Leserforum

Single sinn: net e Problem, mee eng Liewensform

Single sinn: net e Problem, mee eng Liewensform

Single sinn ass weder en Echec nach eng Situatioun, déi misst korrigéiert ginn. Fir vill Mënschen ass et eng bewosst Liewensform, déi hinne Fräiheet, Rou a Wuelbefanne bréngt.

Trotzdeem gëtt nach ëmmer dacks d’Gefill vermëttelt, datt ee just als Koppel richteg glécklech ka sinn. Filmer, Reklammen a sozial Netzwierker weisen eis bal all Dag dat Bild vum perfekte Puer. Wien eleng lieft, muss sech heiansdo nach ëmmer erklären. Awer d’Realitéit ass vill méi nuancéiert.

Natierlech kann eng glécklech Bezéiung ee vun de schéinste Kaddoe vum Liewe sinn. Wann zwee Mënschen sech respektéieren, ënnerstëtzen a gär hunn, da kann dat e grousse Räichtum sinn. Mä net all Koppel ass automatesch glécklech. Ech kenne Koppelen, déi scho laang net méi aus Léift zesumme sinn, mee aus Gewunnecht. Anerer bleiwen zesummen aus Angscht virum Neien oder aus finanzielle Grënn. Dat ass keng Kritik, mee eng Erënnerung drun, datt de Familljestand net automatesch e Mooss fir Gléck ass.

Single sinn heescht och net automatesch eleng sinn. Vill Singles hunn eng enk Famill, gutt Frënn, spannend Projeten an e räicht soziaalt Liewen. Si kënnen hir Zäit no hiren eegene Wäerter gestalten an hir Entscheedunge selwer treffen.

Single si bedeit awer och, Verantwortung fir säin eegent Liewen ze iwwerhuelen. Vill Singles kënnen net ëmmer op eng aner Persoun zréckgräifen, wann eng wichteg Entscheedung muss geholl ginn oder wann e Problem entsteet. Si léieren, sech selwer ze organiséieren, Erausfuerderungen unzegoen an op hir eege Stäerkten ze vertrauen. Dat ass net ëmmer einfach, mee et schaaft dacks eng grouss Onofhängegkeet, Selbstvertrauen a bannenzeg Kraaft.

Och Léift, Zäertlechkeet a mënschlech Noperschaft sinn net nëmme fir Koppele reservéiert. Och als Single kann een déif a wäertvoll Momenter mat engem anere Mënsch deelen. Heiansdo hu grad dës Momenter eng besonnesch Qualitéit, well se net aus Gewunnecht entstinn, mee aus engem éierleche Wonsch, Zäit mat eneen ze verbréngen. Heiansdo ass et besser, eleng a glécklech ze sinn, wéi zu zwee an onglécklech. Dofir ass déi wichtegst Fro net „Bass du Single oder a Koppel?“, mee ganz einfach: „Bass du glécklech?“

Zum Schluss wëll ech och meng Zefriddenheet ausdrécken, datt d’lëtzebuergesch Regierung mat der Steierreform e Schrëtt an déi richteg Richtung mécht. An enger moderner Gesellschaft gëtt et net méi nëmmen ee Modell vum Gléck. Et gëtt glécklech Koppelen, glécklech Familljen, awer och glécklech Singles. All dës Liewensforme verdéngen dee selwechte Respekt an eng gerecht Behandlung.

Ech hu mat de Jore geléiert, dat Gléck net dovunner ofhänkt, ob een eleng oder zu zwee lieft, mee dovunner, ob een am Fridde mat sech selwer ass.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Kann Glucksmann Le Pen stoppen?

Leserforum

„Justification usurpée …!“

Leserforum

Fluchtursachen anstatt Flüchtlinge bekämpfen