Leserforum

Wann d’Sécherheet virun der eegener Hausdier verluer geet

Wann d’Sécherheet virun der eegener Hausdier verluer geet

De Mëttwoch, den 11. November, koum et an eiser Cité Scheierhaff zu Zolwer tëscht 18.26 an 18.44 Auer zu engem Abroch an engem weideren Abrochversuch. Matten am fréien Owend, wann d’Leit heemkommen an hir Familljen sech op e rouegen Owend freeën.

Op de Kameraopnam gesäit een zwou Persounen, déi sech am Gaart ophalen a scheinbar ganz entspaant matenee schwätzen. Wéi wann et e gewéinleche Spadséiergang wier. Duerno klammen déi zwee op den Daach an dréngen duerch eng Fënster an d’Haus an. Dobäi war d’Haus mat Kameraen an enger Alarmanlag equipéiert. E puer Minutte méi spéit probéieren si, an en zweet Haus anzebriechen. Do ginn si gestéiert a lafe fort.

Ech muss éierlech soen, datt mech dës Dreistheet rosen an och traureg mécht. Wéi wéineg Respekt muss ee virun anere Mënschen hunn, fir esou kalbliddeg an hiert Doheem anzedréngen?

Wat mech am déifste beréiert, ass awer dëst: De Proprietär hat säin Haus just fënnef Minutte virum Abroch verlooss. Sechs Minutten nodeems déi zwee fort waren, koum hien zeréck. E puer Minutten, déi alles hätten ännere kënnen. Wat wier geschitt, wann hien hinne géintiwwer gestane wier? Wann e Kand oder eng eeler Persoun doheem gewiescht wier?

Ech stelle mer dee Moment vir, wou een d’Dier opmécht a feststellt, datt Friemer an der eegener Wunneng waren. Friemer, déi do erakomm sinn, wou een sech geschützt fillt. Op eemol kuckt een all Fënster, all Geräisch, all Schied anescht un. An déi Fro bleift: Sinn ech a mengem eegenen Haus nach sécher?

Eng Auer, e Bijou oder Suen esou e Verloscht deet wéi. Mä vill méi schlëmm ass dat, wat kee gesäit: d’Angscht, d’Onrou an dat verluerent Vertrauen. En Abroch dauert vläicht nëmme Minutten. D’Gefill, net méi sécher ze sinn, ka vill méi laang bleiwen.

Dëse Virfall weist, datt och Kameraen an Alarmanlage keen absolute Schutz bidden. D’Police grand-ducale bitt eng Berodung zur Abrochpreventioun un. Ech roden och deenen, déi schonn esou Anlagen hunn, dovu Gebrauch ze maachen, fir méiglech Schwaachstellen z’erkennen.

Ech hoffen, datt déi Verantwortlech fonnt ginn an datt déi Betraffen hir Rou an hiert Vertrauen erëmfannen.

Haut war et bei engem Noper. Muer kéint et bei Iech oder bei mir sinn.

Dofir mäin Appell: Loosst eis openeen oppassen! Wa mir verdächteg Persounen oder ongewéinlech Situatioune bemierken, solle mir net ewechkucken, mee direkt d’Police informéieren, ouni eis selwer a Gefor ze bréngen.

Eng gutt Noperschaft ass heiansdo méi wäert wéi déi bescht Alarmanlag. Eng Kamera kann eppes ophuelen, en Alarm kann ausléisen. Mä en opmierksamen Noper, deen am richtege Moment reagéiert, kann eventuell en Abroch verhënneren.

Well Sécherheet fänkt net nëmme bei eiser eegener Hausdier un, mee och domat, datt mir openeen oppassen. An eist Doheem soll eng Plaz bleiwen, wou d’Angscht dobausse bleift an net mat eis banne wunnt.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Europa: 27 Länder, 27 Meinungen

Leserforum

„Camouflet électoral pour Trump“