Leserforum
Luxair-Fluch op Dubai: Zäit, fir och Merci ze soen
Luxair-Flugzeuge am Luxairport Foto: Editpress/Julien Garroy
No engem Artikel, deen ech viru kuerzem an ärer Zeitung gelies hu mam Titel „400 passagers de Luxair bloqués à Dubai“ vum René Kollwelter hunn ech mech gefrot, ob d’Diskussioun net e bëssen ze vereinfacht gefouert gëtt.
Am Artikel gouf d’Fro gestallt, ob ee „verréckt“ misst sinn, fir an esou e Land ze reesen. Dat kléngt zwar provokativ, mee et gëtt der Realitéit net ganz gerecht. Hanner all Fluch stinn nämlech Mënschen. Mënschen, déi Pläng hunn, Verantwortung droen an heiansdo och berufflech Verpflichtungen hunn.
Ënnert de Passagéier sinn net nëmme Leit, déi an d’Vakanz fléien. Et sinn och Geschäftsleit, déi reesen, fir Kontrakter ze verhandelen, Projeten z’entwéckelen oder wirtschaftlech Bezéiungen opzebauen. Heiansdo hänken dovunner Investissementer, Projeten an och Aarbechtsplazen of, och hei zu Lëtzebuerg.
Mir liewen an enger Welt, déi ëmmer méi international vernetzt ass. Reesen ass haut net nëmmen Tourismus, mee och Austausch, Wirtschaft, Kultur a Kontakt tëscht Länner.
Natierlech gëtt et Spannungen an Onsécherheeten op der Welt. Mee wa mir aus Angscht virun all méiglecher Kris ophale géifen, ze reesen, da misst d’Konsequenz sinn, datt mir doheem bleiwen. An dat kann net d’Äntwert sinn an enger oppener an international orientéierter Gesellschaft wéi déi vu Lëtzebuerg.
Ech mengen och, datt een an dëser Situatioun d’Roll vu Luxair fair beurteele soll. No allem, wat een héiere konnt, gouf eng gutt a transparent Kommunikatioun gefouert, an et goufe vill Efforte gemaach, fir d’Passagéier esou gutt wéi méiglech z’informéieren an eng Léisung ze fannen.
Dofir wëll ech eiser Regierung an och der Direktioun vu Luxair an dem ganze Personal Merci soen. Vill Passagéier hunn erzielt, datt si sech gutt betreit gefillt hunn, an datt d’Ekipp alles gemaach huet, fir eng Léisung ze fannen an d’Leit nees sécher heem op Lëtzebuerg ze bréngen.
Diskussiounen iwwert esou Theme si wichteg. Mee si sollte mat méi Differenzéierung, Fairness an och mat e bësse Respekt gefouert ginn.