Lokal Stupp, Häerzi an Hues: Wéi eng Kosenimm gëtt et op Lëtzebuergesch? De 14. Februar, besser bekannt als Vältesdag, ass zënter Joerhonnerten den Dag vun de Verléiften. Wouhier kommen eigentlech eis Kosenimm? Vun „Häerzi“ iwwer „Schatzi“ bis bei „Mausi“ – d‘romantesch Vernidlechung huet eng laang Traditioun.