Réckbléck

¡Olé … pasa la pelota!: Siwe Lëtzebuerger Goler géint Real Madrid

Ganzer siwe Goler vu fënnef Lëtzebuerger géint de Real!

Dee bis elo leschte Lëtzebuerger Buteur géint Real Madrid heescht Sébastien Thill

Dee bis elo leschte Lëtzebuerger Buteur géint Real Madrid heescht Sébastien Thill Foto: AFP

E puer Deeg éier de Leandro Barreiro viru Kuerzem an der Champions League mat Benfica géint Real Madrid untriede sollt, gouf sech vun der Sportspress am Virfeld gefrot, ob et dann och him net vläicht gelénge géif, fir et dem Sébastien Thill nozemaachen, a grad ewéi deen, géint déi spuenesch Superstaren aus Madrid, e Gol ze schéissen.

Dëst Konschtstéck, wat esouguer nach laang net jidder Top-Géigespiller vun de „Galakteschen“ fäerdegbréngt, ass eisem Sébastien Thill awer viru gutt fënnef Joer gegléckt, wéi heen deemools mat sengem moldawesche Veräi Sheriff Tiraspol an der 90. Minutt mat engem Wäitschoss aus gutt 20 Meter am Hispill den 1:2 an domadder den entscheedende Gol geschoss huet. Un deen absolut sensationelle Sonndesschoss op engem Wochendag, am Bernabeu-Stadion, dierfte sech der nach vill hei heem an och am Ausland a virun allem zu Madrid selwer erënneren.

Eng Oplëschtung a Regruppéierung

Och wann dat effektiv den alleréischte Gol vun engem Lëtzebuerger géint Real an der Champions League dierft gewiescht sinn, esou war dësen Exploit net, wéi vill Jonker kéinte mengen, deen alleréischte vun engem Lëtzebuerger géint eben dee weltberüümte Madrider Veräin.

Wäitaus manner bekannt dierft sinn, dass awer scho virun eisem schossgewaltegen Thill net manner wéi véier weider Lëtzebuerger géint d’Madrilene getraff haten. Well och déi kollektiv national Fussballsmemoire lues a lues un deem iwwerall sech ausbreedende Gediechtnesschwund ze leide schéngt, hu mir et net fir onwichteg fonnt, fir mat enger klenger „Piqûre de rappel“ un dës illuster Exploiten aus der Vergaangenheet z’erënneren.

Géint grouss Real-Spiller wéi Gento, Di Stefano, Santamaria, Puskas an Amancio ze bestoen an esouguer och nach deen een oder aneren Gol ënnerzebréngen – bis elo am Total ëmmerhi ganzer siwen –, ass a bleift fir eis „kleng“ Lëtzebuerger absolut remarkabel an éierevoll. Bei der méi rezenter Victoire vun Tiraspol stoungen den 1. Oktober 2021 och déi Kéier kengesfalls Ersatzleit, mee Superstare wéi Benzema, Hazard a Modric eisem schnell aus der Hëft mat lénks ofzéiende „Sheriff“ géigeniwwer. 1969 hat wuel de Guy Allamano géint Coleraine am Hispill vun engem Eurocup och schonn een „echten Hattrick“ an der zweeter Hallschent fäerdegbruecht, de Réckstand vun 0:2 an der Paus méi wéi opgeholl an domadder de Match mat senger Jeunesse gewonnen.

Duerch déi super Leeschtung huet heen d’Victoire mat 3:2 fir d’Escher geséchert, mee dat war allerdéngs, bei allem Respekt fir de „Guychen“, nëmme géint Nordiren, an eben net géint en absolut Weltklasseteam wéi dat vum Real. Een aneren „Hattrick“- Spezialist op internationalem Parkett war iwwregens den Ady Schmit, dee bei der iwwerraschender 4:2-Victoire den 8. Oktober 1961 am ale Stadion géint Portugal mat gläich dräi Goler vun deene véier fir d’Sensatioun gesuergt huet.

Alle fënnef Lëtzebuerger hunn, iwwert hir jeeweileg Epochen eraus, eng prestigiéis Gemeinsamkeet, an zwar déi, an hirer Carrière géint déi deemoleg „Crème de la Crème“ d’Konschtstéck fäerdegbruecht ze hunn, fir déi Stare ganzer siwe Mol zu engem neien Ustouss an d’Mëtt ze beweegen.

Vu dass de Leandro „leer ausging“, wéi déi Däitsch soen, bléift de Sébastien deemno dee leschten aus der informeller a weider oppener „Bridderschaft“. Wéi mir dee jonke Liam Nurenberg fir d’éischt op der Grenz spille gesinn hunn, si bei eis op eemol erëm Erënnerungen un e wäitleefege Virfare vun him, mat deem selwechten Numm, waakreg ginn. Mir hunn eis nämlech dee Moment spontan un dee legendäre Vic Nurenberg erënnert, deen an de „golden Sixties“ a Frankräich mat groussaartege Leeschtungen op sech opmierksam gemaach huet.

Marcel Theis, Albert Schaack, Vic Nurenberg, Louis Pilot a Sébastien Thill, fënnef Lëtzebuerger Spiller mat zesumme siwe Goler géint de Real!

Méi wäit zeréck ass d’Retrospektiv awer dee Moment net gaangen. Réckbléckend stellt ee fest, dass de Marcel Theis an den Albert Schack zwar déi alleréischt op der Lëscht sinn, déi 1959 géint d’Madrilene getraff haten, awer trotz der bravouréiser Leeschtung, an déi vun der ganzer Jeunesse-Equipe, dee Kult-Match net gewanne konnten, och wa se deen Owend de Real ganz schéi gefuerdert haten.

Anescht do eis dräi Profien, de Vic Nurenberg, de Louis Pilot an eben de Sébastien Thill, déi hirersäits an hirer Carrière allen dräi dobäi och nach als Vainqueur vum Terrain gaange sinn. All viraus, wéi gesot, den Nurenberg, deen et 1960 mat sengem formidablen „Hattrick“ fäerdegbruecht hat, nom Téi (d’„Aiglons“ loungen dee Moment 0:2 hannen) de Match fir Nice dach nach ze dréien. Duerno – a wuel e bësse manner bekannt – huet de Louis Pilot et 1969 dem Vic nogemaach, wéi hee schonn no siwe Minutten am Bernabeu-Stadion markéiert hat.

De Standard vu Léck huet uschléissend de Match dohanne mat 3:2 gewonnen a sech, schonn no enger 1:0-Victoire virdrun zu Sclessin, fir den nächsten Tour qualifizéiert. 2021 war et, wéi gesot, un der Rei vum „Seb“ Thill – iwwregens grad wéi de Nurenberg, och erëm en Nidderkuerer Jong. Säin „Tor des Jahres“, wéi een deemools an enger däitscher Zeitung liese konnt, gouf dofir och ëmmer erëm „en boucle“ op allen Tëleeë Revue passéiere gelooss.

„Nurenberg, le Niçois“

Och wa schonn zwee Méint virdrun, de 4. November 1959, de Marcel Theis – dem Dan säi Papp – an den Albert Schaack an deem memorabelen an absolutte Kultmatch vun der Jeunesse géint Real Madrid (2:5 Endresultat) allen zwee ee Gol ënnerbrénge konnten, ass et dach een anere Lëtzebuerger, an zwar de Vic Nurenberg, un dee mer eis dach wéilten als alleréischten erënneren!

De 4. November 1960 huet den Nidderkuerer Jong, als Kapitän vum OGC Nice, et nach besser gemaacht, wéi et him gelongen ass, am Stade du Ray gläich dräi Goler géint dee selwechte Géigner ze markéieren! Mat dësem eemolegen „Exploit“ an der Véierelsfinall vum deemolegen Europapokal vun de Landesmeeschter sollt heen domadder definitiv an d’Geschicht vun den „Aiglons“ agoen, fir déi hee vun 1951 bis 1960 gespillt huet! Géint Real loung OGC Nice an der Paus mat 0:2 zeréck, éier de Vic an der zweeter Hallschent zu sengem formidaablen Hattrick ugesat huet.

No sengem Uschlossgol huet heen, no engem Foul, den Eelefmeter selwer geschoss, éier hee mat sengem drëtte Gol fir déi formidabel „remontada“ gesuergt huet. Domadder huet heen d’Victoire fir déi rout-schwaarz Gesträifte vun der Côte d’Azur – dem „Midi“ wéi fréier gesot gouf –, un déi kee méi no 45’ gegleeft hat, dach nach erméiglecht. D’Spectateure waren doropshin, natierlech, wéi aus dem Haischen, a „le Luxembourgeois Nurenberg“ gouf doropshi verständlecherweis zur Legend vum Veräin a wäit iwwer d’Grenze vu Frankräich eraus bekannt. D’Fransouse ware sech bewosst, dass se dem „Luxembourgeois Nurenberg“ dës groussaarteg an eemoleg Victoire an hirer Veräinsgeschicht ze verdanken haten.

Dass de Vic duerno zu Nice iwwer Joren eraus immens beléift a populär war, versteet sech vum selwen! Heen huet, voll vun deem gudde „Klima“ donidde profitéiert, sech do wuelgefillt a voll integréiert, an hat déi gutt Iddi, fir gläich drop, net wäit ewech vun der „Promenade des Anglais“, keen Téisalon, mee, mat sengem Paulette zesummen, eng Wiertschaft opzemaachen. De Café, dee si „Chez Vic“ gedeeft hunn, gouf net nëmmen zum beléiften Treffpunkt vun de Supporteren, mee och dee vun all den „amateurs du ballon de rouge“, respektiv zu deem vum beschtbekannte gielen Apéro …

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren