine verschwundene Empfehlung und ihre neue Relevanz

Leserforum

Galgenberg-Esch: öffentlicher Raum – unter Vorbehalt!

;