Leserforum
„Die letzte Chance“?
E Saz, deen ee vill ze oft héieren huet, fir en nach wierklech eescht ze huelen. Well d’Wourecht ass vill méi banal a vill méi brutal: Eng Tripartite, an där kee méi dem anere vertraut, ass vun Ufank un zum Scheitere verurteelt.
Mir liewen an enger Zäit, an där Wierder ëmmer méi wäertlos ginn. Jidderee schwätzt vu Verantwortung, Solidaritéit, Kompromëss. Mee hannert de Kulissen dominéiere Mësstrauen, Egoismus an – dat muss ee kloer soen – och eng gutt Portioun Heuchlerei. An do kënnt eng einfach, mee onbequeem Wourecht an d’Spill: Celui qui commence à se sacrifier pour ceux qu’il aime finira par haïr ceux pour lesquels il s’est sacrifié.
Genee do läit de Kärproblem: D’Gewerkschaften, de Patronat, d’Regierung – jidderee fillt sech am Recht. Jidderee mengt, hien hätt scho genuch ginn. A jidderee waart drop, datt den aneren den éischte Schratt mécht. Mee dee Schratt kënnt net. Well et net ëm Léisunge geet – mee ëm Positiounen. An dofir ass déi sougenannt „lescht Chance“ warscheinlech guer keng Chance. Si ass éischter e Ritual. Eng Inzenéierung. Eng nei Ronn vum selwechte „Spill“.
An do stellt sech schlussendlech eng Fro, déi vill ze wéineg gestallt gëtt: Geet et hei wierklech nach ëm d’Wuel vun de Leit – oder just nach ëm Muecht, Image a politescht Iwwerliewen? Wann Vertraue feelt, ass all Dialog nëmmen Theater. An Theater huet nach ni eng Kris geléist.
D’Tripartite ass net déi „lescht Chance“. Si ass vläicht nëmmen de leschte Beweis, datt mir verléiert hunn, éierlech mateneen ze schwätzen.