Forum vum Yves Steffen

Och de Premier brauch e gesonde Bësch

Wou soll en sech och soss bei der nächster Manifestatioun vun de Gewerkschafte géint Sozialofbau verstoppe goen?

Och de Premier brauch e gesonde Bësch

Foto: Editpress/Julien Garroy

Dass de Klimawandel sech net ofwiele gelooss huet, konnte mir spéitstens dëse Summer all gesinn. Nach ni virdru gouf et esou vill Hëtztwellen ewéi dëst Joer, dobäi déi immens laang Dréchent an d’Wiederrekorder, déi een nom anere gefall sinn. Dat alles huet aus eiser Vegetatioun dat gemaach, wat se momentan a ganz Europa ass.

D’gesondheetlech Repercussiounen treffen eis grad all. Eng vill méi héich Zuel un Hëtztdoudeger an Europa, Schoulen, déi am Juni a Juli misste kreativ ginn am Ëmgang mat Canicullen, an en allgemengt Ras-le-bol-Gefill bei ville Leit, dass een net wierklech méi kreativ a produktiv ass an der grousser Hëtzt an zum Deel midd ass, well een owes schlecht schléift.

De Stress op d’Déieren- a Planzewelt gëtt hei leider oft vergiess a sou ginn eis Baachen a Flëss ëmmer méi zu Waasserwüsten

D’Recolte vun de Bauere leiden dëst Joer och, sëllege Felder stoungen a Flamen an och dës Verloschter si reell. Dobäi sinn et si, déi eis d’Liewensmëttel garantéieren.

An dann hu mir nach net vill iwwer d’Flëss an d’Baache geschwat: Hei ass och europawäit e Mangel u Waasser festzestellen. Erofgebrach gëtt et dann ëmmer op d’Schëfffaart, wou den Transitverkéier ausfält, an d’Bloalgen, déi maachen, dass d’Ofkillung am Stau geféierlech gëtt. De Stress op d’Déieren- a Planzewelt gëtt hei leider oft vergiess a sou ginn eis Baachen a Flëss ëmmer méi zu Waasserwüsten.

An dem Kontext beweisen d’Atomkraaftwierker emol méi, dass se net d’Léisung sinn. Sou ginn se grad eent nom aneren erofgefuer, wéi beispillsweis och Cattenom, an dat, well hier Killung duerch d’Flëss net méi assuréiert ka ginn.

An alles dat, wat mir grad erliewen, koum mat Ukënnegung. D’Wëssenschaft sot a seet eis et viraus, dass dëst eis Zukunft ass. Se seet och, dass et nach schlëmmer wäert ginn, ausser mir ënnerhuelen entschlossen eppes dogéint. Se seet deemno awer och, dass mir nach ëmmer eppes kënne maachen. An dat ass eigentlech dat Positiivt. Well mir hunn d’Léisungen. Falschinformatiounen, dat wier alles Ekologiste-Fantasie, verhënneren och e Virukommen. D’Zäit fir ze handele leeft eis allerdéngs grad e bësse fort a wat mir elo méi a méi séier eppes ënnerhuelen, wat eis Chancen op eng liewenswäert Zukunft herno méi grouss sinn.

D’Fro, déi sech deemno kommunal Entscheeder stelle mussen, ass déi, wéi een de Raum banneruerts ëmgestalt kritt a virun allem wéi een d’Leit mat an d’Boot hëlt. Wéi vill grouss Plazen ouni Beem fir Eventer brauch et?

Deemno brauche mir eng méi konsequent Entsigelung a Begréngung an eise Stied an Dierfer. Hei wësse mir, dass dat zu méi agreabelen Temperature féiert, dass dëst Waasser späichere kann an d’Liewensqualitéit eropschrauft. Do geet de Blummebac um Stroosserand net duer, deen zwar flott ass, ma vill Waasser a Fleeg brauch, fir z’iwwerliewen ... D’Fro, déi sech deemno kommunal Entscheeder stelle mussen, ass déi, wéi een de Raum banneruerts ëmgestalt kritt a virun allem wéi een d’Leit mat an d’Boot hëlt. Wéi vill grouss Plazen ouni Beem fir Eventer brauch et? Wéi vill Parkplaze brauch de Quartier XY wierklech a wou wier nach Plaz fir den een oder anere Bam?

D’Emotionalitéit zu verschiddene Verbrenner kann ee jo e Stéck wäit novollzéien: de Sportsauto fir d’Pensioun, den Oldtimer, den Dramauto aus der Kandheet ... do solle mir eis net splécke loossen an der Diskussioun. Hei geet et virun allem ëm den Auto, mat dem sech vill Leit nach ëmmer musse vu méindes bis freides an de Stau stelle goen.

Eis Emissioune kënne mir weider konsequent reduzéieren, ouni eis dobäi emotional manipuléieren ze loossen. All erspuerten Emissioun ass en Deel vum gemeinsame Geléngen. Et ass deemno e falscht Signal, wann de Staat Hybrid-Autoe subventionéiere geet an och net determinéiert d’Leit begleet an informéiert, fir vun de fossillen Heizunge fortzekommen. Och d’Versprieche vum „Aus vum Verbrenner“ ass Quatsch. D’Industrie kuckt nämlech net no Walplakater, déi Populiste virun Nationalwalen zu Lëtzebuerg ophänken. Si kuckt, wéi se global iwwerliewe kann, an dat ass virun allem duerch geopolitesch, wirtschaftlech an Effizienzgrënn, an do gewënnt den Elektroauto. D’Emotionalitéit zu verschiddene Verbrenner kann ee jo e Stéck wäit novollzéien: de Sportsauto fir d’Pensioun, den Oldtimer, den Dramauto aus der Kandheet ... do solle mir eis net splécke loossen an der Diskussioun. Hei geet et virun allem ëm den Auto, mat dem sech vill Leit nach ëmmer musse vu méindes bis freides an de Stau stelle goen. An do kommen aner Emotiounen héich ewéi d’Freed um Fueren.

Allgemeng hëlleft eis och e kritesche Bléck op de Konsum als Gesellschaft an dem Kontext an d’Iwwerpréiwen op d’Ressourcen, déi hannert eisem Alldag stiechen. Oft kann een ouni Verzicht dee Produit privilegéieren, wou de Ressourcëverbrauch méi geréng ass, sief et duerch d’Hierstellung oder einfach well e vu lokaler oder regionaler Hierkonft ass.

Schlussendlech ass d’Léisung, op eis Natur opzepassen, ganz einfach well mir Deel dovu sinn. Wann et der Natur schlecht geet, leit och de Mënsch drënner. Och wa Klimakatastrophe keng Staatsgrenze kennen, sou ass Lëtzebuerg mat engem bloen A dovukomm an huet d’Auswierkunge vun der schlechter Loftqualitéit gespuert, ouni och hei nach Bëscher ze verléieren. Well fir dass esou en ofgebrannte Bësch sech erëm erholl kritt, brauch et Joerzéngten, dofir gëllt et, präventiv alles fir eis gesond Bëscher ze maachen. Do si mir eis wuel all eens, esouguer eise Premier, deen Naturschutz och scho mol genervt huet. Och hie brauch e gesonde Bësch. Wou sollt en sech soss och bei der nächster Manifestatioun vun de Gewerkschafte géint Sozialofbau verstoppe goen?

Zur Person

Och de Premier brauch e gesonde Bësch

Foto: privat

Den Yves Steffen ass Parteivirstand vun „déi gréng“ a Gemengeconseiller zu Diddeleng

Anmerkung

Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.

0 Kommentare