Leserforum

Une guerre peut en cacher une autre

Une guerre peut en cacher une autre

Et misst eigentlech evident sinn, datt mir op dëser Äerd just Gäscht op Zäit sinn. Wa mir also eng positiv Spuer hannerloosse wëllen, da misste mir vermeiden, ëmmer nees nei zerstéierend „Spueren“ ze produzéieren.

Deemzufolleg steet „onse“ Planéit permanent tëschent Muecht a Verantwortung an – vum Neandertaler bis zum nukleare Knäppchen – huet d’Mënschheet sech vläicht net esou vill verännert, wéi se dat selwer mengt oder gären hätt. Zënter éiwegen Zäite schéngt eng ganz einfach Reegel ze gëllen: Dee mat der déckster „Massue“ kritt déi schéinste Caverne, an hëlt sech d’Territoirë ronderëm direkt mat dobäi.

Am Laf vun de Joerdausenden huet sech dës Method net wierklech geännert, mee just moderniséiert: D’Massue ass zu enger Arméi mat nuklearer Ofschreckungskraaft ginn, d’Caverne, den Territoire an d’Noperschaft sinn zu engem Geflecht vu geopoliteschen Interesse ginn, déi mëttlerweil immens Dimensiounen unhuelen.

De Mënsch, deen sech jo selwer immens gären als „Kroun vun der Schëpfung“ duerstellt, ass a Wierklechkeet eng Spezies, déi tëscht Selbstiwwerschätzung, Verantwortungslosigkeit an enger erstaunlecher Fäegkeet zur Autodestruktioun schwankt.

Gepräägt vun enger gewësser Arroganz an heiansdo och vun enger bemierkenswäerter Duplizitéit, komme mir net derlaanscht, eis d’Fro ze stellen, ob d’Vernonft eis iwwerhaapt wierklech leet, oder si mir am Fong just en „biologeschen Apparat“, dee vu Protagonismus a Muechthonger iwwerleeft?

Kricher begleeden d’Mënschheet zënter si geléiert huet, oprecht ze goen. Si zéien sech wéi eng rout Linn duerch d’Geschicht. Haut zielen international Fuerschungsinstituter weltwäit méi wéi fofzeg bewaffnet Konflikter! An allen Zäiten hunn sech Stëmme fir Fridden a Vernonft erhuewen. Awer vill ze dacks falen d’Decisiounen iwwer Territoiren, Ressourcen an d’Schicksal vu ganze Populatiounen an den Hänn vun deenen, déi d’Muecht iwwer d’Vernonft stellen.

An enger Zäit, an där d’Spannungen op ville Plaze rasant zouhuelen – une guerre pouvant en cacher une autre – kléngen esou Iwwerleeunge leider méi aktuell wéi jee. De Fanger, deen iwwer dem berüchtegte roude Knäppche schwieft, symboliséiert eng geféierlech Realitéit: de Versuch, sech duerch Gewalt an Drohunge Muecht, Afloss an Dominanz iwwer aner ze sécheren. Eng eenzeg impulsiv Entscheedung kéint duergoen, fir „eisen“ Planéit definitiv ze zerstéieren.

Am Fong bleift de Krich dat, wat en ëmmer war: e Monument vun der mënschlecher Dommheet, gedriwwen duerch Angscht, Haass an enger scheinbar onersättlecher Loscht no Muecht an Territoiren. Deemno gëtt et ëmmer méi dréngend, eist Verhältnis zu eisem Planéit – an eis Verantwortung vis-à-vis vun de kommende Generatiounen – nei ze iwwerdenken. Well wann de Fortschrëtt sech am Fong just dora weist, datt d’Massue vum Neandertaler haut en nukleare Knäppchen huet, da bleift d’Fro: Wéi vill hu mir wierklech geléiert?

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Enthaltung mit Beigeschmack – ein falsches Signal aus Luxemburg

Leserforum

Kehrt die Atomkraft zurück?

Leserforum

E puer Gedanken nom Ofschloss vun de Rapatriementer betreffend eng Partie Lëtzebuerger aus dem Noen Osten