Leserforum
„Voilà ass bëlleg“
An de leschte Méint héieren ech a bal all Interview datselwecht: „voilà“. Net eemol um Enn vum Saz als Ofschloss. Nee, mattendran. Dräi, véier Mol an engem eenzege Saz.
Beispill: „Mir sinn, voilà, amgaang, eist Angebot, voilà, fir d’Clienten ze verbesseren.“ Wat soll dat heeschen? Näischt. Et ass eidel.
Den Trainer: Voilà, d’Équipe huet, voilà, alles ginn, voilà, mir hunn eis Chancen, voilà net genotzt, voilà, dat ass Fussball, voilà. Wat e Kauderwelsch!
Freier hunn déiselwecht Leit ,,ähm“ gesot. „Voilà“ ass elo de modernen Ersatz. Et kléngt eloquent: Vill Leit mengen, „voilà“ géing de Saz méi chic, méi elegant a méi gebilt maachen. Dobäi ass et genau de Géigendeel.
Bei eis ass et d’Ausried, keng Paus ze maachen. Eng Paus am Interview mécht nervös, also stoppe mir séier mat „voilà“. Dobäi wier eng Paus genee dat, wat Souveränitéit weist. Wien eng Paus mécht, huet seng Gedanken am Grëff. Wien „voilà, voilà“ seet, huet se net am Grëff.
„Voilà“ ass net gebilt. Et ass éischter bëlleg an et stécht anscheinend u wéi d’Gaapsen oder eng Gripp. Probéiert et eng Woch ouni. Dir wäert direkt méi kloer a méi kompetent kléngen. Ganz ouni „voilà“.
Ech wënschen Iech nach e schéinen Dag.