Leserforum

Vëlo fueren zu Esch – Awer wou?

Vëlo fueren zu Esch – Awer wou?

Also virun engem Mount hunn ech mär erëm en Elektrovëlo geleescht. Stëmmt, déi éischt Deeg hunn ech net ëmmer dru geduecht, fir d’Vëlospisten ze benotzen. Déi eng Autoschaufferen hu mech op eng frëndlech Aart a Weis drop higewisen, anerer mam berüümte Fanger, Där wësst scho wéi een. Ok, huet de Patrick sech geduet, pass mol besser op, du Béisen do.

Elo awer kënnt de Clou: Ech kann Iech op d’mannst fënnef Plaze weisen, wou d’Verkéiersschëlder, déi vun eiser Gemeng opgestallt gi sinn (Parkverbuet fir vun da bis dann, Chantier etc.), déi sti matten op der Vëlospist!

Am Ufank hat ech geduecht, et hätten eventuell Persounen se op Vëlospist gesat, well se soss schlecht aus dem Auto komm sinn (Poussetten, Cageote Softgedrénks a Béier an aner Saachen). Mee nee, ech hu selwer gesinn, wéi d’Gemengenaarbechter se esou higestallt hunn. E schlechte Witz? Nee. Ech fannen, dass déi responsabel Cheffen a Meeschteren zu Rechenschaft gezu ginn, am Fall vun engem Accident. Oder net? Jee jee jee ...

Mol kucken, ob mäi Lieserbréif wierkt, wat jo awer och nees na ja ass. Selig die Bekloppten, denn sie wissen nicht, was sie tun oder tun sollten.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Brandmauern

Leserforum

Eist Land, eis Prioritéiten

Leserforum

Ist Trump dem eigenen Untergang verfallen?