Forum„Invoquer l’écologie pour bloquer des constructions, c’est se moquer du monde“

Forum / „Invoquer l’écologie pour bloquer des constructions, c’est se moquer du monde“
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Invoquer l’écologie pour bloquer des constructions, c’est se moquer du monde“: Dës Ausso kënnt vum Emmanuelle Cosse, der fréier franséischer Logementsministesch ënnert dem Emmanuel Macron a Generalsekretärin vun de franséische Gréngen, Europe Ecologie – Les Verts. Haut schwätzt si an hirer Funktioun als Presidentin vun der „Union sociale pour l’habitat“, dat ass d’Federatioun, déi a Frankräich de Secteur vum soziale Wunnengsbau representéiert.

A si seet nach vill méi: „Je suis écologiste, je veux qu’on protège la planète et qu’on réduise notre empreinte écologique. Mais l’intérêt général, c’est qu’on ne peut pas laisser des millions de personnes en difficulté pour se loger.“ An dann nach: „On ne peut pas dire à des millions de personnes qui tous les jours galèrent pour trouver un loyer abordable qu’au nom de l’écologie, on ne va pas vous aider.“

Si seet dat, wat bei eis am Land net méi ëffentlech gesot däerf ginn. De Problem Logement muss déi éischt Prioritéit sinn, déi mir hei am Land léise mussen.

An da muss och am selwechten Otemzuch gesot ginn, dass d’Finalitéit vun der Ëmweltpolitik net ka sinn, fir d’Schafung vu Wunnraum ze verhënneren. Do wou Wunnraum geplangt ass, muss kënne séier an onbürokratesch Wunnraum gebaut ginn. Zu Lëtzebuerg hu vill Jonker Problemer, aus dem Hotel Mamma auszezéien. Honnerte vun akzeptéierte Refugiéen (BPI) sëtzen an Opfänkstrukture fest. Jonk Famille musse mat hire Kanner a vill ze klengen Appartementer liewen. D’gesamt Ekonomie leit ënnert dem Manktem vu Main-d’oeuvre qualifiée an huet Problemer, Aarbechtskräften aus dem Ausland an d’Land ze bréngen. An dat alles well um Immobiliemarché net genuch Appartementer an der Locatioun zur Verfügung stinn, well Lëtzebuerg et einfach net fäerdeg bréngt, séier an effikass Logement ze bauen. Lëtzebuerg braucht Logement an allen Präiskategorien, Sozialwunnenge fir déi mi Schwaach an eiser Gesellschaft, mee och Wunnenge fir d’Mëttelschicht.

Et brennt iwwerall …

Fir dass et am Logement méi séier an effikass ka weidergoen, mussen op Terrainen, déi am Bauperimeter sinn, séier an onkomplizéiert Baugeneemegungen ausgesprach ginn. „Do wou Bauterrain dropsteet, muss och kënne gebaut ginn“, dat fuerdert de Secteur schonns zanter Joren!

Mme Emmanuelle Cosse weist awer och nach op en zweet Problemfeld hin. „Si on n’a pas pu produire ces logements, c’est parce qu’on n’a pas eu les autorisations, ni obtenu les permis de construire, ni eu les financements qui nous permettaient de sortir ces opérations.“ Nieft dem Blockage vum Ëmweltministère huet och den Inneministère seng Responsabilitéit. Effektiv ass et haut jidder Buergermeeschter erlaabt, no sengen Iddie Wunnengsbauprojeten ze reduzéieren, ze transforméieren oder souguer ze verhënneren. Hei muss d’Regierung eng gewëssen Tutelle ausüben. Et kéint ee froen, ob eng Kompetenzopdeelung tëscht lokale Kollektivitéiten an dem Staat aus dem Joer 1848 iwwerhaapt nach am Interêt vun de Gemengen ass, déi ëmmer méi Problemer hunn, hir Aufgaben z’erfëllen. Wier et net besser, eng flächendeckend ofgestëmmte Reegelung zu hunn, amplaz dass all dräi Kilometer d’Reegele vum Spill änneren? Et muss endlech Schluss sinn mat diskutéieren, et muss elo gehandelt ginn: méi dicht bauen, méi héich bauen, méi séier bauen an einfach méi bauen. 

Nimby-Mentalitéit

An dat an der bewäerter Lëtzebuerger „Public Private Partnership“-Manéier: De Staat als Facilitateur, den dat privat Kapital an d’Kompetenze vum Privatsecteur am Intérêt vun der Saach kanaliséiert. Nëmmen esou kréie mir kuerz- a mëttelfristeg d’Problematik an de Grëff.

All Mesurë vum Logements-Ministère, déi am Moment an der Diskussioun sinn, ob een se gutt fënnt oder schlecht, sinn ëmmer op eng laangfristeg Besserung aus. Ob de Pacte Logement 2 oder Baulandverträg, dat si Mesuren, déi op zéng Joer a méi eng Besserung verspriechen. Do ass eng Ausso vum Minister „Ech wäert net scheiteren“ scho bal sarkastesch, well hie wäert ni um Resultat gemooss kënne ginn …

Wat mir haut brauchen, ass eng séier Verbesserung vun der Situatioun, an dat geet just, wa séier agéiert gëtt. Mir hunn elo ee Joer laang eng sanitär Kris mat „Mesures de crises“ bekämpft – kommt, mir ruffen de Logements-Noutstand aus an huelen déi adequat „Mesures de crises“, fir de Noutstand am Logement ze behiewen.  

Déi politesch Verantwortlech musse Faarf bekennen: Huelen si de Problem eescht oder bleiwe maer bei Sonndesrieden an um Terrain ännert sech näischt, well d’Nimby-Mentalitéit a Wielerstëmme méi wichteg sinn, wéi eventuell onpopulär Decisiounen am Sënn vum Logement ze huelen.

Wou sinn déi Politiker, déi sech oute wäerten an déi sech op de Wee maachen, de Problem aktiv a konsequent unzegoen? Kucke maer mol, ob sech een zu dem Thema zu Wuert mellt …!?

* Den Auteur ass President vun der „Union des entreprises luxembourgeoises“ (UEL)

Franjo
5. Mai 2021 - 14.57

Wann nach méi gebaut gëtt, dann kommen nach méi Leit hei hin, an dann kréien mir nach méi Problemer duerch de Bevölkerungswachstum, am Verkéier, beim Schoulen bauen, Kläranlagen, Klinniken, etc

MC
5. Mai 2021 - 8.28

Genau dei Politiker wou dei ganz Problematik ignoréiren fëllen sech Täschen op un allen Vente and Locatiounen dei un Betrieber, Investoren, an aner Eliten geet dei Letzebuerg quasi an en Corporate Staat emwandeln wou nemmen nach dei 1% waert kennen sech am Land dono eppes leeschten. Do wäert nie eppes geschéien well den Staat un dem Spill schliesslech vill Suen matverdengt! Scheinhilfen and Support den an wirklechkeet keen as dat ass dat enzegt wat en fum Staat als hellef kridd. Dei Projet en place bréngen naicht an et sinn da net genuch do (wei beim SMBH) et bezillt een mega deier, get en zu gesellschaftsgeiselen fum staat wu den terrain dann 100 joa dem staat geheiert. dat heescht du schaffs schon mol nie fir dech me mam gedanken dat ass fir "Kanner" mei speit. Me och dat sin keng Leisungen well et kann dach net sin dat een hei am Land mat enger Paie dei iwert dem Mindestloun ass en Hellef brauch en Appartment ze kaafen/lounen , respectiv direkt un Grenz plennert. Et ass en Deiwelskreess! Fir dei Jonk ass guer keng Zukunft an dem Land wann een net geiierft huet an kennen leider mei wei genuch Beispiller aus der Jugend wu decideiert hun fir emmer dem Land eddi ze soen an een neit Liewen op aner Plaatzen an Europa unzefenken. Letzebuerg wert an 10 joa fun hei net mei eremerkennen...