Leserforum
Steiererklärung: Firwat geet et op eemol nees zréck op Pabeier?
Die Digitalisierung der Steuererklärung sollte das Ausfüllen für die Steuerzahler vereinfachen Foto: Vincent Lescaut
Ech wëll mat dësem Bäitrag mäin Onverständnis ausdrécken iwwer d’Virgoensweis vun der Steierverwaltung zu Réimech. Fir d’Steierjoer 2024 konnt ech meng Steiererklärung („déclaration simple préremplie“) komplett digital iwwer MyGuichet.lu validéieren – ouni Ënnerbriechung an der digitaler Ketten a mat elektronescher Ënnerschrëft. Dat war einfach, effizient a biergerfrëndlech.
Elo kréien ech fir 2025 e Bréif, an deem ech opgefuerdert ginn, meng „déclaration simple préremplie“ manuell op Pabeier ze iwwerpréiwen, manuell ze ënnerschreiwen an ausgerechent nees per Post zréckzeschécken. Dat stellt fir mech e klore Schrëtt zréck duer. Op meng Nofro beim Steierbüro zu Réimech krut ech keng richteg Explikatioun, ausser datt ech soll maachen, wat am Bréif steet. Firwat dës Prozedur net weider digital ka lafen, obwuel dat d’lescht Joer ouni Problem méiglech war, gouf mir net erkläert.
Ech fannen dat net normal. An enger Zäit, wou d’Digitaliséierung ëmmer méi wichteg gëtt, erwaarden d’Biergerinnen a Bierger e konsequenten, modernen an effiziente Service. Ee Réckschrëtt op manuell Prozedure wierkt net nëmme veraalt, mee och onnéideg komplizéiert.
Ech hoffen, datt dës Praxis nach eemol iwwerduecht gëtt an d’Digitaliséierung am Sënn vun de Bierger konsequent weidergefouert gëtt.