Leserforum
„Ennzäit-Stëmmung – mat Pauken an Trompéiten oder Dronen a Rakéiten?“
D’Lieser vun onsen Dageszeitunge konnte sech dës Deeg dovun iwwerzeegen, datt dem Vladimir Putin seng Siegesgewëssheet trotz wuessender Krichsmiddegkeet ongebrach ass! Neisten „Eskalatioun“: D’USA an den Iran gräife sech géigesäiteg an der Golfregioun un! „Excusez du peu!“
Dës Noriichte sinn nëmmen e puer vu ville Manifestatioune vun engem vill méi grousse Problem: Dem Mënsch sengem onermiddleche Glawen, hie kéint d’Natur, d’Geschicht an d’Zukunft no sengem Wëlle maîtriséieren!
Wéi kann d’Mënschheet sech iwwer Victoiren, Grenzen a Muecht streiden, wann d’Grondlage vum Liewe selwer ëmmer méi a Gefor geroden? Et muss een et ëmmer nees widderhuelen: D’Äerd gehéiert eis net. Mir sinn nëmme Gäscht op Zäit. Si war virun eis do a wäert och no eis nach existéieren – virausgesat, mir hale geschwënn op, se weider ze zerstéieren.
Un iech, all déi vum Muechtwan a Gréisstewan verblennt sinn, d’Staats- a Regierungsmeeschteren, an un eis all, Biergerinnen a Bierger, déi ze dacks aus Gläichgëltegkeet oder Bequeemlechkeet ewechkucken: D’Zäit vum Egoismus ass eriwwer. Elo ass d’Zäit vum Bewosstsinn a vun der Verantwortung komm! Ënnert dem endlosen Awierke vun eiser sougenannter Zivilisatioun verschwannen d’Bëscher, d’Mierer, d’Äiskappen an déi fragil Gläichgewiichter vum Liewen, vun deene mir selwer ofhängeg sinn.
Wei eng Wäisheete bleiwen ons nach, wann onsen Honger no Muecht, Wuesstem a Konsum genau déi Schéinheeten zerstéieren, déi ons Existenz iwwerhaapt erméiglechen?
Et ass Zäit, mam Glawen un onendleche Wuesstem, blannen Nationalismus an ongebremst Muechtstriewen ze briechen. Et ass Zäit, Verantwortung, Bescheidenheet an Zesummenaarbecht als déi eenzeg glafwierdeg Form vu Gréisst unzeerkennen. D’Biodiversitéit ze schützen, eis Territoiren, eis Flëss ze erhalen, ass keng politesch Optioun méi, et ass eng Liewensnoutwendegkeet.
Un all déi, déi regéieren, riichte mir eng einfach Botschaft: Är Berechnunge wäerten ni méi wäert sinn ewéi e Flilleksschlag. Är Grenze wäerte weder Stuerm nach Dréchent ophalen. Dëst Bekenntnis ass keng Petitioun! Et ass eng Erënnerung: Mir sinn net Spectateuren, mee Verantwortungsträger. Mir sinn net Proprietären, mee just Verwalter op Zäit.
Fazit: Eng Dronemauer kann Zaldoten ophalen. Mee wéi eng Mauer wäert d’Klimakris ophalen, déi mir mat all weiderem Krich, all weiderer Zerstéierung an all weiderem Joer vum „je m’en fiche“ beschleunegen? D’Äerd brauch keng Gewënner. Si brauch Verantwortung. Well op engem zerstéierte Planéit gëtt et um Enn keng Gewënner méi.
„Am Numm vun alle Mënsche vu guddem Wëllen, mat grousser Suerg an nëmme wéineg respektvolle Gréiss un all Diktatoren a politesch Brandstëfter vun dëser Welt.“