Leserforum

Pacta sunt servanda …

Pacta sunt servanda …

No gewaltegem Drock vun der CGFP ass de Gesetzesentworf fir d’Grënnung vun der lëtzebuergescher Agence fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten (ALMPS), an der Form vun engem Etablissement public no Privatrecht, iwwerschafft ginn, soss hätte si gewerkschaftlech Mesuren ergraff. Der Regierung hiren Amendement gesäit elo een Etablissement de Droit public un.

D’CGFP seet, den Accord salarial vun 2002 hätt virgesin: En effet, l’accord salarial du 21 mars 2002, signé entre le gouvernement de l’époque et la Confédération générale de la Fonction Publique CGFP, avait très clairement stipulé que, „en exécution des recommandations de l’Institut européen d’administration publique de Maastricht, les lois ayant créé ou créant des établissements publics garantiront au personnel concerné le régime de statut public pour des raisons d’harmonisation, de transparence et d’équité“. Pacta sunt servanda!

Nach eng Kéier zitt d’CGFP Kaart vum Pacta sunt servanda. Wou kann een als Regierung op Basis vun der Erfarung nach esou eng Gummiklausel akzeptéieren?

Den 31. Januar 2025 beim Depot vum Projet de loi schreift d’Madamm Deprez am Exposé des motifs: En ce qui concerne son statut, la future Agence doit prendre la forme d’un établissement public avec une gestion sous forme de droit privé. Ce mode de gestion permet de répondre adéquatement aux défis d’une Agence des médicaments et produits de santé au Luxembourg, en offrant une plus large autonomie et en permettant plus de flexibilité, notamment dans le recrutement de ressources spécialisées en la matière.

No dem Diktat vun der CGFP koum et elo zu engem Revirement, an d’Regierung huet den 12. Juni 2026 een Amendement deposéiert, an o Wonner, elo gesäit den Exposé des motifs esou aus.

Ces amendements permettent de tenir compte des observations … Que des nouvelles orientations adoptées à la suite de l’introduction d’une Commission CGFP en date du 28 octobre 2025. Ainsi, le projet de loi évolue vers un modèle garantissant le statut public des membres de la Direction et du personnel de l’Agence. Ceci répond à la nécessité d’assurer une stabilité et une indépendance de gestion indispensables à l’accomplissement des missions de santé publique de l’Agence ...

A contrario bedeit dat, datt de Laboratoire national de Santé an d’Centrale nationale d’achat et de logistique keng Stabilitéit an Onofhängegkeet garantéieren, well dës no Droit privé fonctionéieren. Eng rezent Affaire beweist och, datt et keen Etablissement no Droit privé brauch, fir datt Skandaler beim Statsapparat passéieren.

Et gouf vun der CGFP behaapt, datt de Schutz vun der Gesondheet ee vun den Objectifs à valeur constitutionnelle ass, esou wéi en an der Sektioun 4 (Artikel 41) vun eiser Verfassung definéiert ass. De Gesondheetsschutz ass an eiser neier Verfassung awer leider kee Grondrecht, an net emol een Staatszil. D’Fiche d’impact vum Projet vum Gesetz ass kloer: Le projet contribue-t-il à la réalisation des objectifs à valeur constitutionnelle? Non.

D'Europäesch Kommissioun huet gefuerdert, datt ëffentlech Ariichtungen an 6 primären Secteure, dorënner dee vun der Gesondheet, och fir EU-Auslänner mussen opgemaach ginn, well dës Plaze weder eng Ausübung vun der ëffentlecher Gewalt betreffen nach Funktioune betreffen, déi d’Oprechterhale vun den Interesse vum Staat als Objet hunn.

CGFP a Regierung sinn elo also der Meenung, datt et besser ass, wéi beim CNA, deen och een Etablissement public de droit public ass, een net qualifizéierte Lëtzebuerger mat Lëtzebuergesch-Kenntnisser anzestellen an domat den Dogma vun der chasse gardée respektéiert bleift.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Euthanasie

Leserforum

„Leurre politicien“

Leserforum

Mehr Grün für die Stadt Luxemburg!