Leserforum
Vläit kréie mer nach d’Kéier
Stress, Schlofstéierungen, Konzentratiounsschwieregkeeten, Depressiounen, Angschtzoustänn a Léierschwieregkeete sinn nëmmen e puer Konsequenzen, déi een iwwerdriwwene Smartphonekonsum op all (!) Mënsch kann hunn.
Lëtzebuerg denkt dowéinst iwwert ee Verbuet vu „Social Media“ fir Kanner a Jugendlecher no. Ouni den Zougrëff op dës Medien dierft de Grëff nom Handy gläichzäiteg signifikant erofgoen.
Wéi sou oft ginn d’Meenungen doriwwer awer auserneen. Wärenddeems déi eng et begréissen, wénken anerer Rauten a verweisen op d’Verantwortung vun den Elteren an de Schoulen. Déi Eeler sollen deene Jonken also de richtege Wee weisen. Do dierft dann awer d’Kromm an der Heck leien. Vill Erwuessener ginn nämlech mam schlechte Beispill vir.
Vill Kanner wuessen domat op, datt se Leit gesinn, déi ëmmer erëm op ee Schierm kucken a sou net matkréien, wat ronderëm se leeft. Mam Hond spadséiere goen a parallel ee Video kucken oder d’Maile liesen, den Noper mat engem Telefonsgespréich ënnerhalen, wärend dem Akafegoen „facetimen“ … De Grëff nom Handy beim Autofuere kascht 250 Euro a 4 Punkten. Wuel ze bëlleg, wann ee kuckt, wéi vill der trotzdeem erwëscht ginn. Och am Restaurant gehéiert de Smartphone fir vill Leit zum Läffelsgeschier an de Päerdsfilet däerf och roueg mol kal ginn, wann den Handy quaakt, billt oder päift.
D’sozial Medien erlaben et engem, direkt matzedeelen, wou ee grad drun ass, wat ee grad mécht a mat weem een ënnerwee ass. Sou sinn d’Follower an d’„Frënn“ och direkt „au courant“. Déi neiste Fotoen aus der Vakanz, ee Live-Video vum Concert oder vun engem Dëppefest brénge bestëmmt e puer „Liken“.
Vill Kanner ginn dann och reegelrecht vun den Erwuessene virun dem Smartphone geparkt, well se sou hir Rou am Restaurant, beim Akafen oder doheem hunn. Net nëmme Jonker verfalen a Panik, wann se eng schlecht Internetverbindung hunn oder den Akku platt ass. Hautdesdaags muss ee jo méi wéi 24 h den Dag erreechbar sinn an innerhalb vun e puer Sekonnen op ee Message reagéiert hunn, soss gëtt ee jo schonns bal fir dout erkläert. Dat Ganzt ass natierlech iwwerdriwwe formuléiert, weist awer, dat een de béise Fanger net nëmme Richtung Jugend maache sollt.
Weder de Smartphone nach déi sozial Medien si „per se“ schlecht. Et ass awer wéi mat villem: Wann een et iwwerdréift, bleiwen negativ Suitten net aus. Déi Sucht kritt een nëmmen dann an de Grëff, wann een sech mol selwer agesteet, datt een domat ee „Probleem“ huet an dann och eppes ënnerhëlt a mat guddem Beispill virgeet. Et huet definitiv kee Wäert, anerer wëllen ze beléieren, wann een et selwer mol net hikritt.
An deem Sënn ass ee Verbuet ee wichtegen éischte Schrëtt. Eréischt wann déi Jugendlech prett sinn, soll een hinnen déi Dier opmaachen. Mir Erwuesse sollten awer och drun denken, déi Dier heiansdo an d’Klensch falen ze loossen an d’Liewen „offline“ ze genéissen. D’Verbuet fir déi Jonk ass dat eent, eist Verhale géigeniwwer vun hinnen dat anert.