So., 5. Dezember 2021



  1. Daliah Scholl /

    Dem Isabella sain Laachen, sain zart an diskret Optrieden mat engem intensiven, konzentreierten Blëck,
    bleiwen an aisen Haerzer.
    Main deifstend Matgefill un d’ganz Famill an un den Olivier.

  2. Xavier Linder /

    Au-revoir Isabella, ton talent de photographe mais aussi ton sourire, ta douceur vont grandement nous manquer

  3. Leila /

    Bewegender Nachruf, tolle Momentaufnahmen! Einen Bildband ihrer Werke rausbringen, unerlässlich!

  4. Arm /

    Eng léiw a sympatesch Madam huet des Welt vill ze vill fréi misse veloossen.

  5. Jean Lichtfous /

    Ganz traureg dass dës exzellent Fotografin eis verloss huet. All kéieres wa mir eng Pressekonferenz oder soss eng Aktivitéit oder Manif haten, an d’Isabella koum lanscht, da wousst en datt den Dag drop eng super Foto dovun am tageblatt oofgedréckt gouf, déi dem Artikel nach eppes dobäi gefügt huet. Si wärt vu ganz ville Leit vermësst gin.

  6. Astrid Freis /

    Scheinen hommage vum Armand Back, sie war eng vun deenen raren ganz leiwen an frendlechen Menschen
    Sie huet mat hierem jugenlechen oppenen Stiel emmer nach wei eng Studentin ausgesin an awer super professionnel geschafft
    Sie waert ons ganz vill feelen hei zu Esch

  7. Vinz /

    Auch ich hatte die grosse Ehre Isa kennengelernt zu haben, damals in Dudelange. Wirklich ich kann nicht glauben dass sie nicht mehr da ist, das muss ein (Alp)traum sein. Mein herzliches Beileid an die Familie und an alle die Isa nahe standen.

  8. Thierry Frisch /

    Zu Bréissel am „Le 75“ hu mir eis bal all Dag gesinn. Duerno oft op Concerten, Expoen a Pressekonferenzen. All Kéiers wann ech hatt gesinn hunn, ass d’Sonn opgaangen. Ëmmer ee léift Laachen. Ëmmer positiv. Ëmmer witzeg. Et huet ee sech einfach wuel a gutt gefillt wann d’Isabella do war. Hat hannerléisst ee grousse Vide a ville Liewen. Du wäerts eis feelen, Isabella!

  9. BinsfeldsRom /

    Kann een méi déif schockéiert sinn? Wou ech de Mueren mäin Tageblatt opgeschloen hunn, ass d’Häerz mer bal stoe bliwwen.
    Ech hunn d’Isabella net esou gutt kannt, mee awer gutt genuch fir einfach en schrecklech sympathëschen an häerzleche Mënsch ze kennen.
    All Renconter mat him woar en Erliewnis, de Näischtnotz stoung em an den Aen, et woar einfach nëmmen e schrecklech léiwe Mënsch!
    ech schwetze net vu sénge Fotoen, déi fantastesch sinn – e Bildband wier effektiv eng genial Iddi!
    En herrlechen Hommage effektiv vum Armand awer och dee vum Jeff Schincker ass duerchaus „Gänsehaut“.
    Merci Isabella fir alles Schéines wat s’du eis bruet hues!!!

  10. Claude GENGLER /

    Och am Quotidien huet d’Isabella onvergiesslech Spuren hannerlooss. Ech erënneren nëmmen un d’Fotoscampagne « Je lis Le Quotidien, car… », déi mir 2015 zesumme realiséiert hun an déi honnerte Mol an de verschiddenen Editpress-Zeitungen verëffentlecht gouf. De Making of war eng immens Erfahrung fir all Bedeelegt an d’Isabella huet et wéi keen 2. verstan, d’Leit à l’aise virun der Kamera ze maachen. Emol ganz ofgesinn vun der künstlerescher Qualitéit vum Resultat. Wat hu mir gelaacht a gelästert, Isabella, et war ëmmer e Genoss dech ze gesin a mat dir ze schaffen! Mir wollten nach ëmmer eng Kéier – zu 4 – bei den Thailänner goen, leider ass et net méi dozou komm… Merci Armand, fir dee schéinen Hommage!

Kommentieren Sie den Artikel