De Lëtzebuerger Cabaret ass net dout! Dat hunn d'Texter vum Claude Faber, Roll Gelhausen, Francis Kirps, Christiane Kremer, Pierre Puth an dem kierzlech verstuerwene Journalist an Auteur Jay Schiltz ënner Beweis gestallt. Si mer nach ze retten? Ass dëst net eigentlech eng rhetoresch Fro? Wien ass mat deem „mer“ iwwerhaapt gemengt? Am Escher Theater goufen den Dënschdegowend genee dës Froe kabarettistesch diskutéiert.
17.10.2020