Fr., 21. Februar 2020

Premium /  


  1. de maulkuerf /

    kucke mer mol d’Situatioun hei am Land

    Jidderee weess a wöll sech scho beméien Eppes fiir de Klima ze maachen a möcht öt och do wou den Eenzelne kann

    elo ass öt awer esou, dat d’Regierung Alles an een Döppe klaakt a just eng Moossnaam viirschreiwt oder diktéiert, an daat just fiir d’Awunner hei am Land :

    elo E-Autoe kaafen..!! de Sprit méi deier maachen an da klappt öt.

    Daat ass just d’Pärd vun Hanne gesoudelt

    All Dag kommen 200000 Auto’en iwwert d’Grenz
    oft sen daat méi aal Autoen, well öt onse Grenzgänger, am Verglach mat Hei, nöt esou gud geet, ok déi tanken och dann hei

    domat steigt onse Verbrauch vu Sprit öm daat Doubelt, well, d’Awunner vun rondrem kommen jo och nach heihin tanken

    Daat brengt dann och mat sech, dat mer schon am Februar Ons Limit verpolvert un

    Döse Kommentar wöll awer elo nöt solle verstaane gin, mir hätten Eppes géingt ons Nooperen

    Esou, wéi d’Regierung mat ons ömgeet ass falsch

    öt möcht just béisst d’Blut, well do könnt nach dobäi, dat öt engem gudden Deel vun onser Bevölkerung nöt esou gud geet, keng esou deck Päi oder Rent hun, awer op hiiren Auto nöt verzichte können oder wöllen a sech och nöt ee Neien können ode wölle kaafen

    dee klenge Mann göt hei kloor vun der Regierung diskriminéiert

    an daat wär nöt schlecht, wann Ons Herrschaft sech mool géifen öm ons d’Land a senge Awunner kömmeren

    Öt ass Geld fiir Alles Aanescht do, vum Fliiger bis Pavillon zu Dubäi
    möcht een de Radio op, gin engem Dronkenellen aus, wann een héiert wéi a viirwaat d’Milliounen a Milliounen verschwend gin, just fiir äisen Image ze stäipen

    den Image vun engem Land gesäit ee just un der Zefriddenheet vu sengem Vollek

    an daat ass hei zu Letzebuerg nöt de Fall

    de maulkuerf

  2. Felix /

    Egal wéi, et kann nëmmen Hysterie genannt gin waat hei an Europa an besonnesch an onsem Eck leeft.
    Datt en Europaparlament elo den Klimanoutstand ausrifft ass en Zeechen, datt déi net réiff sinn oder beschtenfalls iwerréiff sinn.
    Den Hype em d’Greta an seng Apostelen huet kloer an déitlech gewissen, datt nach ëmmer eng latent Disponibilitéit besteed fir enger Führerpersoun nozelaafen.
    Wann een den och nach bedenkt, wievill Leit op der Welt an engem realen Notstand sinn, dann ass daat hei eng riesen Gemengheet.

  3. Myriam /

    @de maulkuerf, ech sin 200% mat ärem Kommentar d’accord, dass den Klimaproblem vun onser Regierung falsch ugepaak get. Mee bon, waat verstin mir schon, mir geheieren jo just zum ‘people’.
    Wann d’Benzinpräisser erop gin weinst dem Klimaschutz ass jo ok, mee et ass net daat waat den CO2 erofsetzt. Gett deen zousätzlechen Budget och dovir benotzt effectiv eppes fir den Klimaschutz ze machen? Oder sin dei Suen just fir d’Staatskees fir ze beräicheren?

  4. de maulkuerf /

    @myriam
    merci fiir Äre feedback
    wann Der erlaabt
    öt ass NÖT ok dat de Sprit méi däier göt, well öt söch jo hei ganz kloor rausschielt, dat öt nöt fiir d’Ömwelt ze schounen ass, mä just fiir Staatskees ze föllen, an och nöt fiir de Klimaschutz gebraucht, maacht Iech do keng Illusiounen

    dofiir göt elo onst Land opgerüst mat Awacks, Dronen, Kasäre vergréissert, Arméi opgestockt, Militärspidol gebaut a waat sonss nach Alles (wann Der dat nach nöt wousst, et ass esou)

    Äre Saatz “Mee bon, waat verstin mir schon, mir geheieren jo just zum ‚people‘, ech hoffen dee Saatz war ironesch gemengt
    de maulkuerf

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen