PressefräiheetEn aussergewéinlechen Interview mam Bildungsminister Claude Meisch

Pressefräiheet / En aussergewéinlechen Interview mam Bildungsminister Claude Meisch
 Symbolfoto: dpa/Marijan Murat

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den 3. Mee ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet. No enger grousser Bedeelegung am Joer 2018 huet d’Tageblatt-Redaktioun entscheet, dass d’Schüler zu Lëtzebuerg ab 2020 all Joer op en Neits hir eegen Artikele schreiwen a publizéiere kënnen. An der Corona-Kris si si staark isoléiert. Dëse Projet soll grad elo hëllefen, hinnen eng Stëmm ze ginn. D’Schüler fänken hir Artikelserie mat engem Interview mam Bildungsminister Claude Meisch (DP) un. D’Gespréich gouf vun de Schüler Anna Schroeder (4e), Athanasios Malouchos (4e), Camilia Helmlinger (4e), Manon Schroeder (7e), Julia Reuland (4e) a Gioia Heinz (7e) aus dem Lycée Robert Schuman gefouert a mat Hëllef vum Tageblatt redigéiert.

Wéi hutt Dir d’Fermeture vun de Schoulen erlieft?

Claude Meisch: Also dat ass fir eis am Ministère eigentlech grad sou Hals iwwer Kapp gaangen ewéi fir d’Schüler. Donneschdegowes ass d’Noriicht rausgaangen, datt ab dem Méindeg drop keng Schoul méi wier, fir eis ass dat och réischt de selwechten Dag moies konkret ginn. Vun deem Zäitpunkt un hu mir dorunner geschafft, fir ze kucken, wéi mir dat maache sollen. Dono gouf et eng Improvisatiouns-Phas. Lo besteet natierlech nach ëmmer d’Ongewëssheet, wéi laang dat nach dauert a wat dono kënnt. Mir plangen zwar erëm eng Rentrée an d’Schoul, mee mir musse kucken, wéi d’Schoul da funktionéiert.

Wier et net besser gewiescht, weiderhin digital Coursen ze halen, fir all Risk ze vermeiden?

Et huet gutt funktionéiert par rapport zu deene Konditiounen, déi mir haten. Et ass awer kloer, datt net de ganze Programm op dës Aart a Weis kann duerchgeholl ginn an datt d’Presenz an der Schoul awer nach eng Kéier eppes anescht ass. Déi beschte Léisung, fir Schoul ze halen, ass eben nach ëmmer sur place an der Schoul, am direkte Kontakt mam Enseignant a mat de Kolleegen aus der Klass. Duerfir hu mir gekuckt, fir dat Schouljoer och sou ofzeschléissen, datt mir awer nach e puer Woche Schoul virun der grousser Vakanz hikréien.

Ass dat da sécher?

Dofir gëtt et jo elo Sécherheetsmoossnamen: d’Opsplécke vun de Klassen an zwou Gruppen, fir net zu ze vill an der Schoul ze sinn, Sécherheetsofstänn an d’Klenghale vun de Gruppen, fir datt am Fall vun enger Infektioun manner Schüler géinge riskéieren, ugestach ze ginn. Dobäi kënnt nach de Mondschutz, d’Verréckele vun de Pausen, en heefegt Opfuerderen, fir d’Hänn ze wäschen a se ze desinfizéieren …

D’Gespréich gouf vun de Schüler Anna Schroeder (4e), Athanasios Malouchos (4e), Camilia Helmlinger (4e), Manon Schroeder (7e), Julia Reuland (4e) a Gioia Heinz (7e) aus dem Lycée Robert Schuman gefouert. Hiren Enseignant ass de Lukas Wildanger.
D’Gespréich gouf vun de Schüler Anna Schroeder (4e), Athanasios Malouchos (4e), Camilia Helmlinger (4e), Manon Schroeder (7e), Julia Reuland (4e) a Gioia Heinz (7e) aus dem Lycée Robert Schuman gefouert. Hiren Enseignant ass de Lukas Wildanger.

Op Schüler, déi doheem net esou gutt kënne schaffen, gouf scho vill agaangen, mee wéi gesäit et aus mat deene Schüler, déi doheem einfach net wëlle schaffen an et net maachen?

Et gëtt där enger an där anerer. Bei deenen ass et elo och nach méi schwiereg, datt si et elo doheem maache sollen. An duerfir ass et elo wichteg, datt mir jidderee virun der Summervakanz nach eng Kéier an d’Schoul kréien, fir datt den Enseignant ka kucken, ob dee Programm, deen doheem ze maache war, och wierklech absolvéiert gouf oder net. Den Enseignant gesäit dann och besser, wou vläicht nach Schwieregkeete sinn. Mir hunn eis och ganz um Ufank vun dëser Phas d’Fro gestallt, ob mir iwwerhaapt all Schüler erreechen. Enn Mäerz, also no der éischter Woch, hu mir d’Direktere vun all de Schoule gefrot an et huet sech erausgestallt, datt mir 15 Prozent vun all de Schüler net erreecht hunn, an dat huet eis grouss Suerge gemaach. Ëmmerhi war awer Schoul an déi eng hu matgemaach a geléiert, wärend anerer gemengt hunn, et wär e bëssen eppes wéi Vakanz a se kéinten einfach doheem bleiwen a maachen, wat se wëllen.

Elo ginn d’Schoulen ab dem 4. Mee nees op. Wisou maacht Dir d’Lycéeë virun de Grondschoulen erëm op?

Dat huet e puer Grënn. Een dovunner ass, datt mir net alles matenee kënnen opmaachen, de 4. Mee komme just déi, déi am Gaang sinn, fir d’Première ze léieren, nach eng Kéier an d’Schoul, fir sech do op hir lescht Prüfungen an Examen virzebereeden, déi Woch dono wäerten all déi aner Lycées-Schüler a weider zwou Wochen dono dann d’Grondschüler nokommen, iwwerall nëmmen d’Hallschent vun de Schüler aus enger Klass. Souwuel d’Opgoen an eenzele Phasen ewéi och, datt et net sou vill Schüler sinn, soll dobäi hëllefen, de Virus ënner Kontroll ze behalen. Lo geet jo lues a lues rëm alles op, a wa mir dat géinge mateneen alles maachen, da wier et onméiglech, d’Kontroll ze behalen.

D’Gespréich gouf vun de Schüler Anna Schroeder (4e), Athanasios Malouchos (4e), Camilia Helmlinger (4e), Manon Schroeder (7e), Julia Reuland (4e) a Gioia Heinz (7e) aus dem Lycée Robert Schuman gefouert. Hiren Enseignant ass de Lukas Wildanger.
D’Gespréich gouf vun de Schüler Anna Schroeder (4e), Athanasios Malouchos (4e), Camilia Helmlinger (4e), Manon Schroeder (7e), Julia Reuland (4e) a Gioia Heinz (7e) aus dem Lycée Robert Schuman gefouert. Hiren Enseignant ass de Lukas Wildanger.

Klappt dat dann?

Mir hunn et lo fäerdeg bruecht, op eng ganz geréng Zuel vun Neiinfektiounen ze kommen, well d’Leit doheem bliwwe sinn a sech ganz seriö un d’Reegele gehalen hunn. Mir mussen elo kucken, datt dës Zuelen net erëm staark an d’Luucht ginn. Dowéinst wëlle mir dat schrëttweis maachen, a wa mir bei den éischte Schrëtt mierken, datt de Virus erëm ze schnell zeréckkënnt, da musse mir iwwer déi aner Schrëtt nach eng Kéier nodenken. Esou kann et och sinn, datt, wann ze vill Infektioune gemellt ginn, d’Schoulen net den 11. Mee erëm kënnen opgoen.

Ass et wierklech néideg, dass d’Primaner nach eemol virum Examen an d’Schoul mussen?

Ech denke schonn, dass dat gutt ass, an d’Schüler hunn dat och esou gesinn am Laf vun deenen Diskussiounen, déi mir ganz am Ufank vun dëser Situatioun haten. Si wëlle virum Examen nach eng Kéier an d’Schoul goen. Wa mer gesot hätten, dass dat net de Fall wier, dann hätte si hiren Examen trotzdeem warscheinlech nach gutt preparéiert kritt. Si ware lo wochelaang net an der Schoul a konnten och nëmme à distance kontaktéiert gi vun hiren Enseignanten. Déi Woch soll awer nach eng Kéier genotzt ginn, fir si op déi lescht Prüfungen virzebereeden. Mir maache jo och nach bewosst Prüfungen, souguer zousätzlech fakultativer, fir de Schüler d’Méiglechkeet ze ginn, hir Notten nach ze verbesseren. Jiddereen huet elo Froen u seng Enseignanten a Klassekomeroden, mat deenen een an der Schoul nach besser kann diskutéieren, wéi dat elo de Fall ass.

Wéi leeft dat da genee of?

Et gëtt jo oft gesot, se sollte vläicht awer net kommen, herno hätte se sech ugestach. Déi Wochen, an deene si d’Prüfunge schreiwe kommen, kënne mer dat sou organiséieren, dass si guer keen anere begéinen an der Schoul. Do kann een zum Beispill soen, si fänken net moies um 8 Auer mat hirer Prüfung un, mee um 9.30 Auer, wann déi aner all an hirer Klass setzen. Mir hunn och bei hinne gesot, dass si e Mondschutz unhunn an Distanz hale mussen. Dat alles maache mer jo, fir dass kee sech ustécht. Ech verstinn, dass ee sech, wann ee sech elo bal e Joer laang op d’Premièresexame virbereet huet, natierlech net infizéiere wëll, mee mir maache bei all de Klassen alles, fir dass kee sech infizéiert, souwäit dat ebe méiglech ass.

Geet dat dann duer?

Zousätzlech hu mer jo och nach proposéiert, dass all d’Schüler an Enseignanten sech teste kënne loossen. Dat gëtt eis e gudden Iwwerbléck iwwert d’Situatioun bei de Schüler. Wa mer do elo géife rausfannen, dass ganz vill Schüler positiv op de Coronavirus getest goufen, da misste mer eis nach eng Kéier Gedanke maachen, ob eis Preventiounsmesuren duerginn oder ob mir net esouguer nach zousätzlech Mesurë kéinten huelen. Wa kaum Infektioune festgestallt goufen, dann ass dat awer och e Signal, dass een eigentlech ouni weider Problemer kéint an d’Schoul kommen, natierlech mat all deene Sécherheetsmesuren, mee awer soss ouni grousse Risiko. Doduerch, dass ee sech teste léisst, schützt ee sech och selwer, well Leit, déi positiv getest goufen, mussen natierlech eng Zäit laang isoléiert ginn.

Kann e Primaner den Examen nach matschreiwen, wann e virun e puer Woche positiv getest ginn ass?

Dat ass vum Timing hir guer kee Problem. Da si se an e puer Wochen erëm disponibel, fir den Examen ze schreiwen, kënnen awer net ab dem 4. Mee nees an d’Schoul, fir sech ze preparéieren. Den Examen ass awer net a Gefor.

Funktionéiert de Schülertransport schonn an där Woch, an där nëmmen d’Primaner an d’Schoul ginn?

Do funktionéiert och de Schülertransport, awer warscheinlech mat manner Bussen, wéi et soss de Fall ass, well et jo vill manner Schüler sinn. Et kënnt een awer vun iwwerall a säi Lycée an et wäert eben och d’Reegel vum Mondschutz gëllen, fir ze verhënneren, dass infizéiert Leit de Virus op dësem Wee un anerer weiderginn.

D’Schüler, d’Elteren an d’Léierpersonal weise sech deelweis immens besuergt a skeptesch géigeniwwer vun der ustoender Reouverture vun de Schoulen a vill Leit hu souguer eng Petitioun géint d’Re-Rentrée ënnerschriwwen. Wei stitt Dir zu dëser Petitioun?

Also ech verstinn déi Suergen, déi d’Leit hunn. Ech mengen, jiddereen hat elo Wochen, an deenen e sech näischt huet dierfen trauen, oder mir hunn einfach Gesetzer gehat, déi eist Liewen immens ageschränkt hunn, fir datt mir eis net infizéieren, mee awer och de Virus net un anerer weiderginn. Angscht a Suerge versti mir och. Mir mengen awer, et muss een zeréck an en normaalt Liewe fannen, an et ass jo elo sou, datt schonn eenzel Aktivitéiten erëm ugefaangen hunn. Zum Beispill sinn d’Chantieren erëm op, an do gëtt och anescht geschafft. Ee Secteur nom anere wäert dann och erëm opgoen an ënner anerem eben och d’Schoulen. Einfach elo ze soen, mir waarde bis d’grouss Vakanz an duerno geet et vläicht rëm besser, dat wier net gutt gewiescht fir iech Schüler, well dir hätt da keng Chance méi gehat, dat Joer hei propper op en Enn ze kréien. Mir hätte keng Evaluatiounen, also keng Prüfungen, méi kënne maachen. Mir hätten ofschléissend net kënne soen, wien huet dann elo säi Joer gepackt a wien net.

A wat schwätzt dogéint, am Hierscht unzefänken?

Ech liesen Theorien, déi soen, dass keng Schoul méi bis de September soll sinn, a jidderee fänkt dann nach eng Kéier an der selwechter Klass un. Eng grad sou einfach Theorie ass: Et ass keng Schoul méi bis de September a jiddereen huet et gepackt a fänkt an der nächster Klass un. An ech denken, dass béides net richteg ass an datt mir awer musse kucken, datt mer dat Schouljoer propper op en Enn bréngen an och iech Schüler richteg guidéieren.

Wéi wichteg ass d’Gesondheet an deem Ganzen?

Mir mussen dovunner ausgoen, dass, ausser et geschitt e Wonner um Niveau vun engem Impfstoff oder engem Medikament, mer nach eng Zäitche mat dem Virus musse liewen. An eis einfach elo anzespären, bis de Virus dann iergendwann eng Kéier fort ass, ass sécherlech eppes, wat net geet, well och dat hätt ganz grouss Risiken. Mir wëssen, datt dat Ganzt op de psycheschen Zoustand vun de Léit dréckt, mir wëssen, datt d’Schoul den Ament net esou gutt ze organiséieren ass, wéi dat an der Reegel de Fall wier. Mir wëssen och, datt iergendwann eng Kéier wichteg Aarbechtsplaze wäerten a Gefor kommen. Elo wëll ech dat net mat der Gesondheet vun de Léit ofweien, mee awer musse mer kucken, datt mir eben absolut onbedenklech kënne lues a lues erëm d’Aktivitéite starten, ouni datt sech de Virus erëm onkontrolléiert kann ausbreeden. Dat ass dat, wat mer elo schrëttweis mat de Schoule wäerte maachen, wéi et parallel dozou an aneren Domainen och wäert de Fall sinn.

Wier et da besser, wann d’Schüler just fräiwëlleg an d’Schoul géinge kommen?

Do hunn ech eigentlech schonn e Problem domadder. Mir musse jo och kucken, datt alles sécher ass. Och wann ee fräiwëlleg kënnt, kann d’Sécherheet jo net vernoléissegt ginn, et muss alles sécher si fir déi, déi kommen. A wann et sécher ass, gëtt et och keen Argument méi, fir net ze kommen. Mir hunn eng Schoulflicht zu Lëtzebuerg, op d’mannst bis ee gewëssenen Alter, awer och Prinzippien ewéi zum Beispill den Apprentissage à domicile, mee déi funktionéiere ganz anescht wéi dat, wat d’Schüler déi lescht Woche gemaach hunn. An da gëtt et nach fir mech e ganz wichtege Grond, firwat d’Schoul net einfach ka fräiwëlleg sinn.

Wéi een?

Jidderee muss am Liewen déi selwecht Startchancen hunn. Deen ee géing och fräiwëlleg an d’Schoul goen an deen anere géif et warscheinlech net maachen, an dee sëtzt dann awer vläicht doheem, kritt net gehollef a wäert dowéinst e grousse Retard kréien. Mir solle kucken, fir jidderengem déi selwecht Chancen ze ginn. Mir musse selbstverständlech dofir suergen, datt et vum sanitäre Standpunkt aus onbedenklech ass, an dat wäerte mir och.

Wat ass, wa sech wierklech e puer Primaner elo duerch d’Reouverture kuerz virum Examen ustiechen an doduerch hir Examen net maache kënnen?

Da muss ee jo mol fir d’éischt kucken, ob si wierklech krank sinn a Symptomer hunn, da wier et sécherlech schwiereg, den Examen ze schreiwen. Wa si géife positiv getest ginn, ouni Symptomer ze hunn, a riskéieren, anerer unzestiechen, da musse mir déi aner Schüler protegéieren. Wa si also am Stand sinn, den Examen ze schreiwen, a si dat dann och wëllen, da musse mir kucken, si esou ze setzen, datt si kee Kontakt mat anere Schüler hunn. An de Schoulen hu mir do d’Méiglechkeet, déi betraffe Schüler isoléiert a separate Säll, déi mir dës Kéier souwisou virgesinn, hiren Exame schreiwen ze loossen. Mir ginn dovun aus, dass mir där Fäll wäerten hunn, egal ob mir de 4. Mee lo opmaachen oder net.

Wisou gëtt et keng Maskeflicht an de Coursen no der Reouverture?

Mir hu laang doriwwer nogeduecht an do ginn d’Meenungen och e bëssen auserneen. Wann ee léiwer am Cours eng Mask unhuet, eng Klass sech eens gëtt oder een Enseignant freet, datt jidderee soll eng Mask undoen, dann ass dat och an der Rei. Et muss ee se net unhunn, mee dat heescht net, dass een et net däerf. D’Mask soll vun doheem aus bis an de Klassesall a vum Klassesall nees bis heem ugedoe ginn an am Klassesall selwer ass et engem fräigestallt.

Huet de Ministère d’Masken iwwerhaapt getest?

Mir hu verschidden Aarte vu Maske getest a sinn zur Konklusioun komm, datt et awer ganz schwéier ass, mat enger Mask Schoul ze halen. Den Enseignant schwätzt déi ganzen Zäit, do kënnt et och op d’Artikulatioun an op d’Mimik un, an et ass mat enger Mask schwéier, Inhalter esou eriwwerzebréngen.

Ass et wierklech geplangt, dass d’Schüler erëm 30 Stonnen an d’Schoul solle goen?

Mir sinn am Gaang, do nach mat den Direktiounen ze kucken, wéi mir den Horaire nach e bësse kënne kompriméieren. Mir hunn jo souwisou nëmmen nach eng Woch iwwert déi aner, dat wieren an der Moyenne da just nach 15 Stonnen. De Sportunterrecht beispillsweis gëtt och net bäibehalen, well et do immens schwéier wier, d’Sécherheetsmoossnamen, notamment d’Distanz vun zwee Meter, anzehalen. Optiounscourse wäerten och ewechfalen, well Schüler aus ënnerschiddleche Klassen do beieneekommen an de Virus sech esou méi einfach verbreede kéint. Ausserdeem wäerten d’Kantinnen zoubleiwen, well och do d’Gruppe géinge gemëscht ginn. Domadder wäerten et dann natierlech manner Stonne sinn an den Horaire wäert och sou amenagéiert ginn, datt dann nëmme bis 1 Auer Schoul ass an dono fräi.

Wat gëtt Ärer Meenung no um Niveau vun der Educatioun vun dëser Kris zeréckbehalen?

Mir hu gesinn, dass ee mat deenen neien Technologië ganz gutt villes ka maachen. Virdru war et esou, datt ee sech, wann een dat net sou richteg gewinnt ass, net esou richteg traut. Hei war et net méi d’Fro, ob ee sech traut oder net, mir hunn einfach misste vun engem Dag op deen aneren domadder schaffen. Dat war och heiansdo zimmlech schwiereg, mee mëttlerweil geet dat awer ganz gutt an do sollte mer eis alleguerten d’Fro stellen, wéi mir esou Outile gewënnbréngend asetze kënnen.

Wéi ass et mam Mënschlechen?

Virdrun hu sech Schüler an Elteren iwwert d’Proffen opgereegt oder ëmgedréit. Hei huet jidderee sech Méi ginn, fir zesummen dat Bescht draus ze maachen. Et ware Saache méiglech, déi eigentlech virun zwee Méint net denkbar gewiescht wieren: dass een eben och iwwert sou digital Plattformen a Kontakt ass mateneen, dass ee sech och nach owes eng Kéier schreift, dass ee kann zeréckfroen … An ech mengen, dat alldeeglecht Zesummeschaffe wier eppes Flottes, wat mir elo musse maachen – an och fir de Rescht sollte mir e Stéck dovunner bäihalen.

Huet d’Kris en Afloss op de Schoulprogramm?

Vläicht musse mir eis och iwwerleeën, ob et net heiansdo besser ass, net déi grouss, iwwerlaaschte Programmer ze benotzen, mee eis méi Fräiheet ze loossen, amplaz just ze kucken, de ganze Programm duerchzekréien. Momentan maache mer jo elo just nach dat Wichtegst an dësem Schouljoer. De Rescht ass dann éischter fir wa mer nach Zäit hunn.

Ännert sech d’Schoulhalen?

Ech hu vun den informateschen Technologië geschwat, mee dat heescht awer och, dass een aneschters ka Schoul halen an ënnerriichten, wéi dat bis elo de Fall war. A menger Virstellung ass et och esou, dass een eng Teamkonferenz net nëmme soll maachen, fir den Enseignant beispillsweis virun der Tafel ze filmen, dermat jiddereen dat doheem gesäit. Et kann een och mol eng Kéier ganz aneschters denken a vläicht als Klass oder als e puer Schüler zesummen e Projet iwwert deen dote Wee realiséieren an deen dann dem Enseignant schécken oder him Froen dozou stellen. Hei konnte mer dëst Schoulhale vun der Zukunft schonn e bëssen testen.

Kéint Dir Iech virstellen, dass dës „Schoul doheem“ iergendeng Kéier wäert zur Norm ginn?

Dat wier fir mech awer immens schued. Ech ka mir scho virstellen, datt een aneschters Schoul hält an datt ee vläicht net onbedéngt an d’Schoul kënnt, do theoretescht Wësse vermëttelt kritt, wat een dann doheem léiert a verdéift. Ech ka mir beispillsweis virstellen, datt een e Cours online doheem kuckt, dee vum Enseignant recommandéiert gouf, an da kënnt een an d’Schoul a schafft dann do mat de Kolleegen dorunner. Da kuckt een dat, wat een net verstanen huet, nach eng Kéier zesumme mam Enseignant a schafft da méi praktesch zu deem Thema. Ganz doheem géif ech net gutt fannen, well et feelt de perséinleche Kontakt, deen awer wichteg ass. Et gehéiert och zur Schoul, seng Kolleegen ze gesinn.

Paula
3. Mai 2020 - 21.32

@DanV "Aber nach Abschicken des Kommentars war plötzlich der ganze Artikel da. Neues Aufrufen zeigt wieder nur den einen Abschnitt." Der Reader-Modus ist auch kaputt mit oder oder Anmeldung, zeigt immer nur die jeweils aktuelle Umfrage.

Frank Goebel
3. Mai 2020 - 12.56

Guten Tag, danke für den Hinweis. Den Fehler können wir "leider" hier nicht nachvollziehen. Teilen Sie uns doch bitte mit, welches System/Browser Sie benutzen. Mit besten Grüßen Ihre Redaktion

J.Scholer
3. Mai 2020 - 9.08

Abstruse Theorien man den Schüler freistellen würde in der Schule zu erscheinen. Nun stellen man sich vor , man stelle dem Arbeitnehmer frei auf der Arbeit zu erscheinen.Besondere Umstände, besondere Maßnahmen, so hätte man die Ferien um einen Monat kürzen , den versäumten Lernstoff nachholen können.Die Lehrer-,Professorenschaft hätte bestimmt aus Solidarität zugestimmt, nicht alleine der guten Entlohnung wegen.Es wäre ein Dank an die systemrelevanten Berufe , die in diesen schwierigen Zeiten gesorgt haben , der Bürger ein noch angenehmes Leben führen konnte und vor allem eine Geste , dass Solidarität kein leeres Wort sei. Dem so auch für andere Berufe , die die Couch drückten , nicht der Heimarbeit unterlagen ,auf etwas Urlaub zu verzichten.

DanV
2. Mai 2020 - 15.02

Aber nach Abschicken des Kommentars war plötzlich der ganze Artikel da. Neues Aufrufen zeigt wieder nur den einen Abschnitt.

DanV
2. Mai 2020 - 15.00

Hallo Tageblatt, Dieser Artikel ist trotz Anmeldung abgeschnitten. Mit größerem Zoom gehts nur bis zu "Goia", mit kleinerem Zoom ist immerhin ein Abschnitt lesbar,. Oder hat dieser Artikel nur einen Abschnitt? Mfg