Leserforum
Schoul ass kee Versuchslabor
Wéi ech déi Propositioune gelies hunn a verschidden Interviews gelauschtert hunn, fir an de Schoulen unisex Toiletten anzeféieren, hunn ech am éischte Moment geduecht, et wier eng Zort Witz. Fir sécher ze sinn, hunn ech op de Kalenner gekuckt. Nee. Et war net den 1. Abrëll.
Tëschenzäitlech hu verschidde Parteien hir Positioun zu unisex Toiletten an de Schoulen nees „nuancéiert“. Offiziell well d’Iddi falsch verstane gi wier. Inoffiziell well d’Oppositioun aus der Bevëlkerung méi staark war wéi erwaart. An do soll een d’Leit net fir domm verkafen. Verschidde Politiker, déi sech nach viru kuerzem offensiv fir unisex Toiletten agesat hunn, sinn op eemol bemierkenswäert roueg ginn.
D’Schoul ass keng ideologesch Tribün, mee e sensibele Liewensraum. An der Pubertéit ass d’Bezéiung zum eegene Kierper an zur Intimitéit besonnesch empfindlech. Dat ass Realitéit. De Verglach mat der Famill, wou et och keng getrennten Toilettë géif ginn, gräift ze kuerz. Eng Schoul ass en ëffentleche Kollektivraum.
Toiletten unisex anzeféieren heescht net just, e Schëld ze ersetzen. Et heescht, an en intime Raum anzegräifen a praktesch Problemer ze schafen: manner Urinoiren, méi Gedrécks, méi Waardezäiten, méi Aggressiounen. Fortschrëtt fillt sech anescht un.
Problemer entsti seelen aus béisem Wëllen, mee aus Iddien, déi net bis zum Schluss geduecht goufen. Onwuel sinn, Drock oder onpassend Verhale verschwannen net, well een se ideologesch ewechdefinéiert.
Et gëtt Alternativen: Eenzel Toilettë wéi déi ze brauchen a wéi bis elo Toilettë fir Männer/a fir Fraen, ouni e Modell op jiddereen opzezwéngen. D’Intimitéit ze respektéieren, ass kee Réckschrëtt. Et ass gesonde Mënscheverstand.