Buchbespriechung
D’Inkarnatioun vum Begrëff Passivitéit – „De Bicherbus“ vum Christiane Kremer
Wat mécht een, wann engem säi spéidert Liewe quasi vun Ufank un, bis an dat klengstent Detail geplangt ass, een eigentlech bal alles huet, wat een am Fong ëmmer wollt, an een awer onzefridden ass? Ma am beschten, et mécht een et wéi d’Corinne, d’Protagonistin aus der Christiane Kremer hirem éischte Roman „De Bicherbus“. Oder besser och net ...
Foto: Kremart
D’Corinne Rausch, d’Fra respektiv Nach-Fra vum Deputéierte Joé Welter, ass méi wéi onglécklech an hirer Bezéiung mam geléierte Jurist, déi sech nëmmen nach tëschent Dier an Aangel ofspillt. Mee och mat hirem gemeinsame Liewen, hirem Plang, dee se sech zesummen opgestallt hunn, ka si sech einfach net méi identifizéieren. An där Zait, wou de Joé op d’Uni gaangen ass, huet d’Corinne direkt no der Schoul op enger Bank eng Plaz fonnt, fir schonn eemol e klenge Fong u Sue fir déi gemeinsam Zukunft unzespueren. Dono huet si opgehale mat schaffen, fir hirem Mann „de Réck fräizehalen“, hie bei senger Aarbecht als Deputéierten, déi hie bis an d’Chamber féiert, ze ënnerstëtzen. Si huet sech hir Passioun fir d’Liesen an hir Interesse komplett an den Hannergrond gestall a sech nëmmen nach op de Joé an hir gemeinsam (oder awer éischter seng?) Pläng fokusséiert. Bis op ee gewësse Punkt ass der Christiane Kremer hirer Protagonistin dat awer verständlecherweis net méi duergaangen.