FiktiounEch sinn e Buch: Ee Plädoyer fir d’Buch an de Print

Fiktioun / Ech sinn e Buch: Ee Plädoyer fir d’Buch an de Print
 Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Léif Bicherfrënn,

Däerf ech mech virstellen: Ech sinn e Buch an ech schreiwen Iech am Numm vun all menge Kolleegen. Ech weess, datt där de Moment an enger komplizéierter Zäit an an enger onsécherer a stresseger Situatioun lieft. Iwwert meng Ieselsoueren sinn ech vill iwwert déi lescht Méint gewuer ginn. Där hutt doheem är Zäit missen erëmkréien. Är Elteren hu vläicht am Home-Office geschafft. Fir iech Kanner stoung eng Zäit Homeschooling um Programm. Alles home! Home sweet home? Net ëmmer! Heiansdo sidd der iech net aus de Féiss komm. Där hutt ganz vill Zäit misse virum Ecran verbréngen. Online. Virtuell. D’Leit waren all am Kuck-op-de-Schierm-Modus.

Mär Bicher haten et och schwéier, well d’Librairien an d’Bibliothéike waren eng Zäitchen zou. Mär haten net vill Beschäftegung an hunn d’Zäit an de Regaler och net richteg erëmkritt. Mär brauche jo d’Lieserinnen an d’Lieser. Mär sinn op si ugewisen. Wat si mer dann, wa keen eis upeekt, keen eis opschléit, wa mer net gelies ginn? Mär hunn iech all richteg vermësst.

Wärend där Zäit gouf jo ganz vill an de Famille gesuumt, gestriimt, geskeipd a getiimst … Team? D’Kanner waren all vernetzt. Online an dach aleng. Net am Team. Si konnte mol net zesumme schnabbelen. Ee Gléck gouf et e puer Online-Liesunge vu Kanner-a Jugendbuchauteuren. Dat war fir d’Kanner e kuerzt Aha-Erliefnis an eng flott Ofwiesslung a mär haten d’Gefill, datt mer awer net ganz vergiess goufen. Awer ëmmer hutt der op e Schierm misse stuerken, an der Schoul an doheem.

Ech hat op eemol Angscht, et géif op eemol guer keng Konscht a keng Kultur méi ginn. Keng Concerten, keng Ausstellungen, keen Theater, kee Kino méi. An lo gëtt d’Frankfurter Buchmesse ofgesot. A ganz fréi scho goufen d’Walfer Bicherdeeg am November ofgesot. Wat hunn déi jonk an déi mee eeler Bicher sech soss ëmmer op déi grouss Bicherparty gefreet! Besonnesch déi nei, déi ganz frësch sinn an do virgestallt ginn. D’Leit hunn eis bekuckt, gefillt, getaascht a kaaft. Wat eng Freed, ze spieren, datt ee mat heem geholl an do gelies gëtt. Op dem Kannapee, am Ligestull, am Bett. Fotell sweet Fotell! Mech am Grapp.

Ech weess: d’Leit mussen Distanz tëscht sech anhalen. Mat eis gëlt d’Distanzéierung net. Wat e Gléck, datt een eis upake kann. Mech kann een an d’Hand huelen an dann huelen ech de Lieser mat op eng Rees, op där een interessant Leit begéint a friem Länner kenneléiert. Gebidder ouni Risiko. Zoll- a stressfräi. Där braucht mol keng Mask unzedoen. E Sécherheetsofstand brauche mer a mengem Fall net anzehalen. Wat ech méi no bei iech sinn, wat besser. Ech als Buch brauch de physesche Kontakt mam Lieser, eng intim Bezéiung. En Team. E flotten Duo.

Wann där Kanner sou vill Zäit virum Ecran verbréngt, fäerten ech, där géift mech vergiessen. Där géift op eemol net méi wëssen, wat e Buch ass. Ech sinn net platt, net flaach an net iwwerflächlech wéi en Ecran. Ech sinn dräidimensional. Mat mär geet et an d’Déift, an d’Breet, an d’Héischt. Wann är Welt iech ze enk, ze klengkaréiert an ze komplizéiert gëtt, da kënnt der mat mär reesen. Ech si villsäiteg. Ech brauch iwwregens och kee Stroum. Ech muss weder verkabelt nach vernetzt ginn. Ech sinn analog a wann der eng Säit vu mär ëmbliedert, maacht der dat digital an dobäi schlot der mol aner Säiten op. Et geschitt eng geeschteg Konnektioun tëscht iech a mär. Am Fall vun de Bicher ass d’Cloud an ärem Brain.

An da froen ech mech, wat geschitt, wann net méi gelies gëtt. Ech weess zwar, datt vill Kanner an Erwuessener – doheem, an der Schoul – eis ëmmer nach ënnerstëtzen an trei bleiwen, als Stäip, als Frënd am Alldag. Et ass jo net wéinst der Imaginatioun an der Liesfreed aleng, datt mer wichteg sinn. Ech denken un all déi Leit, déi et iwwerhaapt méiglech maachen, datt et eis gëtt. Déi eis zum Liewen erwächen. Do si mol un éischter Plaz d’Schrëftstellerinnen an d’Schrëftsteller. Ouni si géif et eis jo net ginn. Déi stinn um Ufank vun der Chaîne du livre, vun der Buchketten, well fir mech z’erschafen, mussen der vill un enger Ketten, pardon!, un engem Strang zéien. Wat mécht dann zum Beispill en Editeur, wann hie keng nei Bicher méi plange kann, wa kee méi liest? Wat maachen dann d’Dréckereien an d’Buchbënnereien? Wat maachen d’Librairien, wa kee méi Bicher kafe geet? Muss dann de Buttek zougemaach ginn?

Wat geschitt, wa kee mech méi an eng Bibliothéik ausléine geet? Déi versuergt jo fir d’Eiwegkeet, wat an eis stécht. Mär sinn d’Zeie vum Gëschter an Haut a kënnen an d’Zukunft kucken. Mär mussen zwar, nodeems mer ausgeléint goufen, an d’Quarantän, mee eis fält dat net sou schwéier wéi iech.

Dofir wollt ech iech dëst schreiwen. Vergiesst eis net! An denkt drun, datt mer no iech verlaangeren. An ech hunn d’Gefill, datt d’Kultur de Leit och feelt. Et brauch een d’Literatur. Grad elo. Ech hu mol gelies, d’Kultur wär wéi e Grondnarungsmëttel. Mär sinn dat och. D’Liesen ass liewenswichteg. Beim Liesen hëlt een net of an net bäi. Eis Kalorië si geeschteger Natur. An eis stécht eng aner Kraaft. D’Imaginatioun siedegt. D’Fantasi ass Balsam fir Kapp a Séil. Mär Bicher hu keng Lobby. Ech hoffen, datt déi richteg Leit op der richteger Plaz dat Bicherméiglechst ënnerhuelen a sech dofir asetzen, datt jiddereen d’Méiglechkeet kritt, eis ze genéissen. Grad elo!

D’Gedanke vum Buch goufe vum Jhemp Hoscheit transkribéiert. (6.9.2020)

paulette
11. Oktober 2020 - 20.10

@Denise Ruppert-Hoss "Ech genéisse mäi Buch op alle Plazen, och am Gaart an der Sonn, a freeë mech kënnen an e Bicherbuttek an an d’Bibliothéiken ze goen, do mer d’Bicher unzekucken, an d’Hand ze huelen." Psst, déi aner maachen dat och, a si lecken se den Daum ier se ëmbliederen, net grad dat a Pandemie-Zäiten ubruecht ass. Ausserdeem huet eng nei australesch Studie erausfonnt, dass d'Vire op Pabeier awer bis 28 Deeg liewen. Ech ka mäi Kindle och mat an de Gaart huelen an an d'Bidden, ech kann en esouguer ënnerdauche, hien ass waasserdicht, net wéi sou en aalt Buch. " Doheem kann ech mer och Sätz ukräizen, de ech besonnesch schéin ausgedréckt fannen," Kann ech och op mengem Kindle, ech kann och kucken wat déi aner Leit markéiert hunn. Ech ka mat enger Hand liesen an ëmbliederen, och wann et eng Trilogie vun 2000 Säiten ass. "ech erkennen et a mengem Bicherregal erëm." Ech erkennen et a menger digitaler Bibliothéik. Kann ech vun iwwerall op der Welt op iergendengem Kindle, Computer, Tablett oder Handy liesen, brauch net Kiloen ze transportéieren. Meng 4800 Papeierbicher hunn ech enger Bibliothéik geschenkt an hunn elo e ganzt zousätzlecht Zëmmer fir mech. "D’Bicher liewe mat mir doheem, si gi mengen Zëmmere Gemittlechkeet " Nee, dat ass just de Schimmelpilz, Bicher verdroen déi héich Loftfiichtegkeet net déi an enger Wunneng herrscht.?

paulette
11. Oktober 2020 - 20.01

@Let‘z happen "@Paulette: Nach rezenten Studien müssen alle E-Reader alle zwei Jahre ausgetauscht werden," Tote Bäume Bücher müssen nach jedem Roman ausgetauscht werden. "was der Ökobilanz nicht gerade in Zeiten von Klimaschutz dienlich ist." wie sie trefflich sagen ? "scheint es sich zu bewahren die digitale Demenz eines der Hauptgegenargumente moderner Technologien ist." Sie sind also digital dement und wissen nicht wie man so eine moderne Technik bedient? Macht nichts, wir werden alle mal alt.

Denise Ruppert-Hoss
11. Oktober 2020 - 18.26

Ech genéisse mäi Buch op alle Plazen, och am Gaart an der Sonn, a freeë mech kënnen an e Bicherbuttek an an d’Bibliothéiken ze goen, do mer d’Bicher unzekucken, an d’Hand ze huelen. Doheem kann ech mer och Sätz ukräizen, de ech besonnesch schéin ausgedréckt fannen, ech erkennen et a mengem Bicherregal erëm. D’Bicher liewe mat mir doheem, si gi mengen Zëmmere Gemittlechkeet an ech si frou den Ubléck vu Bicher kënnen ze genéissen an och d’Schéinheet, déi e Grafiker oder Moler engem Buchdeckel ginn huet.

Let‘z happen
11. Oktober 2020 - 14.31

@Paulette: Nach rezenten Studien müssen alle E-Reader alle zwei Jahre ausgetauscht werden, was der Ökobilanz nicht gerade in Zeiten von Klimaschutz dienlich ist. Nebenbei, lese ich Ihren Kommentar, scheint es sich zu bewahren die digitale Demenz eines der Hauptgegenargumente moderner Technologien ist.

paulette
10. Oktober 2020 - 15.23

Nein danke, ich ziehe meinen Kindle Oasis vor. Da kann ich in der Unterhose auf der Couch meine Bücher kaufen und in 3 Sekunden sind sie da. Alle unbekannte Wörter braucht man nur den Finger drauf legen und man bekommt eine Erklärung, Übersetzung oder gar einen ganzen Artikel drüber. Bücher aus toten Bäumen haben auch keine Suchfunktion. Und wenn meine Augen müde sind, lass ich mir den Rest vorlesen. Gedruckte Bücher gehören abgeschafft.