„Léiwer Hergottsblieschen“
Schouss voll Nëss oder eng voll an d’Schnëss? Wéi ass et richteg?
Wat bedeit d’Lidd „Léiwer Hergottsblieschen“? A sollen d’Leit e Schouss voll Nëss oder eng voll an d’Schnëss kréien? Den Dr. Sam Mersch, Sproochenhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, kennt d’Äntwerten.
Dëse Méinde ginn d‘Kanner mat hire Lampione liichten Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante
Den 2. Februar ass Liichtmëssdag, also deen Dag, op deem d’Kanner aus der Primärschoul traditionell „liichte ginn“. Se bastelen dacks Lampionen an der Schoul, déi se dann un hir Liichtebengelcher kënnen hänken. Fréier ware Liichtebengele mat Käerzen a richtegem Feier, haut da wéinst der Sécherheet awer mat Batterien an enger klenger Bier. E bleift awer dobäi, datt d’Kanner mat dëser Traditioun neit Liicht an d’Enn vum Wanter solle bréngen.
Zanter Oktober 2025 steet d’Liichtegoen op der Lëscht vum nationalen Inventaire vum Immaterielle Kulturierwe vun der Unesco. Domat ass dës Traditioun, déi virun allem déi jonk Leit betrëfft, och offiziell unerkannt ginn. Méi dozou an och den Dossier vum Kulturministère iwwert d’Liichtegoe fënnt een um Internetsite vum Immaterielle Kulturierwen (iki.lu).
Léiwer Herrgottsblieschen
Léiwer Herrgottsblieschen
Gëtt ons Speck an Ierbessen,
Ee Pond, zwee Pond,
En aner Joer da gitt der gesond.
Loosst déi jong Leit liewen,
An déi al Leit stierwen!
Kommt der net bal,
Ons Féiss ginn ons kal;
Kommt der net geschwënn,
Ons Féiss ginn ons dënn;
Kommt der net gläich,
Da gi mer op d‘Schläich;
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.
Blasius-Lidd
Traditionell gëtt beim Liichtegoe vun de Kanner d’Lidd „Léiwer Herrgottsblieschen“ gesongen, dat fréier och nach Blasius-Lidd genannt ginn ass. Dat erkläert dann och schonn, wou d’Wuert Blieschen hierkënnt: Dohannert stécht den Hellege Blasius, deem säin Dag allerdéngs den 3. Februar – an net den 2. – ass.
D’Lidd fänkt awer mat enger aler Tournure am Lëtzebuergeschen un. Et heescht nämlech direkt am Ufank „léiwer Herrgottsblieschen“, wou mer hautdesdaags éischter „léiwen“ géinge schreiwen. D’Form „léiwer“ ass déi al Nominativform an der Uried, déi dono, an der Virgeschicht vum moderne Lëtzebuergeschen, duerch d’Akkusativendung ersat ginn ass.
Et geet weider mat „gëtt ons Speck an Ierbessen, ee Pond, zwee Pond“. Gemengt war domat fréier haaptsächlech, datt een eppes Guddes sollt kréien – hautdesdaags sinn et da virun allem Kamellen. Et handelt sech beim Liichtegoen awer ëm eng Offer vun de Kanner; wa se eppes fir hir Déngschter (d’Liicht an de Wanter bréngen) kréien, da sollen hir Gënner als Géigeleeschtung an der Zukunft vun enger gudder Gesondheet kënne profitéieren.
Stierwen oder derniewen?
Am Text heescht et dann och nach „loosst déi jonk Leit liewen an déi al Leit stierwen“, dacks gëtt dee leschten Deel awer ersat duerch „an déi al derniewen“. Domat gouf awer op den normale Liewensrhythmus higewisen, an deem et eeben normal ass, datt jonk Leit nach e laangt Liewe viru sech hunn an eeler Leit dat schonn hannert sech hunn.
Et geet domat weider, datt d’Kanner net méi sangen, mee schnell schwätzen, fir ze weisen, datt se waarden an ongedëlleg sinn. D’Lidd hält op mat „kommt Der net gewëss, da kritt Der e Schouss voll Nëss“. Ursprénglech war dee leschten Hallefsaz awer „da kritt Der eng déck op d’Schnëss“. Well dat awer dacks (an och scho fréier) als ze graff ageschat gëtt, gëtt et gewéinlech duerch „[...] Schouss voll Nëss“ ersat. D’Nëss hu mat der Schnëss zwar net vill ze dinn, et huet sech awer och nach misse reime loossen.