Leserforum
Kronospan: Wien schützt eigentlech d’Awunner?
Als Bierger froen ech mech ëmmer méi dacks, ob zu Lëtzebuerg wierklech fir jiddereen déi selwecht Reegele gëllen.
Wa mir e Sonndeg d’Wiss méien, owes ze vill Kaméidi maachen oder e Feier am Gaart ufänken, da riskéiere mir séier eng Reklamatioun oder eng Geldstrof. Dat ass och richteg esou, well d’Reegele sollen d’Liewensqualitéit vun den Awunner schützen.
Mee wéi ass et da mat Kronospan?
Vill Awunner beschreiwen zënter Joren eng Situatioun, déi si belaascht: Kaméidi, Dag an Nuecht, an ëmmer nees Stëbs op Autoen, Fënsteren an Terrassen. Wann esou vill Leit ëmmer erëm déi selwecht Suergen ausdrécken, da sollt dat net einfach als normal ofgedoe ginn.
Wat mech besonnesch nodenklech mécht, sinn d’Gespréicher mat verschiddenen Awunner. E puer erzielen, datt fir si nuets de Kaméidi esou haart ass, datt si nëmme mat Ouerestëpp schlofe kënnen. Wann Awunner sech gezwonge fillen, esou Moossnamen ze huelen, da sollt dat net als Niewesaach ofgedoe ginn. Dat misst eis all zum Nodenke bréngen: d’Gemeng, déi zoustänneg Autoritéiten an och d’Entreprisen selwer.
Et geet hei net drëm, eng Entreprise un de Pranger ze stellen. Kronospan ass e wichtegen Employeur, an Aarbechtsplazen si wichteg. Mee Aarbechtsplaze kënnen ni als Argument déngen, fir d‘Liewensqualitéit vun den Awunner an den Hannergrond ze drängen.
Wat mech am meeschte stéiert, ass d’Gefill vun zwee Mooss. Fir de Bierger gëtt all Reegel genee iwwerwaacht. Bei enger grousser Entreprise stellen sech vill Awunner d’Fro, ob mat där selwechter Konsequenz kontrolléiert gëtt.
An hei huet och d’Gemeng eng Verantwortung. Eng Gemeng ass net nëmmen do, fir wirtschaftlech Entwécklung ze begleeden. Si ass virun allem vun de Bierger gewielt ginn, fir hir Interessen, hir Gesondheet an hir Liewensqualitéit ze vertrieden. D’Awunner däerfen erwaarden, datt hir Suergen eescht geholl ginn an datt d’Gemeng sech aktiv dofir asetzt, wann ëmmer nees Reklamatioune wéinst Kaméidi oder Stëbs opkommen.
Transparenz ass hei de Schlëssel. Wéi dacks gëtt kontrolléiert? Wat weisen d’Mëssunge wierklech? A firwat ginn dës Resultater net nach méi offensiv mat de Bierger gedeelt? Nëmmen esou ka Vertrauen entstoen.
D’Awunner verlaangen näischt Aussergewéinleches. Si verlaangen nëmmen dat, wat an engem Rechtsstaat selbstverständlech sollt sinn: datt d’Reegele fir jiddereen déi selwecht sinn, egal, ob et sech ëm e Bierger oder ëm eng multinational Entreprise handelt.
Well um Enn bleift eng Fro: Wann de Bierger sech un all Reegel hale muss, firwat däerf dann de Verdacht entstoen, datt fir eng grouss Entreprise aner Moossstief gëllen?