Festival

D’Stad liewe loossen: Den Ultraschall Pond Festival mécht d’Ouverture vum Pond Eclectic um Kierchbierg

Mat den Events vu Lauter Unfug an dem Ultraschall-Kollektiv souwéi dem LOA Festival kritt eng gewësse Form vun elektronescher Musek esou lues och hei am Land déi Unerkennung, déi se iwwert d’Grenzen eraus scho méi laang huet. Den Optakt vun dem Pond Eclectic Festival, deen nächst Woch am Amphitheater vum Park Kirchberg stattfënnt a nees fir Panik bei der Gemeng Lëtzebuerg suerge kéint, mécht den Ultraschall Pond Festival, fir deen nieft bekannten DJs aus dem Ausland och eng Rei lokal Museker programméiert ginn – mat der Iddi, ee Line-up unzebidden, bei deem lokal Kënschtler net just do sinn, fir de Programm ze fëllen.

De Louis Loschetter ass Deel vum Ultraschall-Kollektiv

De Louis Loschetter ass Deel vum Ultraschall-Kollektiv

De Louis Loschetter, Bouf vum Atelier-CEO Laurent Loschetter, huet sech relativ fréi dozou beruff gefillt, genee wéi säi Papp Events z’organiséieren – och wann se musikalesch a stilistesch an eng aner Richtung ginn: Nodeems den Ultraschall-Kollektiv 2018 gegrënnt gouf an eng Rei éischt Erfarungen mat Events, déi sech tëschent Hiphop an Tech House beweegt hunn, hir Friichte gedroen hunn, huet sech spéitstens zanter der Pond Opening Party vum leschte Joer erauskristalliséiert, dass déi fënnef Bouwen hannert dem Kollektiv – nieft dem Louis Loschetter wieren do nach de Julien Lessel, den Nicolas Havé, de Yannick Jander an de Chris Rossi – definitiv Loscht hunn, och méi grouss Festivaller ze organiséieren.

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

79. Filmfestpiele in Cannes

Was die Entscheidungen der Jury über die diesjährige Ausgabe verraten