Elegant geknëppelt

Elegant geknëppelt

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Der Iwwerliwwerung no sot de Schrëftsteller, Iwwersetzer an Theaterdirekter Guy Wagner emol, ee vun de Grënn, wisou hien dem Samuel Beckett säin Theater an d’Lëtzebuergescht iwwersat hätt, wier, well eis Sprooch knaschteg genuch wier, fir dat Réit an dem Beckett senge metaphysesch-existenzialisteschen Texter anzefänken. Genee dowéinst ass dës Concertsbespriechung wuel och op Lëtzebuergesch, well eis Sprooch (hoffentlech) knaschteg genuch ass, fir dat Réit an dat Raut vum Post-Black-Metal-Fest (oder mat wéi enge Prefixen een d’Musek vun der Band och wëll bezeechnen), dat Der Weg einer Freiheit gëschter an der Kufa gefeiert hunn, ze beschreiwen.

Der Weg einer Freiheit spillen eng Zort pechschwaarze Metal, déi duerch d’Band Deafheaven eng gewësse Legitimitéit am Mainstream kritt huet. Besoten Deafheaven haten nämlech mat hirem Album „Sunbather“, deen ee ganz atypescht Artwork mat vill Rosatéin hat, e bëssen Opmierksamkeet um Musiksite an Hipsterbarometer Pitchfork kritt.

(Pech)schwaarze Metal

Gëschter war an der Kufa awer keen Hipsteralarm. Wéi een erakomm ass, huet ee geduecht, dem Vigile virun der Dier wier zougeflüstert ginn, en dierft nëmme Leit mat Baart an/oder laangen Hoer eraloossen. Live klengen Der Weg einer Freiheit präzis a professionell, an de rouege Momenter schielen sech déi schéi Gittarsmustere propper eraus, a wann d’Jonge voll opdréien, kann een sech ëmmer um impressionanten Drummer festhalen, deen esou schnell hannert senger Batterie hantéiert, dass ee bal den Androck kritt huet, bis d’Gehir dat verschafft huet, wier de Batteur schonn e puer Täkt méi wäit.

Eigentlech huet de Klang vu Bands wéi Der Weg einer Freiheit, mat hire méi rouegen, akusteschen Deeler, hiren Ambient-Passagen, an dem Wiesselspill mat de Momenter, wou et einfach just virugeet, hir Origine am Klang vu Gruppe wéi den immensen Isis a Cult of Luna – well déi schonn an de spéiden 90er ugefaangen hunn, Elementer vum Post-Rock an hir méi dreckeg, verzerrte Klangbiller z’iwwerhuelen an déi esou ze nuancéieren.

Konzeptuelle Kaméidi

Sou klengen „Der Weg einer Freiheit“ dann och an hire beschte Momenter, vun deenen et der gëschter nawell vill gouf, am Laf vun engem eenzege Lidd wéi eng interessant Kräizung vu Wolves in the Throne Room – fir d’Geknëppels an d’Vitesse –, Deafheaven – fir d’Mëschung aus den atmosphäresche Momenter an de méi klassesche Black-Metal-Momenter – a Cult of Luna, fir d’Längt an den Opbau vun de Lidder. Bei „Skepsis“ sinn des Elementer schéi propper an zwee Lidder opgedeelt (déi dann ouni Iwwerraschung „Skepsis, Pt.1“ a „Skepsis, Pt.2“ heeschen), anerwäerts, wéi am immense „Repulsion“ (den Opener vum Album „Stellar“, dee vun 2015 ass), kommen all déi Elementer wonnerbar zesummen.

Dat trëfft och op „Aufbruch“ zou, den Opener vun hirem neien (an empfeelenswäerten) Album „Finisterre“, enger Aart Konzeptalbum, dee mat engem Zitat aus dem Marlen Haushofer sengem Roman „Die Wand“ ufänkt. Doriwwer konnt een sech natierlech Gedanke maachen, iwwert d’Konzept vun der Plack, well et an dem Roman ëm eng Fra geet, déi duerch d’Opdauche vun enger onsiichtbarer Mauer vun der Zivilisatioun ofgekapselt gëtt. Et hätt een zum Beispill iwwert den Notze vun enger Flucht aus enger Zivilisatioun, déi engem grad genuch Grënn gëtt, Eskapismus bedreiwen ze wëllen, diskutéiere kënnen. Et konnt een awer och einfach just am Rhythmus vun de laangen, intensive Songs, déi Der Weg einer Freiheit gëschter gespillt hunn, de Kapp uerdentlech rëselen, wéi wann ee grad déi Gedanke fir eng déck Stonn hätt wëlle vergiessen. Wat ënner anerem och dowéinst net verkéiert war, well ee vun de gebläerten Texter souwisou kee Wuert verstanen huet.