Leserforum
Wéi et ka goen
Eng kleng Reflexioun zu Mercosur an hir Bedeitung fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft.
Wéi eis Schwéierindustrie, am Speziellen d’Arbed, am Süde richteg a Produktioun gaang ass, huet Lëtzebuerg en Zougang zu engem Hafe gebraucht. Engersäits fir Rostoffer an d’Land ze kréien an anerersäits de fäerdege Produkt an d’Welt ze verkafen.
Du si mir an eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch gaangen, déi sougenannte BelgoLux, Virgänger vun der BeNeLux, déi dunn EG a schlussendlech EU gouf.
Doduerch hate mir dunn Zougang zum Antwerpener Hafen.
Am Géigenzuch huet d’Belsch verlaangt, dass d’gäertneresch Produktioun op Lëtzebuerg dierft geliwwert ginn. Virun allem a Flandern waren du scho méi grouss Betriber am Gaardebau, déi méi bëlleg konnte produzéieren.
D’Resultat dovunner war, dass z.B. vun de wäit iwwer 100 Geméisgäertnereie ronderëm d’Stad Lëtzebuerg an am Land, déi et deemools gouf, haut just nach eng existéiert.