Vältesdag
Stupp, Häerzi an Hues: Wéi eng Kosenimm gëtt et op Lëtzebuergesch?
De 14. Februar, besser bekannt als Vältesdag, ass zënter Joerhonnerten den Dag vun de Verléiften. Wouhier kommen eigentlech eis Kosenimm? Vun „Häerzi“ iwwer „Schatzi“ bis bei „Mausi“ – d‘romantesch Vernidlechung huet eng laang Traditioun.
Vältesdag ass den Dag vun der Léift – Kosenimm kann een awer ëmmer benotzen Foto: Editpress/Hervé Montaigu
De 14. Februar ass Vältesdag. An dat scho säit laanger Zäit: Den Dag ass genannt nom Hellege Valentinus, deem säi Gedenkdag schonn zënter dem 5. Joerhonnert um 14. Februar gefeiert gëtt. Hie war ursprénglech och den Hellege vun de frësch bestuete Koppelen, déi dann och de 14. Februar an der Mass geseent goufen. Schonns am 14. Joerhonnert huet de Brauchtum sech e bësse verännert, sou datt och déi romantesch Léift ëmmer méi mam Vältes a sengem Dag verbonne gouf. Dëst warscheinlech ënner dem Afloss vun der „höfischer Liebe“, der „Minne“ oder och nach dem „amour courtois“, déi am Mëttelalter opkomm sinn.
Duerch déi – fir deen Ament – méi romantesch Attitüde gouf dunn och d’Sprooch anescht gebraucht: Net nëmmen ass de „roman courtois“ oder de „Minnesang“ als literaresch Gattung opkomm, an där d’Léift, d’Ritterlechkeet an d’Romantik eng speziell Roll haten, och de Sproochgebrauch huet sech verännert. Engersäits sinn aner Wierder geholl ginn oder de Bedeitungskontext huet sech verännert, anerersäits sinn awer och nei Wierder geschaf ginn. Et si virun allem vill Ofleedunge vu Wierder gemaach ginn, fir se ze vernidlechen.
Dat Phenomeen huet ee fréier emol „Diminuéierung“ genannt. An der moderner Linguistik ass deen Term awer net méi Usus: Dat neit Wuert soll jo net als mannerwäerteg klasséiert ginn.
Kleng Sonn
Obwuel d’Wëssenschaftler sech am Detail net ganz eens sinn, sou gëtt dach allgemeng ugeholl, datt d’Traditioun vum „amour courtois“ sech staark an de Sproochen ausgebreet huet, virun allem am Franséischen. Dëst Phenomeen huet och all Wuertniveau duerchdrong. Sou schwätzt een zum Beispill am Franséische mam soleil eigentlech net méi vun der Sonn (sol am Latäin), mee vun der klenger Sonn oder Sënnchen: D’Wuert soleil kënnt nämlech vun der Vernidlechungsform sol-iculum.
Ma wéi ass et da mat där romantescher Vernidlechung am Lëtzebuergeschen? Mécht se sech do och bemierkbar? Ëmmerhi war d’Franséischt eng vun de gängege Sproochen an der mëttelalterlecher romantescher Literatur an hat insgesamt e staarken Afloss op d’Lëtzebuergescht. A fënnt ee vläicht souguer Hiweiser an de Kosenimm erëm, déi vläicht op Vältesdag e bësse méi benotzt gi wéi de Rescht vum Joer?
Schatz
Am Lëtzebuergesche fënnt ee vill Wäertschätzungsformen ewéi Häerz a Schatz, wann et drëm geet, engem seng léifst Persoun ze ernimmen. Deen esou genannte Géigeniwwer gëtt also betruecht ewéi eng Kostbarkeet, déi dat eegent Häerz erfëllt. Dobäi fält op, datt de Sproochgebrauch ganz possessiv ass: Et ass jo mäin Häerz … an net dat vun engem aneren!
Donieft gëtt et awer och d’Tendenz, de Mënsch romantesch ze charakteriséieren, andeems e mat klengen, mol méi, mol manner léiwen Déiere verglach gëtt: Et seet ee vläicht mäin Hues oder meng Maus.
Bei meng Daifchen, enger anerer Déierebezeechnung, kënnt mat der Diminutivform och nach eng morphologesch Vernidlechung bäi: D’Déier gëtt méi kleng gemaach, fir datt d’Resultat méi léif wierkt. Dat geet och bei enger Hellewull anere Wierder, andeems een zum Beispill e -chen oder einfach en -i drunhänkt: Hieschen, Huesi, Maischen, Mausi, Häerzi, Schatzi a sou weider.
Vernidlechung vun Objeten
Et hält awer net bei de Schätz, den Häerzer an den Déieren op: Insgesamt kënne fir eng romantesch Uried vill Wierder geholl ginn, wann d’Vernidlechung zum Beispill duerch e klengen Objet vermëttelt ka ginn. Sou zum Beispill Stupp, Stuppi, Stippchen oder och nach Butzi.
Stupp
Substantiv, Maskulinum
Pluriel: Stipp
Däitsch: Stumpf, Stummel
Franséisch: chicot, bout, moignon
Source: lod.lu
Bei dësem leschten Term denkt ee vläicht éischter u Kanner, mee och déi gi jo gär – grad wa se kleng sinn – an der Famill an am noe Bekanntekrees mat Vernidlechungswierder ugeriet. Et kéint ee bal en eegene klengen Dictionnaire schreiwe mat nëmmen de Kosenimm fir Erwuessener, Kanner a souguer Déieren, déi een an den ale Lëtzebuerger Dictionnairë fënnt. Eleng d’Quantitéit vun dëse Forme setzt all Ausso, d’Lëtzebuergescht géing keng Léift kennen – well et jo „just“ d’Expressioun ee gär hunn gëtt –, ausser Kraaft.
Alles an allem léisst sech awer soen, datt d’Tendenz, am Lëtzebuergesche seng Léift fir eng Persoun auszedrécken, schonn eng al Traditioun huet. Déi zum Deel, wéi mer et gesinn hunn, iwwert d’Lëtzebuergescht erausgeet.